Méi Kult ewéi Kult: Colette a Fernand, eng Koppel déi een einfach muss gären hunn

„Neen die Schnöss, o mam o Kanner…“ – net eng „Schnöss“, mee zwou sympathesch Schnuffe sinn et, déi bal 30 Joer laang zu Lëtzebuerg mat Lidder begeeschtert hunn, déi och haut nach ëmmer Kult sinn. D’Rieds ass vum Colette a Fernand, en Duo, dee méi ewéi eng Bün hei am Land onsécher gemaach huet. Mat Lidder ewéi „De Jangli Firt Den Houwald Erop“ oder „D’footballslidd“ ass d’Koppel bekannt ginn an huet mat sengen amusanten Texter e Stéck Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen.

Kennegeléiert hunn d’Colette Hoffmann an de Fernand Wark sech 1956 zu Réimech um Crochet, wou d’Colette d’Lidd Ganz Paris träumt von der Liebe virgedroen huet. Et war wuel och bei de jonke Museker direkt Léift am Spill, well nach am selwechte Joer hunn si net nëmmen ugefaangen, mateneen ze freien, ma och zesummen ze sangen. Am Ufank nach haaptsächlech op Däitsch a Franséisch, hunn d’Colette an de Fernand dunn awer relativ séier ugefaangen, hir Mammesprooch a Melodien ëmzewandelen an eege Liddertexter ze schreiwen. Ma wärend zwar bei Hoffmanns doheem ëmmer scho musizéiert ginn ass, koum kee vun der Koppel ursprénglech aus dem Kulturmilieu – au contraire. De Fernand hat eigentlech zu Bréissel de Beruff vum Bäcker geléiert an huet als Reesender Placke verkaf, d’Colette stoung am Supermarché beim Kaffisstand.

Scho fréi ass deenen zwee bewosst ginn, wéi gären si aner Leit mat hiren Talenter entertainen an de Showbusiness huet net laang op sech waarde gelooss. Insgesamt 50 Titelen, eng gëlle Plack, iwwer 160.000 verkaaften CDen a Kassetten a virun allem en Ierwen, dat esou schnell kee méi wäert vergiessen – dat ass d’Liewenswierk vum Colette a Fernand, mat deem si sech hiren Entréesticket an d’Lëtzebuerger Hall of Fame geséchert hunn. Virun allem bekannt gi sinn si duerch hir Optrëtter an der Revue a beim Tirage vun der Lotterie nationale. 1950 ass de Fernand hei déi éischte Kéier mam haislechen Ensembel opgetrueden, knapp siwe Joer méi spéit stoung hien dunn am Duo op der Lotteriesbün.

© Luxembourg Sound

Niewent dem Sangen hat de Fernand awer och eng Passioun fir Witzer an huet vun 1949 u mat engem klenge Grupp Sketcher geschriwwen a virgedroen. D’Léift fir Cabaret a Varieté-Spektakele konnten d’Colette an de Fernand och bei der Lotterie nationale ausliewen, an duerften doniewent reegelméisseg a Radiosemissiounen d’Nolauschterer vum RTL begeeschteren. Am Ausland sange wollt den Duo awer ni esou wierklech, well hir grouss Léift huet eleng Lëtzebuerg gegollt. „De Fernand huet oft Melodië geholl, déi et scho gouf an dann en eegenen Text dropgesat, esou zum Beispill beim Jangli, wat am Fong en amerikanescht Lidd war. Mee hie wollt einfach eppes maache fir d’ganz Natioun, egal op Jonk oder Al“, seet dem Colette seng Niess Patricia.

Kleng, léif, perséinlech – esou hunn d’Colette an de Fernand hir Heemecht kannt, an esou wollten si och selwer funktionéieren. A genee dës Devise war et och, déi d’Sängerkoppel esou sympathesch gemaach huet, well si waren ëmmer no un hire Fans, egal op wéi enger Bün si stoungen. Wéi de Fernand de 15. November 1994 dunn vu senge Léifste gaangen ass, wollt d’Colette net méi eleng optrieden, well de Charme vun der Koppel war hiert Zesummespill als Duo. De leschte gemeinsamen Optrëtt haten si 1992, méi spéit gouf et si just nach op Revival-Toure vu Coverbands oder op CD ze héieren. 2015 ass dunn och déi entre-temps 88 Joer al Kabarettistin verscheet an huet esou eng Ära an der Lëtzebuerger Museksgeschicht op en Enn goe gelooss.

Ma Fanclubben, Famill a Frënn erënneren sech haut nach gär un déi vill lëschteg Momenter, déi si zesumme mam Colette a Fernand duerften erliewen a spillen hir Lidder iwwerall do, wou geschunkelt a gelaacht gëtt. Well, si mir éierlech: wie vun eis mécht net mat engem klenge Grinsen am Gesiicht de Lokomotiven-Tuut-Tuut mat, wann de Jangli musikalesch nees de Wee op d’Hesperkopp eropdämpt?

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.