De Mythos op deem Lëtzebuerg gegrënnt ginn ass

D‘Geschicht ronderëm d‘Léift tëschent dem Grof Siggi an dem Melusina ass ee vun de Mythen ronderëm d‘Urspréng vun eisem klenge Ländchen. Si huet esou muencher Kënschtler am Ausland, awer och hei am Land inspiréiert an huet esou guer e franséische Pendant!

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

D‘Legend vum Melusina erzielt datt de Grof Siggi e gudde Jeeër war. Enges Dages huet hien sech op der Juegd veriert an ass am Uelzecht Dall no beim Bockfiels gelant op deem d‘Ruinen vun engem alen réimesche Lager stoungen.

Op emol huet hien e wonnerbare Gesang aus dem Fiels héieren. Wéi hien dem Klang nogaangen ass huet hien e wonnerschéint Meedchen gesinn dat op de Ruinen vum Fort souz, dat war d‘Melusina. Schnell war de Grof hirem Charme verfall a konnt d‘Melusina net vergiessen. No enger laanger Sich huet de Siggi hatt endlech erëm fonnt an huet ëm seng Hand ugehalen. D‘Melusina huet akzeptéiert seng Fra ze ginn, huet awer zwou Konditioune gestallt: si däerf de Fiels net verloossen a Samschdes däerf de Siggi d‘Melusina net gesinn well hatt op deem Dag eleng wéilt sinn. De Siggi versprécht dës Konditiounen ze respektéieren.

Am Joer 963 keeft de Grof dann de Bockfiels a baut dorop seng Buerg mam Numm Lucilinburhuc aus dem spéider d‘Stad Lëtzebuerg entsteet. Vill Joren, an deenen d‘Melusina 7 Kanner gebuer huet, lieft d‘Koppel glécklech zesummen. De Siggi hält säi Wuert an huet seng Fra op de Samschdeger ni gestéiert, nach gefrot wat si deen Dag mécht. Awer enges Dages huet de Virwëlz hie gepaakt an hie kuckt duerch d‘Schlëssellach fir ze gesinn wat seng Fra mécht. Wéi hie méi genee gekuckt huet, huet hie gesinn datt d‘Melusina e Fëschschwanz als Féiss hat. Erféiert entfiert dem Siggi en haarde Laut. Wéi Melusina bemierkt huet wat lass ass huet hat d‘Flucht ergraff an ass an d‘Uelzecht gesprongen a säitdeem ni méi opgetaucht. Nach haut gëtt erzielt datt d‘Melusina all 7 Joer erëm optaucht an drop waart datt een hat aus der Uelzecht befreit.

Eng Fee als Hausbauer

Vun der Geschicht ronderëm d‘Melusina an de Grof Siggi existéieren ënnerschiddlech Varianten. Eng erzielt vun engem Siegfried dee seng Séil un den Däiwel huet musse verkafen fir d‘Festung Lucilinburhuc (déi éischt zwou Silben Luci stinn fir Luzifer, den Däiwel) bauen ze kënnen. Eng aner erzielt datt d‘Melusina am Besëtz vun engem Schlëssel ass, deen, wann een hir en ewech hëlt, aus der Uelzecht erëm eraus kënnt. Ee vum Siggi sengen Zaldoten soll dat versicht hunn an an deem Moment wéi hien nom Schlëssel gegraff huet, huet een aus dem Uelzecht Dall e béist Knouteren héieren. Vun Angscht ass den Zaldot fortgelaf.

De Mythos vum Melusina huet vill Lëtzebuerger Kënschtler inspiréiert. Den bekannten Auteur Nico Helminger zum Beispill schreift de Libretto fir d‘Oper Melusina déi 1995 vum Camille Kerger komponéiert gouf an d‘Regisseurin Laura Schroeder mécht si 2012 zur Haaptfigur am Film „Das Geheimnis der Melusina”. Dat opfällegst Wierk ronderëm d‘Melusina ass awer déi mof Statu vum Serge Ecker déi 2015 am Gronn um Ufer vun der Uelzecht opgestallt gouf. Op internationalem Niveau gouf d‘Legend vum Éisträicher Dramatiker Franz Grillparzer, dem Komponist Felix Mendelssohn (Die schöne Melusine) oder och vum franséischen Dichter André Breton a sengem Buch Nadja aus dem Joer 1928 opgegraff. An all dëse Konschtwierker ginn d‘Elementer vun der Meerjungfrau Melusina opgegraff.

Bei eise franséischen Noperen ass Melusina keng Meerjungfrau, mee eng Fee. Et gëtt erzielt datt hir Mamm, d‘Fee Pressine hir dräi Diechter Melusina, Mélior a Palestine mat engem Fluch beluecht hat well si hire Papp Elinas, den Kinnek vun Albanien, beleidegt haten. D‘Melusina gouf mat engem besonneschen Fluch beluecht: all Samschdeg bedecken sech hir Been mat Schuppen a gesinn dann aus ewéi e Schlagenschwanz. Sollt iergendeen Melusina an deem Zoustand gesinn, sollt si ni méi eng mënschlech Gestalt unhuele kënnen. Si bestuet de Raimondin, de Grof vun Poitiers deen sech, änlech wéi de Siggi, bereet erkläert seng Fra Samschdes net ze gesinn. Aus dësem Bestietnes kommen 10 Kanner op d‘Welt vun deenen jiddereen en Handicap hat. Genee ewéi de Siggi probéiert de Raimondin d‘Geheimnis ronderëm seng Fra ze lëften, wat him awer net geléngt! Wéi hien enges Dages seng Fra beim Bueden beobacht stellt hie fest datt den ënneschten Deel vun hirem Kierper ausgesäit ewéi e groussen Schlangeschwanz. Wéi d‘Melusina de Raimondin entdeckt jäizt dës haart a flitt zur Fënster eraus.

Déi Fee, déi als Bauhär vum Schlass vun Lusignan duergestallt gëtt soll Droungen géintiwwer de Festungen déi si fir hire Mann gebaut huet ausgeschwat: „Pouzauges, Tiffauges, Mervent, Châteaumur a Vouvant wäerten all Joer, dat schwieren ech, ëm ee Steen méi zu Gronn goen!“ Aner Geschichten erzielen datt d‘Melusina u muencher Owend an d‘Ruine zeréck kënnt an do ronderëm spukt!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.