Placeholder Dummy template

© Vincent Pregardien

Vill méi wéi en Danz

Den Tarek Alnabhan a säi Projet „Contact Improvisation“

Zënter bal zéng Joer ass den Tarek Alnabhan elo zu Lëtzebuerg. Den zäitgenësseschen Danzstil „Contact Improvisation“ huet him dobäi gehollef, Frënn ze fannen a sech ze integréieren. Dem Syrer, dee mëttlerweil e lëtzebuergesche Pass huet, ass et wichteg, eppes zeréckzeginn. Mat sengem Danz-Projet kreéiert hien en essenzielle Raum, dee Brécken tëschent de verschiddenste Kulture baut.

En hell beliichte Yogasall an der Stad. Gutt drësseg Leit vun all Alter beweege sech rhythmesch op live Musek. Hänn probéieren, sech ze fannen, a loossen erëm vunenee lass. Schëllere beréiere sech, ginn e Stéck Wee zesummen, begéinen dann aner Dänzer, mat deene se en neie Wee ufänken. Gären treffen och zwee Récker openeen, raschte kuerz zesummen, bis se sech schliisslech trennen oder sech gemeinsam a virsiichteg Richtung Buedem beweegen. Da kann et sinn, dass d’Kierperen niewentenee krauchen, sech een iwwer deen anere rullen oder villäicht och, wann dat gewënscht ass, an eng Kuschelpositioun iwwerginn. Heiansdo bilt sech e grousse Koup vu Leit, esou dass bal net méi ze ënnerscheeden ass, wéi eng Äerm a Been zu wéi engem Kierper gehéieren. Dat alles geschitt an engem kreativen, improviséierten Zesummespill mat de Museker.

An der Mëtt vum Sall beweegt sech e Mann vu siwenavéierzeg Joer mat muskuléisen Äerm op eng jonk Dänzerin mat ville Piercingen a kuerzen, schwaarzen Hoer zou. Déi zwee kenne sech. Hir Kierperen harmonéiere mateneen. Réck u Réck gi se duerch de Raum. Den Tarek Alnabhan bleift stoen, geet an d’Huppen. D’Laureena Mardini leet sech mat hirem Réck op dem Tarek säin. Mat enger astudéierter Beweegung hieft den Tarek d’Laureena douce an d’Luucht. Déi jonk Fra mécht d’Aen zou, streckt d’Äerm aus, läit a perfekter Balance a mat engem grousse Laachen am Gesiicht um Tarek sengem Réck. E wonnerbaart Gefill vu Fräiheet a Verbindung – dat ass „Contact Improvisation“.

© Ismael Assi 

Vu Syrien aus op Lëtzebuerg

Den Tarek ass Ufank 2016 als Flüchtling aleng op Lëtzebuerg komm. Hien huet säin Heemechtsland Syrie wéinst dem grujelege Biergerkrich misse verloossen. Zéng Deeg huet seng Flucht gedauert a vill Länner huet hie misse passéieren, fir endlech unzekommen. Déi éischt annerhallef Joer ass den Tarek am Foyer Don Bosco um Lampertsbierg ënnerkomm. „Et war net einfach. Virun allem finanziell. Ech hunn eng Aarbecht gebraucht an et ass dorëm gaangen, mech an deem neie Land ze orientéieren“, erzielt hien nodenklech. „Am wichtegsten ass et, Kontakter ze knëppen. Wann s de isoléiert bass, da schaffs de et net, fir wierklech op enger neier Plaz Fouss ze faassen. Ech wollt och net nëmmen ënner Syrer bleiwen, mee vill verschidde Leit kenne léieren.“

Dass den Tarek op Lëtzebuerg komm ass, ass keen Zoufall. Nach zu Damaskus, wou hien a Syrie gewunnt huet, hat hie vum Groussherzogtum héieren. Seng Kontaktpersoun war e Frënd, dee schonn zu Lëtzebuerg gelieft huet – et ass déi éischte Kéier, dass hien eppes iwwer dat klengt Land am Zentrum vun Europa gewuer gouf. Den Tarek huet eng intensiv Internetrecherche ugefaang a war séier vu Lëtzebuerg impressionéiert. Zwee Punkten hunn hie besonnesch beandrockt: déi grouss international Communautéit an de Lëtzebuerger Educatiounssystem mat senge ville Sproochen.

Den Tarek huet et geschafft, en Job am Kulturberäich ze fannen, an huet sech schliisslech en Haus zu Stengefort gelount. Endlech war et esou wäit: Den Terrain war virbereet an hie konnt seng Fra an déi véier gemeinsam Kanner iwwer den offizielle Wee op Lëtzebuerg bréngen. „Meng Kanner sinn direkt hei zu Stengefort an d’Schoul gaangen. Mir war et immens wichteg, dass se an alle Beräicher integréiert wieren. Dofir hunn ech si fir vill Aktivitéite wéi Gymnastik oder Fussball ugemellt“, seet den Tarek. A weider verréit hien houfreg: „Dräi vun hinne sinn elo Teenager an am Lycée classique. Dat ass déi bescht Schoul hei zu Lëtzebuerg.“

© Ismael Assi 

Integratioun a Communautéit

„Contact Improvisation“ (CI) war an ass elementar fir dem Tarek säin Aliewen zu Lëtzebuerg. „De beschte Wee, fir mat anere Leit a Kontakt ze kommen, ass, mat hinnen zesummen Aktivitéiten ze ënnerhuelen. Ech wollt am léifsten eppes mat Danze maachen. Eng lëtzebuergesch Frëndin huet mir vum Gianfranco Celestino a senge CI-Coursen erzielt“, erkläert de Syrer. Hien huet sech direkt beim Gianfranco Celestino gemellt an ni eng eenzeg Stonn verpasst. Déi zwee Männer si gutt Frënn ginn an hunn ugefaangen, zesummen erauszegoen an am europäeschen Ausland CI‑Workshoppen a -Festivaller ze besichen. Den Tarek straalt iwwert d’ganzt Gesiicht: „Ech hu mech komplett an déi spezifesch Form vu modernem Danz verléift.“

No der Coronazäit huet den Tarek d’Rudder vum Gianfranco Celestino senger CI-Grupp iwwerholl. Mat vill Elan huet hie kontinuéierlech Reklamm op de soziale Medie gemaach an eng interkulturell Communautéit ronderëm de Projet opgebaut. D’Grupp vun de Leit ass gewuess, CI gouf ëmmer méi populär zu Lëtzebuerg. Am Joer 2024 huet den Tarek seng Virstellung vu CI zu Lëtzebuerg schrëftlech ausformuléiert a sech zesumme mat der ASBL Muse bei der Œuvre Nationale beworben, fir eng finanziell Ënnerstëtzung ze kréien. De Plang ass opgaang. Fir ee Joer huet de Syrer also e gewëssene Budget, fir d’Museker ze bezuelen oder professionell auslännesch Dänzer op Lëtzebuerg ze ruffen, déi spannend Workshoppen organiséieren, an deenen ee méi déif an dës Form vum spilleresche Kierperausdrock kann andauchen.

© Ismael Assi 

Danzen als Liewensphilosophie

Den Tarek bréngt seng Iddi vu CI op de Punkt: „De Projet baséiert op de Prinzippie vun der Spontanitéit, der Kollaboratioun an dem Selbstausdrock. Et geet drëms, en dynameschen an integrative Raum ze kreéieren, an deem Leit mat verschiddene kulturellen Hannergrënn zesummekomme kënnen, fir Beweegung ze erfuerschen, Verbindungen anzegoen an hiert kreatiivt Potenzial ze entfalen.“ Fir sech selwer seet de Syrer, dass déi Form vun Danz him immens vill fir den Alldag gëtt; se ännert seng Aart a Weis ze denken, bréngt hien de Leit méi no an äert hien och. Insgesamt hätt CI e positiven Effekt op déi mental a psychesch Gesondheet. „Et hëlt dech aus dem Kapp eraus a bréngt dech an de Kierper, an de Flow mam Liewen a mat anere Leit.“

Et ass dem Tarek héich unzerechnen, dass hien zu Lëtzebuerg e wichtege Raum fir déi interkulturell Begéinung geschaf huet. Hei trëfft een op eng grouss Zuel vun internationale Stëmmen a Geschichten. Esou och op d’Laureena Mardini, eng jonk Syrerin, déi zënter August 2023 zu Lëtzebuerg ass an am Moment derfir kämpft, fir kënne fest heizebleiwen. Hir Wierder resuméiere wonnerbar, wéi eng Bedeitung CI kann hunn: „Fir mech ass CI net nëmmen eng Form vun Danz, mee och eng Liewensphilosophie. Se bréngt mir bäi, déi emotional a sozial Dynamike vum Alldag duerch d’Lëns vum Gläichgewiicht ze liesen – wéini maachen ech Plaz, wéini leeden ech a wéini ginn ech geleet. Egal ob duerch direkte kierperleche Kontakt oder e flüchtegen Aekontakt, ech léieren, wéi ech anerer – a mech selwer – mat Éierlechkeet a Suergfalt ka behandelen.“

En Artikel vum Heng Barone

© Charles A. Diatta 

© George Mavromatis 

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.