De Minettsdapp (lat. minettus dappus officinale) kënnt, grad wéi di aner Bezeechnungen, aus dem Volleksmond an ass drop zeréckzeféieren, datt d’Awunner aus dem Minett fréier gréisstendeels Biergaarbechter waren, déi schwéier geschafft hunn an als Ausgläich da gäre mol aus der Këscht gespronge sinn an ausgeloosse gefeiert hunn, esou wibbeleg, wéi en Dillendapp sech dréit. Dëst ass emol jiddefalls eng vun den Erklärungen, déi d’Vicky Pedia erausfonnt huet. D’Alternativ dozou wär déi, datt ënner deene Biergaarbechter vill Uewerschleesier waren, déi dat Wuert däppig an hirem Sproochschatz hate fir een, deen eng mat der Pan hat, méi wëll ech elo net onbedéngt an den Detail goen. Fest steet allefalls, datt de Minettsdapp vill méi „vun der Long op d’Zong“ ass wéi ee vun deenen anere Gattungen an dowéinst och vill Sympathië ka kasséieren. Di meescht Lëtzebuerger, och déi aus dem Hondséislek, wëssen, datt d’Minettsdäpp d’Wierder mär (mir) an där (dir) gradesou gebrauche wéi de Weeltzer Moondig (Méindeg) oder Daastig (Dënschdeg) an zerhaapt nik (iwwerhaapt net) seet an de Man va Cliärref vun enger Frau schwätzt, dat Cliärrwer Léid séngt oder d’Kanner an d’Schull ginn.
Wann e Minettsdapp an engem Saz dat Wuert wou gebraucht, da wëllt hie bestëmmt net billen, mee seet dat amplaz vun deen, déi oder dat: „de Mann, wou gëschter hei getrëppelt ass“ oder „dat ass den Hummer, wou ech ëmmer huelen“. A wann eng Froa (Fra) op engem Boam (Bam) sëtzt a mat der Koart (Kaart) spillt, da si mir och am déiwe Süde vun eisem Ländchen. De Minettsdapp geet muar (muer) op d’Guar (Gare) a spuert nawell gären d’Buschtawekombinatioun ch bei verschiddene Wierder, zum Beispill Lut fir Luucht a Gesit fir Gesiicht, meeschtens seet en awer eng gutt an d’Schnëss (amplaz an d’Gesit), wat och d’Existenz vum U***lach kéint erklären – sou, dat ass elo mol gutt gemeet (gemaacht). Iwwerdeems am Éislek gréisstendeels déi däitsch Sprooch eng Roll bei deenen individuelle Wuertkreatioune spillt, ass et am Minett éischter Franséisch, alles e bësse méi rabiat, wéi dat sech unhéiert. Dat erkläert jo vläicht och, firwat e Minettsdapp och alt emol mat enger Motorsee op en anere lassgeet.
Souguer am Minett selwer kënnt et an eenzelen Uertschaften zu anere Bezeechnungen:
Päiperlek (dt. Schmetterling): Fléif(l)ank (Déifferdeng), Papillon, Pappeljong (Rodange), Päipameel (Rëmeleng), Pimpampel (Diddeleng);
Seechomes (dt. Ameise): Seejemonsel (Beetebuerg), Seejomes (Beetebuerg, Esch-Uelzecht, Käerch, Uewerkuer, awer och Meechtem a Messancy (Belsch)), Jeesomes (Esch-Uelzecht), Purjelli (Rodange), Bujelli, Bujelchen (Rodange);
Kiewerlek (dt. Maikäfer): Mollermal (Déifferdeng); Kräizotter (dt. Kreuzotter): Wipper (Bieles, Zolwer); Léierchen (dt. Lerche): Litväilchen (Diddeleng).
An der Schnëssen-App vum Fuerschungsportal iwwer d’Lëtzebuergescht, déi een an deene bekannte Portaler kann eroflueden, kann all Interesséierten iwweregens Opnamen aus alle Géigende vum Land oflauschteren an sech esou e Bild maache vun deene sëllege Lokaldialekter.
Wann och déi verschidden Dialektregiounen hiren eegene Klang vun der Lëtzebuerger Sprooch hunn, dann zitt sech déi Ausdrocksweis awer och munchmol iwwer hir Grenzen eraus. Freet sech just, firwat mäi Frënd Fausti, deen zu Réiden op der Atert gewunnt huet, a sengem Lidd „An da lit di Lut elo“ minettesch sengt; vläicht war jo deen, deen den Text geschriwwen huet, e richtege Minettsdapp?
En Artikel vum Sully Prud’homme
*Quell: Fondatioun Bassin Minier, Mutations Mémoires et Perspectives du Bassin Minier.
ISSN 2078-7634.