Mat Léift zoubereet: en 3 Gäng Menü

Mat Léift zoubereet: en 3 Gäng Menü

Frësch Zalot mat Geméis a Vinaigrette mat Fréijoersgebeess

Dir braucht (fir 4 Persounen):

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Vinaigrette:

D’Zaloteblieder botzen an ënner fléissendem Waasser wäschen. De Staangenzelleri an d’Muert schielen, wäschen an an dënn Sträife schneiden. Drësseg Sekonnen a Salzwaasser kachen an an Äiswaasser ofschrecken. Ofdrëpse loossen a kal stellen. Gréng Bounen, Fenchel an Zockerierbesse botzen a wäschen, am Salzwaasser kachen an ofschrecken. Äppel ongeschielt an dënn Scheiwe schneiden. De Stronk aus dem Chicon ewechmaachen an d’Blieder erofhuelen.

Fir d’Vinaigrette Olivenueleg an Esseg mëschen. D’Telleren no Äre kreative Virstellunge presentéieren. D’Zaloteblieder schéin um Teller verdeelen, d’Garnitur mat Chiconsblieder an Äppelscheiwen ofronnen. Kuerz virum Zerwéiere mat der Vinaigrette wierzen.

Restaurant-Traiteur
Paul Eischen
Capellen
(+352) 26 30 31-1
www.pauleischen.lu

Mat Léift zoubereet: en 3 Gäng Menü

Dinde mat Gewierzer a Chrëschtgebeess

Dir braucht (fir véier Persounen):

  • 4 Dindefilete mat Haut
  • 10 Salbeiblieder
  • en Thermomix (fir de Gewierzpâté)

Maiskuch:

Gewierzpâté:

  • 1 Päckelche Bliederdeeg
  • 1 Läffel Arganueleg
  • 1 ongesprëtzten Orangeschuel
  • Stärenanäispolver, Kanéilpolver, Séissholzpolver
  • Tonkapolver
  • 10 g Zocker
  • 50 g gréng Pistaschen
  • 1 cl Pistaschenueleg

Garnitur

Zooss:

  • 2 dl bronge Bouillon vum Poulet
  • 1 dl Martini Rosso
  • e puer Drëpsen Angostura
  • 1 ongesprëtzten Orange
  • 100 g Chrëschtgebeess

Pärelhong

D’Dinden op der Hautsäit ubroden, salzen, pefferen a mat de Salbeiblieder an eng Vakuumtut stiechen. Zwou Stonne bei 60 Grad an den Uewe stellen.

Maiskuch

D’Mëllech mam Olivenueleg un d’Kache bréngen. Parmesan, Salz, Peffer a Muskot derbäimaachen a mat engem Holzläffel mam Maisschmull verréieren. Zéng Minutten ënner permanentem Réiere kachen. De Botter ënnermëschen an d’Mass dann an enger klenger Form bis op d’Héicht vun annerhallwem Zentimeter verdeelen. Ofkille loossen. De Kuch a Stécker vu siwe mol dräi Zentimeter ausstiechen. Béidsäiteg broden an op e Bakblech leeën. Fënnef Minutte bei 160 Grad an den Uewe stellen.

Gewierzpâté

All Gewierzer, den Zocker an déi geriwwen Orangeschuel vermëschen. Bliederdeeg zu Rechtecke vu siwe mol véier Zentimeter schneiden. Mat engem Pinsel all Stéck Deeg mat Arganueleg besträichen, mat der Gewierz-Zocker-Mëschung bestreeën an an tëschtent zwee Bakblecher am Uewe baken. Dréche stellen. Pistaschen an Ueleg am Thermomix bei 80 Grad, Stäerkt néng, dréie loossen, fir datt e renge Püree entsteet. An enger Doséierfläsch op d’Säit stellen.

Garnitur

Déi gesalzten a gepeffert Champignone botzen a broden, duerno op d’Säit stellen. D’Aprikosen a véier schneiden, mat Zocker a Kanéil mëschen an eng Stonn bei 75 Grad am Uewen zéie loossen.

500 Gramm vun de gebakenen Aprikosen eraushuelen a mat der Zitrounewerbeen am Mixer püréieren. An enger Doséierfläsch op d’Säit stellen. Déi chineesesch Kabeskäpp wäschen a pochéieren, dann ofkille loossen. Gutt ofdrëpse loossen an am Botter broden. D’Maiskuchen huelen, Kabesblieder ëm hire Still wéckelen an op d’Kuche leeën, duerno e Läffel Champignonen an dräi Aprikosestécker drop presentéieren a mat Frischhaltefolie zoudecken. Virum Garnéieren aacht Minutte bei 75 Grad an den Uewe stellen.

Zooss

De Bouillon vum Poulet, de Martini, den Angostura an déi a véier geschnidden Orangen an eng Kasseroll maachen, op d’Hallschecht reduzéieren, duerch e renge Sift passéieren, ofschmaachen an d’Konsistenz préiwen. D’Gebeess an e Bond Salbei derbäimaachen, d’Kasseroll zoudecken an op d’mannst eng Stonn zéie loossen.

Fäerdegstellen a Presentéieren

Op engem flaachen Teller e Krees mam Aprikosepüree zeechnen an an d’Mëtt dovun e Maiskuch mat Garnitur leeën. Dann en Dindefilet an e Läffel Zooss iwwer e bësse Püree derbäimaachen. Mam Gewierzpâté an engem Strauch Ananassalbei oder Äerdbierspinat ofschléissen.

René Mathieu
Château de Bourglinster
Buerglënster
(+352) 78 78 78-1
www.bourglinster.lu

Mat Léift zoubereet: en 3 Gäng Menü

Tiramisù mat Äerdbier-Ananas-Gebeess

Dir braucht (fir 4 Persounen):

Eewäiss zu Schnéi schloen a 25 Gramm Zocker derbäimaachen. Mam Rescht Zocker d’Eegiel schloen. Mascarpone bei d’Eegiel ginn. Den Eeschnéi mat enger Spachtel an dës Mass mëschen. Derno d’Mass schichtweis, mat jeeweils enger Schicht Gebeess dertëscht, a Glieser fëllen.

Romain Beaumet
Brasserie K116
Esch/Alzette
(+352) 26 17 59 74
www.k116.lu

René Mathieu
Château de Bourglinster
Buerglënster
(+352) 78 78 78-1
www.bourglinster.lu

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.