D’Famill Thiry vu Schuller huet e Mëllechkéi- a Maschtbetrib. Donieft bedreift se och Pouletsmascht an zënter 2013 och eng kleng Molkerei op hirem Haff.
Um Bauerenhaff schaffen 8 Leit an do ass d’Famill Thiry mat Häerz a Séil dobäi.
Ënner anerem si si fir hir „Fair-Mëllech“-Produite bekannt. D’Pallett geet vu Mëllech iwwer Jugurt bis zu Pudding a Glacen. Et trëfft een och ëmmer méi reegelméisseg an de kale Rayone vu verschiddene Butteker op hir Artikelen, well et se mëttlerweil op ganz ville Plazen am Land gëtt.
Natierlech kann een hir Produiten och direkt um Haff selwer kafen. Egal ob um Haff oder am Buttek, et kritt een d’Produite mat der Garantie, datt um Wee tëschent der Kou an dem Buttek nëmme 24 Stonne leien.
D’Mëllechproduite vun der Molkerei gi mat enger naturbeloossener Mëllech verschafft a ginn net sou, wéi mir et kennen, op traditionell Aart a Weis opgewiermt. Dat heescht, datt déi Mëllech nëmme pasteuriséiert gëtt, ouni Fett aus der Mëllech erauszehuelen. Et kommen och keng Zousazstoffer dran.
Dat Ganzt fänkt awer och scho beim Ziichte vun de Källefcher un: D’Déiere stinn d’ganzt Joer haaptsächlech op der Weed, fir sech ze ernären. Vun Abrëll bis Oktober sti se souguer Dag an Nuecht drop. Bei all hiren Déiere gëtt op eng geneetesch verännert Ernärung verzicht.
Déi gëtt am klenge familiäre Bauerebetrib och groussgeschriwwen. Eng aartgerecht Déierenhaltung bedeit, datt d’Déieren op éischter Plaz stinn. D’Kéi kënne mindestens 180 Deeg am Joer fir op d’mannst 6 Stonnen den Dag frëscht Gras op de Weede ronderëm den Haff friessen.
Vu Mee bis Oktober kënnen d’Kéi dann och bis zu 20 Stonnen den Dag eraus op d’Weed goen an hiert Fudder kënnt aus eegenem Ubau. Op 2 % vun der Betribsfläch sti Beem an Hecken a 5 % vun der Betribsfläch sinn Deel vu Biodiversitéitsprogrammer.
D’Produktioun vun de Mëllechproduite verleeft an der hauseegener Molkerei an et gëtt gekuckt, datt d’Transportweeër kuerz gehale ginn, fir méi schounend a puncto Ëmwelt ze sinn.
D’Molkerei-Infrastruktur ass souguer mat enger Fotovoltaikanlag ekipéiert ginn.
2015 ass d’Mëllech-Quot an der Europäescher Unioun ofgeschaaft ginn an doduerch ass de Baueren net méi virgeschriwwe ginn, wéi vill Mëllech se produzéieren däerfen. Dës Decisioun war getraff ginn, fir déi deemoleg Kris an der Agrarproduktioun an de Grëff ze kréien.
Nodeems d’Corona-Kris de Baueren e Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet, hu se et elo mat de Follge vum Ukrain-Krich ze dinn. Duerch dëse Konflikt sinn d’Präisser vun de Rostoffer, wéi zum Beispill Stroum, an d’Luucht geklomm, wat d’Produktioun fir d’Bauere méi deier gemaach huet. Dat huet zu engem Ongläichgewiicht tëschent de Produktiounskäschten an dem reelle Mëllechpräis um Marché gefouert.
Et schéngt awer, wéi wa sech den Agrarproduktiounsmaart momentan berouegt hätt. D’Erklärung läit wuel doranner, datt d’Energiepräisser erëm zeréckgaange sinn an datt d’Produktiounskäschte mat erofgaange sinn. Doduerch kënnen d’Lëtzebuerger Baueren erëm eenegermoossen um Marché mathalen.
Zu Lëtzebuerg ginn et aktuell 570 Mëllechproduzenten.
En Artikel vum Soumya Kerroumi