Mini-Entreprisen, e geniale Projet

Am Lycée weess een oft nach net, wat fir e Beruff een am spéidere Liewe maache wëll. De Projet „Mini-Entreprises“ gëtt de Jonken d’Méiglechkeet, hir éischt Erfarungen ze sammelen an ze gesinn, wat et heescht, als Selbstännegen e Betrib opzemaachen. A fir dat Ganzt nach méi interessant ze maachen, gëtt dëse Projet als nationale Concours organiséiert, wou ee flott Präisser gewanne kann. Déi bescht Mini-Entreprise vertrëtt da Lëtzebuerg och nach op engem europäesche Concours. Esou muencher eng vun dëse Mini-Entreprisen huet sech och schonns am Uschloss zu enger richteger Entreprise entwéckelt.

D’Associatioun Jonk Entrepreneuren Luxembourg, déi am Joer 2005 gegrënnt gouf a fir dëse Projet verantwortlech ass, wëll de Schüler d’Loscht an d’Freed vermëttelen, als Selbstännegen aktiv ze ginn a selwer e Betrib ze féieren. De Konzept ass einfach: Wärend engem ganze Schouljoer léieren déi Jugendlech am Alter tëschent 16 an 19 Joer, e Betrib ze grënnen an ze leeden, andeems si e Produit oder eng Déngschtleeschtung entwéckelen an dës och vermaarten. Genee wéi am reelle Liewe këmmeren si sech ëm d’Finanzen an de Marketing a sollen dobäi awer och den Aspekt vun der nohalteger Entwécklung net aus den Aen verléieren. „D’Schüler léieren, sech unzepassen an Entscheedungen ze treffen, wat se besser op dat spéidert Beruffsliewe virbereet“, seet d’Stéphanie Damgé, d’Directrice vun der ASBL. D’Schüler gi vun engem Proff an engem Coach aus der Privatwirtschaft ënnerstëtzt.

Duerch hir Erfarungen an dësem Projet entdecken déi Jugendlech hir Fäegkeeten an hiert Potenzial, mat Schwieregkeeten eens ze ginn. Si mussen de Projet an enger Ekipp ëmsetzen a léieren esou, wéi wichteg et ass, sech op deen anere verloossen ze kënnen. Och wann déi Jugendlech vun engem Projet iwwerzeegt sinn, esou heescht dat nach net, dass de potenzielle Client et och ass. Esou mussen si net nëmmen un der Entwécklung an der Finanzéierung vun hirer Iddi schaffen, mee och de Marketing an d’Kommunikatioun musse klappen.

Den Erfolleg vum Konzept ass net ze iwwersinn. Eleng am Schouljoer 2021/2022 hu iwwert 1000 Schülerinnen a Schüler, opgedeelt op 101 Ekippen aus 23 Lycéeën, un der Aventure deelgeholl. Ugefaangen huet et mat 30 Mini-Entreprisen am Joer 2014, an d’Zuel vun 100 wäert am aktuelle Schouljoer sécherlech iwwertraff ginn. Säit der éischter Finall am Joer 2001 sinn esou 646 kleng Betriber entstanen. Och de Coronavirus konnt dësen Erfolleg net bremsen. „D’Coronakris hat absolut keen Afloss op d’Unzuel vun de Participanten“, verséchert d’Stéphanie Damgé. An de Joren 2020 an 2021 ass de Concours tëschent de Mini-Entreprisen an engem Hybridformat ofgehale ginn, éier en dëst Joer erëm an den normale Presentiel iwwergaangen ass.

D’Finall vun der 21. Editioun war den 9. Juni am Kinepolis um Kierchbierg. Vu 16 Finaliste konnt um Enn Citygum, d’Mini-Entreprise vum Mika Witry, Loïc Hoffart, Leo Gehlen, Thibaut Mailliet a Julian Millim den éischte Präis als beschte Mini-Entreprise gewannen. D’Schüler am Alter tëschent 17 an 18 Joer aus dem Lycée Aline Mayrisch wollten e Produit entwéckelen, deen si selwer all Dag benotzen an deen nach net hei am Land produzéiert gëtt. Nodeems si méi ewéi ee Rezept aus dem Internet probéiert haten, ass et hinne gelongen, e Knätschgummi op Basis vu Chicle, engem Gummi, deen aus dem wäisse Latex vum Sapotillbam aus Mexiko gewonne gëtt a vun engem däitsche Liwwerant geliwwert gëtt, ze schafen. Fir datt de Knätsch och e gudde Goût kritt, kommen Zitrounesaier, Aromen (Waassermeloun an Zitrounementhe) a Glukos derbäi, erkläert eis de CEO Leo Gehlen. Déi vegan Séissegkeet kann een an enger klenger Këscht ouni Plastik, déi 10 Stécker Knätsch enthalen, fir 2 Euro, an der Schoul an am Buttek Stitch an der Stad, kafen. Säit der éischter Vente am Mäerz 2022 op engem Stand an der Belle Etoile goufe laut dem Mika Witry, dee fir d’Finanzen an d’Comptabilitéit zoustänneg ass, 1.200 Këschte verkaf.


Déi fënnef Schüler hu Lëtzebuerg dann och um Gen-E-Festival zu Tallinn an Estland an der Kategorie „JA Start Up“ leschte Juli vertrueden. Mat derbäi op dësem Festival waren awer och d’Clémentine Offner an den Ivo Silva, déi mat hirem generatiounsiwwergräifende Wunngemeinschaftsprojet WeConnect an der Kategorie Universitéit deelgeholl hunn.

WeConnect huet dann och de FedEx-Präis gewonnen, deen net nëmmen aus enger Koppel Airpods bestanen huet, mee virun allem och aus dem Versprieche vun engem Mentoring vun der US-Firma FedEx.


Déi zwee Zwanzegjäreg hate schonn 2020 mat hirer Mini-Entreprise FrëschKëscht de Concours vun de Mini-Entreprisë gewonnen. Hir Këschten, déi mat lokalem Uebst gefëllt a mat engem klengen Extra (enger Packung Téi oder Gebeess) opgepeppt waren, hu si u Societéite geliwwert. Säitdeem ass déi kleng Firma gewuess an huet hire Konzept geännert. Haut produzéieren si Geschenkkëschte fir Chrëschtdag fir ronn 20 Clienten.


Laut dem Ivo Silva, engem vun deenen 2 Associéen, déi nach bei der Entreprise sinn (gestart haten si de Projet zu 5 Schüler), sinn d’Mini-Entreprisen e geniale Projet. Et kann een seng éischt Erfarungen als Selbstännege maachen an et bleift een trotzdeem an engem „geschützte“ Kader. Et gëtt ee vun engem Proff an engem Coach aus der privater Betribswirtschaft ënnerstëtzt. D’Erfarung aus der Schoul an der Mini-Entreprise ginn engem nach méi . „Et tauscht een sech mat Leit vum Terrain aus“, seet dee jonke Mann, deen haut Wirtschaftswëssenschaften op der Uni Lëtzebuerg studéiert. „Den Erfolleg vun dësem Projet huet dozou gefouert, dass ech net gewaart hu bis zum Universitéitsofschloss, fir en eegene Betrib ze grënnen, mee zesumme mam Clémentine direkt eis Mini-Entreprise als richtege Betrib parallel zum Unisstudium weidergefouert hunn.“

Am Joer 2015 huet d’Mini-Entreprise Konter a Matt de Concours gewonnen. De Michel Logeling (25), ee vun de Grënner, wollt dat traditionellt Kaartespill bei jonke Leit erëm an d’Gediechtnes bréngen. Nom Concours blouf de Projet awer net bestoen, well d’Membere vun der Ekipp studéiere gaang sinn. Wärend sengem Studium an de Wirtschaftswëssenschaften zu Stroossbuerg huet hien säin zukünftege Geschäftspartner, de Jérôme Houdremont (34) kenne geléiert an seng Leidenschaft fir de Marketing entdeckt. Alle béid hu si mat der Produktioun vun Erklärvideoen ugefaangen. Nodeems se ëmmer erëm vun hire Clientë fir nach zousätzlech Déngschtleeschtunge gefrot gi sinn, huet den Duo 2018 beschloss, d’Kommunikatiounsagence Brainplug2 ze grënnen. Zu hire Clienten ziele kleng Betriber, Betriber aus dem ëffentleche Secteur an esouguer de groussherzoglechen Haff. „D’Erfarung als Mini-Entrepreneur huet mech deemools geléiert, de Courage ze hunn, meng eegen Iddien ouni grouss Zweiwelen ze verwierklechen. Et muss een einfach just duerfueren an sech un déi jeeweileg Situatioun upassen“, seet de Michel Logeling. „Fir mech war et eng schéin Erfarung. Ech profitéieren haut nach vu Kontakter, déi ech deemools als Mini-Entrepreneur knëppe konnt an déi mir esou gehollef hunn, lues a lues e Reseau vu Kontakter opzebauen, op déi ech haut ziele kann!“

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.