D’So vum Melusina erzielt, datt de Grof Siggi e gudde Jeeër war. Enges Daags huet hie sech op der Juegd veriert an ass am Uelzechtdall, no beim Bockfiels, gelant, op deem d’Ruine vun engem ale réimesche Lager stoungen.
Op eemol huet hien e wonnerbare Gesang aus dem Fiels héieren. Wéi hien dem Klang nogaangen ass, huet en e wonnerschéint Meedche gesinn, dat op de Ruine vum Fort souz – et war d’Melusina. Schnell war de Grof sengem Charme verfall an e konnt d’Melusina net méi vergiessen. No enger laanger Sich huet de Siggi hatt endlech erëmfonnt an ëm seng Hand ugehalen. D’Melusina huet akzeptéiert, seng Fra ze ginn, awer zwou Konditioune gestallt: Hatt wollt de Fiels net musse verloossen an datt de Siggi et samschdes net dierft gesinn, op deem Dag wollt et nämlech eleng sinn. De Siggi huet versprach, dës Konditiounen ze respektéieren.
Am Joer 963 huet de Grof dunn de Bockfiels kaf an dorop seng Buerg mam Numm Lucilinburhuc gebaut, aus där spéider d’Stad Lëtzebuerg entstan ass. Vill Joren, an deenen d’Melusina siwe Kanner gebuer huet, huet d’Koppel glécklech zesummegelieft. De Siggi huet säi Wuert gehalen a seng Fra op de Samschdeger weeder gestéiert nach gefrot, wat se déi Deeg gemaach huet. Awer enges Daags huet de Virwëlz e gepaakt an en huet duerch d’Schlëssellach gekuckt, fir ze gesinn, wat seng Fra géif maachen. Wéi e méi genee gekuckt huet, huet e gesinn, datt d’Melusina e Fëschschwanz amplaz vu Féiss hat. Erféiert huet de Siggi gejaut. Wéi d’Melusina gemierkt huet, wat lass war, huet hatt d’Flucht ergraff an ass an d’Uelzecht gesprongen a säitdeem ni méi opgetaucht. Nach haut gëtt erzielt, datt d’Melusina all 7 Joer erëm optaucht an drop waart, datt een hatt aus der Uelzecht befreit.
Vun der Geschicht ronderëm d’Melusina an de Grof Siggi existéieren ënnerschiddlech Varianten. Eng erzielt vun engem Sigfrid, dee seng Séil un den Däiwel huet musse verkafen, fir d’Festung Lucilinburhuc (déi éischt zwou Silben, Luci, sti fir Luzifer, den Däiwel) bauen ze kënnen. Eng aner erzielt, datt d’Melusina am Besëtz vun engem Schlëssel ass, deen, wann een hir en ewechhëlt, aus der Uelzecht erëm erauskënnt. Ee vum Siggi sengen Zaldote soll dat versicht hunn an an deem Moment, wéi hien nom Schlëssel gegraff huet, huet een aus dem Uelzechtdall e béist Knouteren héieren. Vun Angscht ass den Zaldot fortgelaf.
D’So vum Melusina huet vill Lëtzebuerger Kënschtler*innen inspiréiert. De bekannten Auteur Nico Helminger zum Beispill huet de Libretto fir d’Oper „Melusina“, déi 1995 vum Camille Kerger komponéiert gouf, geschriwwen an d’Regisseurin Laura Schroeder huet se 2012 zur Haaptfigur am Film „Das Geheimnis der Melusina“ gemaach. Dat opfällegst Wierk ronderëm d’Melusina ass awer déi mof Statu vum Serge Ecker, déi 2015 am Gronn um Ufer vun der Uelzecht opgestallt gouf. Op internationalem Niveau gouf d’Legend vum Éisträicher Dramatiker Franz Grillparzer, dem Komponist Felix Mendelssohn („Die schöne Melusine“) oder och vum franséischen Dichter André Breton a sengem Buch „Nadja“ aus dem Joer 1928 opgegraff. An all dëse Konschtwierker ginn d’Elementer vun der Meerjungfrau Melusina opgegraff.
Bei eise franséischen Noperen ass d’Melusina keng Meerjungfrau, mee eng Fee. Et gëtt erzielt, datt hir Mamm, d’Fee Pressine, hir dräi Diechter Melusina, Mélior a Palestine mat engem Fluch beluecht hat, well se hire Papp Elinas, de Kinnek vun Albanien, beleidegt haten. D’Melusina gouf mat engem besonnesche Fluch beluecht: All Samschdeg hu sech hir Bee mat Schuppe bedeckt an hunn dann ausgesinn ewéi e Schlaangeschwanz. Sollt iergendeen d’Melusina an deem Zoustand gesinn, sollt se ni méi eng mënschlech Gestalt unhuele kënnen. Se huet de Raimondin bestuet, de Grof vu Poitiers, dee sech, änlech wéi de Siggi, bereeterkläert huet, seng Fra samschdes net ze gesinn. Aus dësem Bestietnes koumen 10 Kanner op d’Welt, vun deene jiddwereent en Handicap hat. Genee ewéi de Siggi huet de Raimondin probéiert, d’Geheimnis ronderëm seng Fra ze lëften, wat him awer net gelongen ass! Wéi en enges Daags seng Fra beim Buede beobacht huet, huet e festgestallt, datt den ënneschten Deel vun hirem Kierper ausgesinn huet ewéi e grousse Schlaangeschwanz. Wéi d’Melusina de Raimondin entdeckt huet, huet se haart gejaut an ass zur Fënster erausgeflunn.
D’Fee, déi als Bauhär vum Schlass vu Lusignan duergestallt gëtt, soll Drounge géintiwwer de Festungen, déi se fir hire Mann gebaut huet, ausgeschwat hunn: „Pouzauges, Tiffauges, Mervent, Châteaumur a Vouvant wäerten all Joer, dat schwieren ech, ëm ee Stee méi zu Gronn goen!“ Aner Geschichten erzielen, datt d’Melusina u muencher Owenter an d’Ruinen zeréckkënnt an do hiert Onwiesen dreift.
En Artikel vum Aude Forestier