Konterbont: Alex Reding, Dir sidd de Grënner vun der Luxembourg Art Week an hutt elo fir déi 10. Editioun d’Organisatioun erëm iwwerholl, nodeems Dir se d’lescht Joer delegéiert hat. Firwat eigentlech?
Alex Reding: Als Grënner vun der Luxembourg Art Week (LAW) sinn ech am Conseil d’administration (CA). Wat ech net méi wollt maachen, dat ass d’Direktioun vun der Foire ze iwwerhuelen. Ech wëll mech op d’Aktivitéite vu mengen dräi Galerië konzentréieren. Zu Lëtzebuerg sinn dat d’Nosbaum Reding Gallery, wou monografesch oder Gruppenausstellunge gewise ginn, an Nosbaum Reding Projects, mat méi experimentellen Ausstellunge vun emergente Kënschtler. An dann hunn ech 2020 eng Galerie zu Bréissel opgemaach. D’Direktioun vun der LAW ofzeginn, géif mir also d’Liewen erliichteren.
Dat war jo d’lescht Joer de Fall. Firwat huet dat net geklappt?
Mir haten effektiv d’lescht Joer eng auslännesch a caléiert Persoun als Direktesch. Et ass allerdéngs esou, datt Lëtzebuerg e Kontext ass, deen ee gutt muss kennen, an anerersäits muss een och als Friemen hei kënne liewen, wann ee Groussstied wéi Berlin oder Bréissel gewinnt ass … De kulturellen Austausch war hei vläicht net op deem Niveau, wéi vun där Persoun gewënscht. Ech verstinn dat. Si konnt sech hei net aliewen.
Dat kléngt net esou positiv fir Lëtzebuerg …
Wéi ech 2015 zesumme mat e puer Frënn d’Konzept vun der LAW entwéckelt hunn, ass et ons haaptsächlech drëms gaangen, d’Kulturzeen hei zu Lëtzebuerg zesummenzebréngen, fir se méi staark opzebauen a se méi staark ze strukturéieren. Haut gëtt d’LAW dacks als Foire bezeechent, wat extreem reduktiv ass. Säit Joren hu mir e Programm opgebaut, bei deem parallel a sämtlechen Institutiounen Aktivitéite lafen a bei deem wärend der LAW selwer e kulturelle Programm mat 12 bis 15 Konferenzen ugebuede gëtt. Zanter engem Joer gëtt et och e Skulpturparcours am ëffentleche Raum. Dëst Joer kommen d’„Capsules“ derbäi, wou mir an eidele Butteker installativ Projete weisen. Mir hunn all déi Joren esou Kollaboratioune gemaach. Dat ass, wat ech eng Zeen nennen. D’Foire, dat sinn zwee Drëttel vun den Aktivitéiten, mee de Rescht, d’Zeen, déi soll een net vergiessen.
Wéi sidd Dir dann deemools op d’Iddi komm, fir d’LAW ze lancéieren?
Nach eng Kéier: Et ass dorëm gaangen, d’Zeen ze strukturéieren. Et geet nach ëmmer dorëm. Wéi kommen ech op déi Iddi? Se kënnt dohier, datt ech an de Joren 2010 bis 2015 gemierkt hunn, datt ganz staark Changementer an der Gesellschaft zu Lëtzebuerg stattfonnt hunn. Déi fréier Generatioun vu Galeristen – ech ka preziséieren, a Galeristinnen – haten an den 1980er-Joren ugefaangen … Dat war eng Zeen, déi huet federéiert, déi war zesummegeschloss. Vun 2010 u war dat net méi de Fall. Du war ech op eemol deen Eelsten op der Plaz, hunn déi Changementer gesinn an hu misste meng Responsabilitéit huelen.
Och d’Banke ware keng lëtzebuergesch méi; d’Bil huet Dexia geheescht an d’BGL Fortis. Bei der Generatioun virdrun, wien huet Konscht kaaft? Ma déi grouss lëtzebuergesch Bankdirekteren hu kaaft! An déi hunn déi Generatioun vu Galeristen, déi ech elo grad genannt hunn, opgebaut. A gefërdert. Oder ëmgekéiert, déi Galeristen hunn deenen hir Kollektiounen opgebaut a Konscht an déi Banke bruecht. Dat war eng Zeen. D’Galeristen hunn dee Broch gespuert. Du si mir an e Lach gefall an net méi erauskomm, well sech d’Gesellschaftsstruktur geännert huet: Mir koumen aus engem Lëtzebuerg, wou en Artikel aus dem Luxemburger Wort oder dem (Lëtzebuerger) Land d’Meenung gemaach huet. Mir koumen an eng nei Gesellschaft, wou zwee Drëttel vun de Salariéen an och Decideuren – well d’Dexia an esou weider hunn hir eegen Decideure matbruecht – net méi un der lëtzebuergescher Kommunikatiounswelt houngen. Dat huet mat sech bruecht, datt mir eis Aktivitéiten hei wéineg vermëttele konnten.
Déi nei Galeristen hunn dee Marché mat de Banken ni kritt. Ech selwer hunn a mengem Liewen zwee oder dräi Mol un eng Bank verkaf. Déi jonk Galeristen haten am Ausland studéiert an hunn de Marché opgemaach. Si waren och méi oppen. Fir si war et eng Selbstverständlechkeet, mam Ausland ze schaffen. Déi nei Galerien – ech ziele mech dozou – hu probéiert, sech un dat neit Lëtzebuerg ze adresséieren. An dat war superschwiereg. Meng Clienten zum Beispill sinn nëmme Privatleit.
D’Léisung war also, d’LAW ze grënnen?
Am Februar respektiv Mäerz 2015 ass d’Iddi vun der LAW konkreet ginn. Ech hunn zwee bis dräi Frënn, déi och Galeriste waren, gefrot, ob se géife matmaachen. An ech hu mam Jean Petit, deemolege President vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) geschwat, fir kënnen d’Zeen ze vereenegen. An dat hu mir hikritt.
Dat éischt Joer ware just 19 Galerien dobäi plus de CAL. Dat war an der Hal Victor Hugo. Ech hunn awer deemools direkt och international Galerien invitéiert, fir den Expats, déi hei wunnen, Confiance ze ginn an ze weisen, datt dat, wat mir hei zu Lëtzebuerg maachen, Kapp a Schwanz huet. Déi éischt Editioun sinn 8.000 Leit kucke komm, wat guer net schlecht ass. Dat zweet Joer hate mir méi Galeristen an hu baussen e klengt Zelt op de Parking gestallt. An dat drëtt Joer konnte mir de CAL an den Tramsschapp – dee just e puer Meter niewendru war – logéieren. Et gouf e richtegen Event, deen d’ganz Zeen representéiert huet: de CAL plus 40 Galerien, dorënner zéng bis zwielef lëtzebuergescher.
An elo, zéng Joer méi spéit?
Haut si mir am groussen Zelt um Glacis, dat gesäit wierklech aus wéi eng Foire. Mir hunn nach ëmmer zéng bis zwielef Aussteller vu Lëtzebuerg derbäi. Fir all déi aner Aktivitéite kann ech nëmme recommandéieren: Gitt op eise Website kucken, da gesitt Der, datt all eenzel Institutioun eppes Extraes bei eis mécht. Jidderee mécht seng Konferenze bei eis, an dat federéiert d’Zeen duerch de kulturelle Programm. An dat gëtt och engem Expat oder auslännesche Visiteur eng global Siicht iwwer dat, wat mer hunn. Um Site hutt Dir de ganze Programm a gesitt, wat zu Lëtzebuerg leeft. Dat selwecht gëllt fir den Depliant „Art Actuel“ vun der ASBL Art contemporain.
Dir sidd also zefridden?
De Schlëssel vum Succès läit doranner, datt mir eis sou oppen opgestallt hunn, andeems mir jiddereen dobäi wollten hunn. Och haut maache mir nach ëmmer en Effort, fir datt all Mënsch matmécht. Vu Februar respektiv Mäerz u gi mir uklappen, fir ze froen, wéi mir dëst Joer d’Kollaboratioun maache kënnen. Wëllt Dir eppes „hors les murs“ vun der LAW maachen oder just am Konferenzendeel dobäi sinn? Et ginn ëmmer Ännerungen. Do ass keng Konstanz dran. Mir kämpfen all Joer, fir dee Programm sou gutt wéi méiglech opzesetzen, soss gi mir eng ofgekapselt Entitéit, déi just nach eng Identitéit als Foire huet. An déi Fal wëlle mir net drafalen. Dësen Effort entsprécht ronn zéng Prozent vun eisem Budget a bal zwanzeg Prozent vun eiser Aarbechtszäit. Wat vill ass.
Hutt Dir nach ëmmer wëlles, Iech zeréckzezéien aus dem organisatoreschen Deel vun der LAW? Är Begeeschterung seet de Géigendeel, oder?
Et ass vill Aarbecht. Fir d’LAW virzebereeden, hu mir véier Employéen, déi d’ganzt Joer schaffen. Am Dezember hu mir Remerciementer un all d’Partner ze schreiwen. Am Januar hu mir éischt Rendez-vousen, fir Sponsoren a Galeristen am europäeschen Ausland ze fannen. Derno muss de ganze Kulturprogramm opgeschafft ginn. Et ass ganz vill Aarbecht.
Mir hunn e ganz gutt Team. D’nächst Joer fänkt mat der 11. Editioun en neit Joerzéngt fir d’LAW un. Fir mech heescht dat: Conseil d’administration jo, Direktioun nee.
En Interview vum Eric Rings (Journalist vum Konterbont) an Zesummenaarbecht mam Marianne Brausch (Presidentin vun der AICA – Association internationale des critiques d’art)
Déi 10. Editioun vun der zäitgenëssescher Konschtfoire Luxembourg Art Week (LAW) ass vum 22. bis 24. November 2024 um Glacis an enger temporärer Zeltstruktur. Den Dag virdrun ass – nëmmen op Aluedung – de „VIP & Pro Day“. 77 Galerien a Kënschtlerkollektiver ginn an zwou Sektiounen zesummegefouert: d’Haaptsektioun (56) an d’Emerging-Artist-Sektioun Take-Off (21) fir jonk an nach onbekannte Kënschtler. Bei der LAW sinn Artisten aus 17 verschiddene Länner a vu fënnef Kontinenter vertrueden. Dobäi si 85 Prozent vun den Aussteller international.