„D’Kulturfabrik ass e Kulturzenter mat ganz vill Geschicht, deen d’Kulturlandschaft zu Lëtzebuerg gepräägt huet an haut nach ëmmer präägt“, esou beschreift de René Penning, haitegen Direkter vun der Kufa, „säin“ Haus. „40 Joer sinn et schonn hier, datt hei dat éischt Stéck opgefouert gouf.“
D’Geschicht vun de Gebailechkeete geet awer nach weesentlech méi wäit zeréck ewéi nëmme 40 Joer. Schonn am Joer 1885 goung et lass mam Bau vum staatleche Schluechthaus, dat deemools aus 5 Gebaier bestoung. Duerch de staarke Wuesstum vun der Stad ass säit 1912 permanent ëm- an ausgebaut ginn. Mëtt vun den 30er-Jore bestoung d’Schluechthaus aus 10 Gebaier op 4.000 m2. Matzen an der Stolkris, am Joer 1979, huet d’Schluechthaus du seng Dieren zougemaach.
Eidel stoungen d’Halen awer net laang, well schonn am Joer 1980 gouf um ale Site vum Schluechthaus d’Theaterstéck „Das Konzert zum heiligen Ovid“, dat éischt Stéck vun enger ganzer Serie, ënner der Leedung vum Ed Maroldt, engem Professer vum Escher Jongelycée, opgefouert. Op deem eidelen Terrain hu sech deemno ëmmer erëm nei Gäscht blécke gelooss. D’Theater GMBH, genee déi Grupp, déi och dat alleréischt Theaterstéck opgefouert huet, huet ganz schnell dat aalt Killhaus um Site an Usproch geholl an als Proufraum ëmgebaut. Laang bloufen och si net eleng um Site. Och d’Kënschtler vun der ASBL Galerie Terre Rouge hu sech um Site néiergelooss an eng kleng Galerie amenagéiert, wou jonk an nach onbekannte Kënschtler hir Konschtwierker weise konnten.
Weider Kënschtler, Museker a Schauspiller hu schnell hire Wee an dat aalt Schluechthaus zu Esch fonnt an am Joer 1983 war praktesch den hallwe Site nees besat. Am selwechte Joer gouf dunn och d’ASBL Kulturfabrik gegrënnt, déi bis haut d’Kufa bedreift an d’Programmer ausschafft. D’Kulturfabrik bitt, all Joer erëm, e ganz ofwiesslungsräiche Programm vu Musek, Theater, Filmfestivaller an esou muencher soziokulturellen oder pedagogesche Projet un. En eegene Café an e Kino maachen déi ganz Offer komplett.
2022 ass Esch Kulturhaaptstad, en immens wichtege Projet fir de ganze Süde vum Land. Als Kulturzentere matzen an der Minettsmetropol läit et bal op der Hand, datt een hei involvéiert a vun Ufank u mat abezu gëtt. Datt dat awer esou nawell net de Fall ass, erkläert eis de René Penning: „Als Kulturzenter hei zu Esch bass de selbstverständlech matzen dran. Esch2022 ass fir déi ganz Regioun e ganz wichtege Projet, deen als Dynamo funktionéiert fir déi ganz Südregioun an déi ganz Sitten, déi op deenen ale Frichen entstinn. Dëst wäert déi ganz Regioun lues a lues veränneren an och aner Leit an de Minett bréngen. Duerch d’Uni, duerch d’Centre-de-recherchë changéiert d’Populatioun hei an der Géigend. Direkt involvéiert si mir awer net an d’Organisatioun vun Esch2022. Mir hunn e grousse Koup vu Partner, déi mir bei hirem Projet, deen si fir Esch2022 eraginn hunn, ënnerstëtzen. Mir selwer hunn awer och am Kader vun Esch2022 en eegene Projet: deen éischte Lëtzebuerger Indoor-Museksfestival. Dee ganze Projet gëtt hei bei eis ausgeschafft an organiséiert, d’Concerte sinn dann awer op verschiddene Sitten, och grenziwwerschreidend.“
„Ech erwaarde mir ganz vill vun Esch2022! Ech wënsche mir, datt et nohalteg ass an datt een och an den nächste Jore vun Esch2022 ka schwätzen!“
René Penning
Fir d’Kulturfabrik geet et och no Esch2022 mat vollem Elan weider. An deenen zwee Joer Pandemie huet een esou muenches geléiert, et muss ee sech permanent upassen oder méi ewéi soss improviséieren; dat soll bei deenen nächste Projeten hëllefen. 2023 steet als éischt emol de 40. Gebuertsdag um Programm. Och fir 2024 ass schonn e Projet an der Maach, en Häerzensprojet fir de René Penning, d’Renovatioun vun der Kulturfabrik. „Aktuell bidde mir eise Kënschtler, déi hei bei eis um Site schaffen, net dat néidegt a professionellt Ëmfeld, dat si brauchen. Mat dëser Renovatioun wëlle mir hei mat aneren Haiser aus dem Milieu op een Niveau kommen. Awer och technesch an energeetesch muss esou muenches gemaacht ginn“, erkläert de René Penning.
Duerch Esch2022 réckelt de Minett an de Fokus vun der Kulturzeen a soll och doriwwer eraus en Opschwong erliewen.
An do ass eeben och d’Kufa matzen dran amplaz just derbäi!