Derno huet sech d’Europäesch Kommissioun (Bureau for Action in Favour of Disabled People, dee spéider Unit Integration of the disabled – DGV ginn ass) dem Problem vun der Accessibilitéit ugeholl a si hu sech gëeenegt, datt mir e gemeinsaamt Virgoen an der Accessibilitéit brauchen, fir iwwerall déi selwecht Standarden ze definéieren. 1990 ass dunn, ënner hollännescher Regie, de European Manual for Accessibility erauskomm. Dora ware Propose fir europäesch Accessibilitéitsnormen. Dat Manuskript koum awer an Europa net gutt un, well zu deem Ament schonn eng Rei Länner hir eege Krittären haten a si déi derno net wollten änneren. Mir waren also nach ëmmer um selwechten Niveau, just datt verschidde Länner keng Normen haten an aner Länner ënnerschiddlech Normen.
Bei enger neier Oplag am Joer 1996 ënner dem Numm European Concept for Accessibility (ECA) war et dunn och éischter e politescht Dokument fir eng europäesch Erugoensweis un d’Accessibilitéit. Niewent den allgemenge Richtlinnen, fir d’Accessibilitéit korrekt ëmzesetzen, gouf et just nach eng Annex mat beispillhafte Recommandatioune fir Normen.
1997 huet Info-Handicap d’Koordinatioun vum ECA-Reseau iwwerholl. Zwee Joer méi spéit huet Info-Handicap dunn, op Wonsch vum Familljeministère, en nationalen Aarbechtsgrupp opgestallt, fir eis eegen Normen opzesetzen, an dat mat all de verschiddenen Associatiounen aus dem Behënnerteberäich. Säitdeem ass d’Diskussioun zu Lëtzebuerg méi strukturéiert an d’Informatioune si fiabel ginn. Dat huet sech virun allem an engem Interreg-Projet gewisen, aus deem spéider den nationalen Accessibilitéitslabel EureWelcome ervirgaangen ass. Info-Handicap war an deem Aarbechtsgrupp den technesche Beroder fir de Familljeministère an huet sech do fir zouverlässeg Informatiounen an eng gemeinsam Approche agesat. Mir sinn deemools dovun ewechkomm, nëmmen déi plakeg Informatioun ze ginn, ob eppes accessibel ass oder net, an hunn déi genee Moossen opgeholl an och diffuséiert. Well eng Persoun, déi am Elektro-Rollstull ënnerwee ass, huet e ganz anere Besoin u Plaz wéi eng Persoun an engem manuelle Rollstull oder eng Persoun mat engem Rollator. Et huet sech séier erausgestallt, datt déi Lëtzebuerger Approche méi wäit gaangen ass a méi zouverlässeg war wéi déi vun eisen Nopeschlänner.
Déi gesammelt Erfarungen an Aarbechte vum nationalen Aarbechtsgrupp sinn am Guide des Normes festgehale ginn, deen als Referenzdokument zum Gesetz vum 29. Mäerz 2001 iwwer d’Accessibilitéit vun den ëffentleche Gebaier publizéiert ginn ass. Zousätzlech sinn d’Norme mam groussherzogleche Reglement vum 23. November 2001 gereegelt ginn a si bis haut nach gülteg. Mir sinn awer elo amgaang ze waarden, datt dat neit Accessibilitéitsgesetz endlech ëmgesat gëtt. Dëst neit Gesetz setzt am Prinzip do un, wou d’Gesetz vun 2001 opgehalen huet, an integréiert eng ganz Partie Beräicher, déi bis elo net ënner d’Accessibilitéitsgesetz gefall sinn, wéi zum Beispill de Commerce, den Hebergement, d’Gastronomie asw. an esouguer eenzel „parties communes“ vu Residenzen.
Den 13. Dezember 2006 ass d’UN-Konventioun fir d’Rechter vu Leit mat enger Behënnerung erauskomm. Lëtzebuerg huet se 2007 ënnerschriwwen an 2011 ratifizéiert. D’UN-Konventioun seet, datt Accessibilitéit e Recht ass.
Hei ass en Extrait aus der Konventioun: „Les personnes en situation de handicap doivent pouvoir vivre de manière indépendante. Elles doivent pouvoir décider librement de leur vie. Elles doivent avoir les mêmes droits que les personnes qui n’ont pas de handicap.“
De Problem mat der UN-Konventioun ass, datt den Ëmsetzungsprozess schleeft an deemno laang dauert. De politeschen Drock feelt leider an dowéinst ass och dat neit Accessibilitéitsgesetz nach ëmmer net ëmgesat. En aneren Acteur hei zu Lëtzebuerg fir Accessibilitéitsfroen ass d’ASBL ADAPTH. Si kann technesch Léisunge proposéieren, fir all méiglech Plazen zougänglech ze maachen, mee och si huet kee Pouvoir, fir d’Ëmsetzung vun der UN-Konventioun mat aller Konsequenz virunzebréngen.
D’Léisung hei zu Lëtzebuerg, wéi se och vun enger ganzer Rei Organisatioune vun a fir Mënsche mat Behënnerunge gefuerdert gëtt, wier eng politesch Instanz, déi nëmme fir Froen a puncto Behënnerung zoustänneg ass, an dat fir all d’Ministèren. Dës Instanz, déi sech fir d’Rechter vu Leit mat enger Behënnerung géif asetzen, kéint dann och den Inventaire vun de Besoine maachen a Léisunge proposéieren.
Eng zousätzlech Léisung wier, datt d’Konzept vum Design for All (DFA) konsequent an d’Praxis ëmgesat gëtt, amplaz datt en, wéi bis elo, just an den Dokumenter steet a fälschlecherweis als eng weider Accessibilitéitsmesure ugesi gëtt. D’Konzept vum Design for All bedeit, en Ëmfeld ze schafen, dat all Mënsch erlaabt, eppes d’selwecht ze notzen, ganz onofhängeg vum Alter an den eegene Kompetenzen. Déi 7 Erfollegsfaktore vum Design for All kann een effizient asetzen, fir den Decideure bei hiren Entscheedungen eng kloer Analys, Strategie a Moossnameplanung vun de Besoinen ze erlaben.
Zu Lëtzebuerg hu mir am Beräich vun der Accessibilitéit schonn e gutt Stéck Wee gemaach, mee et ass net, fir stoen ze bleiwen, mee déi Streck, déi nach virun eis läit, unzegoen.
En Artikel vum Raymond Remakel
Europäesche Konzept fir d’Accessibilitéit: