Mir wëllen halen, wat mer hunn Luxembourg under destruction

Zu Lëtzebuerg gi vill schéin al Gebaier, amplaz renovéiert ze ginn, einfach ofgerappt. Eng Facebook-Grupp befaasst sech mat deem Theema a post „vorher/nachher“-Fotoe vun den Haiser. Mir hunn eis mam Admin vun dësem Grupp ënnerhalen, dem Peter Kleijnenburg.

Gudde Moie Peter, Dir sidd den Admin vum betreffende Facebook-Grupp. Wéini hutt Dir dee Grupp erstallt a wat war d’Haaptiddi am Ufank?

Ech hunn dee Grupp am Dezember 2019 gegrënnt, wéi ech duecht, datt ech genuch „virdrun an duerno“-Fotoe vun Destruktioune vu wonnerschéinen Haiser gesammelt hätt, fir se deeglech ze posten. Awer amplaz, datt dës Fotoe mer ausgaange sinn, ginn et der ëmmer méi. Et ass trauereg an alarméierend.

Mir hunn e puer Protester organiséiert, déi och an den Zeitunge waren, fir Opmierksamkeet ze kréien. Ee war bei der Villa Marx op 121, Avenue du X Septembre. Dunn hate mer och e Protest beim wonnerschéinen 1861er-Bauerenhaff zu Mamer, deen elo ofgerappt gouf. Nieft de verschiddene Protester hu mir d’Petitioun 1638 lancéiert, fir e bessere Schutz vum lëtzebuergeschen architekturalen Ierfgutt. Mir haten iwwer 5 200 Ënnerschrëfte gesammelt a mir hunn dës och an der Chamber ofginn. Et ass awer näischt geschitt.

Mir hate proposéiert, datt all Gebai, dat méi al ewéi vun 1955 ass, eng Zort automatesche Schutz kritt. An deem Fall misst de Besëtzer fir d’éischt beim Service des sites et monuments nationaux ufroen, ob hien et ofrappen däerf. Awer de Kulturminister war dogéint.

Elo ass et grad ëmgedréit: et dauert 10 Joer, fir Gebaier proaktiv ze schützen. Et wäert näischt méi iwwereg si fir ze schützen an dat weist eise Grupp all Dag.

Dir sidd kee Lëtzebuerger, wéi laang wunnt Dir schonn hei an hutt Dir déi selwecht Problemer an deem Land, an deem Dir virdru gelieft hutt?

Ech wunnen elo zënter 10 Joer zu Lëtzebuerg. Ech mengen, datt dëse Problem eng richteg lëtzebuergesch Krankheet ass. Ech kommen aus Holland a bei eis ass an de 60er-, 70er- an och nach 80er-Jore vill ofgerappt ginn. Awer zënter ville Jore gëtt alles, wat Schutz verdéngt, och geschützt. D’Stied an d’Buergermeeschtere sinn houfereg op hir Monumenter a wëlle se fir jiddereen an déi zukünfteg Generatiounen erhalen. Zu Lëtzebuerg schéngt et de Géigendeel ze sinn.

Dir hutt d’lescht Joer am September e Protest organiséiert. Ëm wat ass et do genee gaangen an huet en eppes bruecht?

D’Protestaktioun vum September 2020 war an der Rue de l’Aciérie/Route d’Esch zu Hollerech. E wonnerschéint Gebai aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert mat Naturstengdekoratioune ronderëm d’Fënsteren an d’Diere gouf hei ofgerappt. Et ass gutt, datt d’Press eis Aktiounen ëmmer erëm verëffentlecht, domat kréie mir Opmierksamkeet. Awer politesch hu mir kee Succès. Si si un der Meenung vum Vollek interesséiert? Mir hunn de Schutz vun dësem Gebai gefrot, awer de Minister sot, et wier ze spéit, well d’Stad Lëtzebuerg d’Demolitioun schonn autoriséiert hätt. Mir hunn och de Schutz fir déi ganz Strooss gefrot a gesot kritt, et wier ze spéit, well d’Autorisatioune schonn do wieren, obwuel dës nom Protest ausgestallt goufen.

Firwat sollte mir al Gebaier schützen an net ofrappen, fir nei modern Appartementshaiser ze bauen?

Al Gebaier hu Charakter a Geschicht. E Bauerenhaff ka genee esou wichteg sinn ewéi eng Maison de maître oder eng Kierch, e Gemengenhaus oder eng al Schoul. Si si wichteg fir datt d’Leit sech „doheem“ fillen. Wann alles ronderëm ofgerappt gëtt, fillen d’Leit sech friem. Wann e Gebai schonn 100 Joer steet, ass et dann net méi ekologesch et nach weider 100 Joer stoen ze loossen? Hei heescht et: „Et ass net méi an der Norm.“

Brauche mir net méi Wunnraum fir d’Leit a mussen dofir ofrappen, fir nei Appartementer kënnen ze bauen?

Jo, mir brauche méi Wunnraum. Awer ofrappe mécht de Problem schlëmmer. Et gëtt esou vill Plaz fir ze bauen. An dofir musse mir keng Parken a Gréngflächen afferen. Den enormen Terrain op der Stäreplaz wäert bebaut ginn. Den ale Villeroy&Boch-Site gëtt neigemaach. Hanner der Areler Strooss a Richtung Kierch ass masseg Plaz. D’Cloche d’Or ass ëmmer nach voll am Bau. Dat selwecht um Kierchbierg. Mussen al Haiser ofgerappt gi fir Wunnraum? Nee, op kee Fall.

Ass et méi bëlleg oder wirtschaftlech méi interessant, Gebaier ofzerappen an eppes Neies ze bauen amplaz se ze renovéieren?

Natierlech ass et wirtschaftlech méi interessant, fir nei ze bauen! Dat ass den Haaptgrond! Wann Dir e schéint Haus hutt, an Dir ersetzt et duerch e Küb mat 4 Appartementer, da maacht Dir e schéine Profit. Ech verstinn dat, awer alles ronderëm ofzerappen, ass wierklech Kuerzzäitdenken.

Suergt Dir Iech besonnesch fir Gebaier vun engem gewëssen Alter, déi ënner Denkmalschutz stinn oder och fir al Gebaier am Allgemengen?

Ech perséinlech interesséiere mech fir verschidde Perioden, alles mat Natursteen. Zu Lëtzebuerg hunn ech ofgerappte Gebaier aus dem 18. an 19. Joerhonnert, bis bei den 1930er-Art-Deco-Stil gesinn. De Slogan schéngt „alles muss ewech“ ze heeschen. Déi verschidde Periode weisen d’Geschicht vun enger Stad a wéi se gewuess ass a sech entwéckelt huet. Dofir geet et net nëmmen ëm d’Schéinheet, mee och ëm déi ganz Kohäsioun an d’Harmonie vun enger Stad oder engem Duerf.

Wat sinn Är Ziler fir d’Zukunft?

Ech hoffen natierlech, datt sech eppes ännert, datt d’Politiker den Drock vun der ëffentlecher Meenung spieren a lauschteren. Eise Grupp huet méi ewéi 2.500 Memberen an e wiisst all Dag. An da ginn et nach vill Leit, déi mat eis averstane sinn, déi kee Facebook benotzen.

Wësst Dir, datt, wa Leit en Haus ënner Denkmalschutz zu Lëtzebuerg kafen, vill Reegele musse befollegt ginn, wann et ëm d’Renovéiere geet, a si fir alles eng Erlabnes brauchen? Dat ass e grousst Hindernis fir Keefer.

Dat geet heiansdo vläicht wierklech e bësse wäit. Ech kann dat net beurteelen. Et ass genee d’selwecht zu Amsterdam.

Wat seet d’Politik dozou?

De Minister Turmes sot: „Dat Wuert Demolitioun wäert aus dem Lëtzebuergesche verschwannen, an ersat ginn duerch Dekonstruktioun.“ Dat ass e Witz.

An da gëtt et ganz wéineg Schutz zu Lëtzebuerg. Ech hu schonn dacks bei der Stad Lëtzebuerg nogefrot fir verschidde Gebaier. D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet e puer Mol geäntwert, datt si keng Demolitiounsufro refuséiert, wann d’Gebai net geschützt ass. Dat war eng kloer Ausso, zemools wann esou wéineg Gebaier geschützt sinn. A wa mir dann den Denkmalschutz beim Minister ufroen, kréie mir reegelméisseg als Äntwert, datt si d’Prozedur net ufänken, well d’Stad der Demolitioun schonn zougestëmmt huet.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.