D’Landwirtschaft spillt schonn zënter Laangem eng grouss Roll zu Lëtzebuerg. Déi geografesch a klimatesch Bedéngunge schafen nämlech optimal Konditioune fir d’Baueren an d’Wënzer. Mee trotz dëse gudde Viraussetzunge geet d’Zuel vun de Betriber iwwert d’Joerzéngten ëmmer weider erof.
Ee vun den Haaptgrënn vun dësem Réckgang ass d’Moderniséierung. Ass an den 1960er-Joren nach méi handaarbechtsintensiv geschafft ginn, sou koume mat der Zäit nei Innovatiounen op de Maart. An de 70er‑Jore konnte sech Trakteren a Mädrescher séier etabléieren. Dës Erneierungen hunn de Betriber et erlaabt, méi Flächen ofzedecken a méi Déiereproduktiounen ze bedreiwen. No an no ass och d’Vollmechaniséierung zur Selbstverständlechkeet ginn. D’Molkereien z. B. konnten op voll automatiséiert Sträichmaschinnen zeréckgräifen. D’Fiddere vun den Déieren ass vun do u vu verschiddene Robotertechniken erleedegt ginn. D’Professionaliséierung krut ëmmer méi en héije Stellewäert. Dëst alles huet awer d’Käschten immens an d’Luucht gedriwwen, wat derzou gefouert huet, datt verschidde Betriber finanziell net méi mathale konnten. Europäesch Reguléierungen a bürokratesch Ufuerderungen hunn et de klenge Betriber zousätzlech erschwéiert, weider ze wuessen an ze expandéieren. Duerch all dës Contraintë war et du fir munch Betriber net méi méiglech, ze iwwerliewen, soudatt et des Ëftere virkomm ass, datt se vun aneren iwwerholl goufen. Dëst hat och als Konsequenz, datt vill Baueren hir Aarbecht opginn hunn, well se an dësem Aarbechtsëmfeld keng Perspektiv méi gesinn hunn.
Kuckt ee sech déi aktuell Situatioun un, sou fält op, datt d’Zuel vun de Betriber am Laf vun der Zäit erofgaangen ass. Hautdesdaags ginn et nach just eng Ronn 1.822 Betriber, bal alleguer Familljebetriber, déi an der Lëtzebuerger Landwirtschaft aktiv sinn. Déi meescht vun dëse Betriber (1055) sinn a verschiddene Kulturen täteg, wouvu sech der 487 op d’Mëllechproduktioun, 417 op d’Haltung vu Béischten an op d’Fleeschproduktioun an eng weider 64 op eng Kombinatioun vun dësen dräi Methode spezialiséiert hunn. D’Betriber fir den Akerbau, déi fir den Ubau vu groussflächege Planze wéi z. B. Kären, Mais, Sonneblummen an anere Planze responsabel sinn, maachen eng weider grouss Partie (307) vun dëser Opdeelung aus. Dee leschte grousse Volet an der lëtzebuergescher Landwirtschaft gëtt vun 243 Wäibetriber ofgedeckt.
Beschäftegt ee sech elo méi genee mat der Zuel vun de Leit, déi an der Landwirtschaft schaffen, ass et wichteg, tëschent Aarbechtskräften aus der eegener Famill an deene vun ausserhalb ze ënnerscheeden. Offiziell geet aus de Statistike vum viregte Joer ervir, datt nach just eng 3.780 Aarbechtskräften am hauseegene Betrib aktiv sinn. 1990 ass an dësem Beräich nach vun insgesamt 8.230 famill-internen Aarbechter rieds gaangen. Et fält also op, datt de Prozentsaz an deene leschten 30 Joer ëm méi wéi d’Hallschent erofgaangen ass. Am Géigendeel dozou huet sech en ëmgekéiert Phenomeen bei der Opdeelung vun de professionelle Baueren an den Hobbybaueren erauskristalliséiert. Wärend am Joer 2023 2.064 Leit dëser Aarbecht vollberufflech nogaange sinn, hunn déi aner 1.016 Persounen d’Landwirtschaft als Niewenjob oder Hobby bedriwwen. Fréier war den Undeel vun den Hobbybaueren (63 Prozent) nach däitlech méi héich. D’Grënn dofir goufe scho genannt.
Änlech gesäit et bei der Unzuel vun den net-familiären Aarbechtskräften aus. Do ass och eng däitlech Hausse par Rapport zu fréier ze erkennen. Hei schwätzt een hautdesdaags vun insgesamt 1.066 landwirtschaftlechen Aarbechter, wärend et der 1990 just 595 waren. Dobäi fält och op, datt déi eigentlech Deeg, op deenen Aarbecht vun engem Dagesaarbechter geleescht gouf ‒ an de Statistike ginn déi als „journées travaillées d’un journalier“ opgelëscht ‒, extreem an d’Luucht gaange sinn: Waren et der viru gutt 30 Joer just 13.861 (1990), schwätzt een elo vu 54.629 Deeg. Virun allem an der Wäinindustrie gëtt dës Approche vum Dagesaarbechter des Ëftere wärend der Lies ugewant. Ongeféier 1.000 saisonal Aarbechter aus den Nopeschlänner an Osteuropa kommen de Wënzer an dëser Zäit ënnert d’Äerm gräifen. Kleng Notiz um Rand: An dësem Domän mécht sech och eng interessant Evolutioun bemierkbar. Vergläicht een iwwert d’Jore gekuckt d’Produktioune mateneen, sou stellt ee fest, datt de Volume, dee produzéiert gëtt, an dësem Secteur zeréckgeet. Dëse Réckgang huet haaptsächlech domadder ze dinn, datt méi Wäert op eng méi qualitativ héichwäerteg Drauweproduktioun geluecht gëtt.
Wéi een dësen Trend vum Verschwanne vun de Betriber nees stoppe kéint, ass eng grouss Erausfuerderung fir d’Gesellschaft. E Wonnermëttel schéngt et net direkt ze ginn. Eng Approche wier et vläicht, den Job vum Bauer nees méi attraktiv ze maachen. Dobäi wier et wichteg, datt déi méi jonk Generatioun dem Familljebetrib net de Réck kéiere géif, seet de Christian Wester, dee selwer Bauer ass. Et ginn oft keng Nofollger, déi de Betrib weiderféiere wëllen. „Et ass definitiv net deen einfachsten Job. En ass zäitintensiv a saisonsbedéngt. Net jidderee vun der jonker Populatioun ass bereet, samschdes a sonndes fir de Familljebetrib ze schaffen. Si sichen dann no aneren Alternativen“, sou de spezialiséierte Mëllechbauer. Domadder trefft de President vun der Centrale paysanne awer e wonne Punkt. Vun all de Beschäftegten aus dem Landwirtschaftssecteur ass d’Altersgrupp iwwer 60 Joer déijéineg, déi am héchste vertrueden ass. Viru 25 Joer waren et nach d’Aarbechter tëschent 41 a 50 Joer an da viru 15 Joer déi tëschent 51 a 60 Joer, déi deen héchste Prozentsaz opweises haten. Et stellt ee fest, datt d’Lëtzebuerger Landwirtschaft hautdesdaags a festen Hänn vun där eelerer Generatioun ass.
E Liichtbléck gëtt et dann awer nach zum Schluss: An deene leschte Jore sinn d’Zuele vun de Betriber an den Aarbechtskräfte relativ stabel bliwwen. Et kann een also gespaant sinn, ob verschidden national an international politesch Entscheedungen an Zukunft nees en Ëmschwong an der Landwirtschaft aleede kënnen.
En Artikel vum Laurent Neiertz