Vu Bio(g) bis Wäin

Wat Etiketten a Labelen eis verroden

Placeholder Dummy template
Heizuland gëtt et eng Hellewull vun Etiketten a Labelen. Wat si eis iwwer eis Liewensmëttel verroden.

Liewensmëttel musse propper sinn, däerfen net ofgelaf sinn a sollen eis op kee Fall krank maachen. Dofir ginn et zu Lëtzebuerg Kontrollinstanzen, déi dat iwwerwaachen. Fir datt mir awer wëssen, ëm wat fir ee Produit et sech handelt a wat genee dran ass, mussen d’Liewensmëttel mat Etikette gekennzeechent sinn. Heizuland gëtt et eng Hellewull vu Labelen an et verléiert ee séier den Iwwerbléck. Dofir hu mir e puer Labelen a Marken erausgepickt, déi mir e bësse méi genee ënner d’Lupp huelen.

D’Liewensmëttel, déi mir hei zu Lëtzebuerg kafen a konsuméieren, ënnersti strenge Reegelen a Kontrollen, déi se vun der Produktioun bis bei de Verkeefer iwwerwaachen. Dëst soll vermeiden, datt de Verbraucher mat Veronrengegungen oder Krankheeten a Kontakt kënnt. Dat gëllt och fir d’Hierstellung vun an den Ëmgang mat Déiereproduiten.

Souwuel d’ASTA (Verwaltung fir technesch Servicer vun der Landwirtschaft) wéi och d’ALVA (Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung) féiere reegelméisseg Inspektiounen duerch a préiwen ënner anerem, ob d’Produktiounsreegele fir biologesch an aner Qualitéitsproduiten agehale goufen. Si kontrolléieren d’Gesondheet vu Planzen a Geseems, d’Gesondheet vun den Déieren, hir Identifizéierung an hir Etikettéierung, fir op deem Wee héich Standarden ze garantéieren.

Sou huet d’Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung ALVA eng Websäit an d’Liewe geruff, op där se d’Verbraucher an d’Betriber iwwer d’Liewensmëttelsécherheet opkläert. Hei gëtt et och e Warnsystem, dee Produiten oplëscht, déi an enger bestëmmter Charge net de virgeschriwwenen Normen entspriechen. Dat kënnen zum Beispill Spuere vun Nëss sinn, déi an engem Liewensmëttel entdeckt goufen an déi awer net op der Etikett dropstinn. Bei verschiddene Leit kennen dës Nëss eng méi oder manner staark allergesch Reaktioun ausléisen an se sollen deemno am beschten evitéiert ginn. Fir Net-Allergiker wär dëse Produit awer onbedenklech. Ëmmer erëm kënnen och Metallstécker oder Glas an engem Müsli oder änlechem sinn, dat ass da fir jidderee potenziell geféierlech. Oder de Klassiker: Listerien an enger bestëmmter Zort Kéis, deen een dann am beschten net méi iesse sollt, well een dovunner krank ka ginn.

Dës Produite ginn an der Reegel um Site mat Fotoen illustréiert an et gi weider Detailer zur Produitsnummer an zum Produktiounsdatum publizéiert. Et gesäit een ausserdeem, a wéi enge Butteker d’Produiten am Verkaf waren. De Konsument huet dann d’Recht, de betraffene Produit erëm do zeréckzeginn, wou en e kaaft huet.

Wat muss op eng Etikett a wat däerf op kee Fall drop?

Op engem Liewensmëttel-Produit, dee fäerdeg verpaakt ass, ass ëmmer eng Etikett mat Text, dee mindestens an enger vun eisen dräi Landessprooche geschriwwe muss sinn, sou d’Virschrëft. Dorobber fënnt een den Numm vum Liewensmëttel; d’Ingredienten, déi der Quantitéit no (an ofsteigender Reiefolleg) opgelëscht sinn; d’Angaben zu den Närwäerter; d’Donnéeën iwwer bestëmmte Stoffer, déi fir Leit mat Allergien oder Intoleranze pertinent sinn; eventuell d’Symboler fir „vegan“, „laktosfräi“ oder „glutefräi“; d’Nettogewiicht an de Volume vum Produit, den Haltbarkeetsdatum, d’Hierkonft an eventuell e Rezept, wéi een et zoubereede kann.

Säit Mee 2021 däerfen d’Produzente vu lëtzebuergesche Liewensmëttel ënner ganz strikte Konditiounen de sougenannten „Nutri-Score“ op hire Verpackunge benotzen. Op enger fënnefstufeger Skala, déi vun A (gréng) bis E (rout) geet, kann de Client ofliesen, wéi gesond de Produit ass. Bewäert gëtt heibäi den ernärungsphysiologeschen Aspekt. Positiv bewäert gi Stoffer wéi Eewäiss, Ballaststoffer, Uebst a Geméis, Leguminosen, Oliven-, Noss- a Rapsueleg. Negativ agestuuft ginn héich Energiequellen, gesiedegt Fettsaieren, Zocker a Salz.

Mee et ginn och Saachen, déi op kee Fall op enger Verpackung stoen däerfen. Dat sinn zum Beispill Angaben, déi de Keefer op e falsche Wee brénge kéinten. Et däerfen dem Liewensmëttel keng Wierkungen zougeschriwwe ginn, déi se net hunn, och keng medezinesch. Et däerf och net suggeréiert ginn, datt e Produit speziell Eegenschaften huet, obwuel alleguer d’Liewensmëttel vun deem Typ déi selwecht Eegenschaften hunn.

De geüübte Bléck vu munch Lëtzebuerger Konsument erkennt bekannte Labelen direkt, ouni grouss mussen alles ofzeliesen. Sou zum Beispill dee vum Produit du terroir, deen ee mat verschiddenen Ergänzunge wéi Lëtzebuerger Weess, Miel & Brout, Lëtzebuerger Rëndfleesch oder Lëtzebuerger Gromperen fënnt.

Ganz geleefeg ass och de Label Cactus Rëndfleesch vum Lëtzebuerger Bauer. Dobäi handelt et sech ëm e Qualitéitssigel, deen een an der Lëtzebuerger Supermarché-Kette Cactus fënnt. Dëse Label ass vum Lëtzebuerger Staat zertifizéiert a soll bescht Qualitéit an héchst Sécherheet beim Kafe vu Fleesch garantéieren, versprécht d’Virgab. D’Entreprise SGS (Société Générale de Surveillance), am Optrag vun der landwirtschaftlecher Genossenschaft Convis, iwwerwaacht d’Duerchféierung vun den externe Kontrollen.

Äddi Marque Nationale?

A wie kennt net de Lëtzebuerger Botter, agewéckelt an enger gëllener Verpackung mat der knallrouder Opschrëft Rose vun der Marque Nationale? 2022 ass fir d’Ofschafe vun der staatlecher Mark gestëmmt ginn, déi elo lues a lues ausleeft. Gläichzäiteg ass en neie Label fir d’staatlech Zouloossung an der Qualitéitssécherung agefouert ginn, fir deen de Produit no follgende Krittäre bewäert gëtt: Qualitéit a Goût, regional a gerecht souwéi Ëmwelt a Wuelbefanne vum Déier. Agréé par l’État Luxembourg ass d’Opschrëft vum neie Label, deen am Stil vum Nationbranding gehalen ass.

Allerdéngs ass d’Bezeechnung Marque Nationale nach net ganz dout. Laut EU-Reglement däerf zwar keng staatlech Instanz dee Label méi féieren, wuel awer eng privat Vereenegung wéi d’Association agricole Lëtzebuerger Hunneg. Déi huet sech nämlech 2023 dëse Label geséchert an huet och direkt eng nei Etikett dozou entworf – e roude Rondel mat enger Bei dran an dobäi d’Opschrëft Marque Nationale.

Onverkennbar si säit ville Joren och d’Produite vum Séi. De Proprietär vum Label ass den Naturpark Uewersauer, dee mëttlerweil eng ganz Rei vu Produite wéi beispillsweis Bléi vum Séi, Gebäck vum Séi, Käre vum Séi, Téi vum Séi a Véi vum Séi vermaart. Den Naturpark erhieft den Usproch, sech mat senge regionalen an novollzéibare Strukturen als eng Zort Géigesaz zu den intransparente Strukturen ze placéieren, déi dacks hannert den anonymmen an industriell hiergestallte Liewensmëttel stiechen.

A munche Butteker fënnt een niewent de bekannte Mëllechmarke wéi Luxlait och ëmmer méi oft Produite mam Label D’fair Mëllech. Dat ka Mëllech sinn, awer och Botter, Jugurt, Kéis, Ram, Pudding oder Glace. 2011 haten sech 48 Lëtzebuerger Mëllechbaueren zu enger Genossenschaft mam Numm Fairkoperativ zesummegedoen an hir eege Mark gegrënnt. De reguläre Mëllechpräis gëtt bei dëse Produiten op e faire Präis opgestockt, fir d’Bauere méi fair entlounen ze kënnen an se domadder ze ënnerstëtzen. D’Genossenschaft setzt dobäi op héich ekologesch Standarde bei der Mëllechproduktioun an hire Betriber.

2022 hunn sech ronn 20 Baueren aus der Mammekouhaltung zesummegeschloss, fir där selwechter Iddi nozegoe wéi D’fair Mëllech, an hir Produiten ënner enger neier Mark D’fair Fleesch ze vermaarten. Och hei gëtt de Schwéierpunkt op e fairen Ëmgang mat de Baueren, dem Déier, der Ëmwelt, de Veraarbechter, dem Handel an dem Konsument geluecht.

Lëtzebuerger Bio-Label ass méi streng wéi d’EU-Veruerdnung

Niewent dëse Produiten, déi den Usproch hunn, fair ze sinn, gëtt et eng ganz Rëtsch vu Liewensmëttel, déi e Bio-Sigel droen. Säit 2010 sinn d’EU-Memberstaate verflicht, op Bioproduiten dat gréngt Blat mat de Stären ofzedrécken. Donieft hu verschidden EU-Staaten eege Bio-Sigele virgesinn, déi se nieft dem EU-Label oplëschten däerfen. Zu Lëtzebuerg ass dat de gréng-orangë Label mat der Opschrëft Bio Lëtzebuerg. D’Krittäre vum Lëtzebuerger Sigel sinn awer méi streng wéi déi vun der EU-Bio-Veruerdnung, well se duerch dräi weider Punkten ergänzt ginn: Éischtens muss de ganze Betrib op Bio ëmstellen, fir de Lëtzebuerger Bio-Sigel ze kréien; zweetens ass ënner anerem den Zoukaf an Asaz vu Piff aus konventioneller Haltung verbueden an drëttens ass eng ganzjäreg ausschliisslech Fidderung vun de Béischte mat Silo verbueden. Am Summer muss de Kéi Gréngfudder ugebuede ginn.

Niewent dem Bio-Label steet ëmmer eng Kennziffer, duerch déi déi zoustänneg Kontrollinstanz vum Endproduit ersichtlech gëtt. D’Bio-Kierzele fänken ëmmer mat zwee Buschtawe fir dat jeeweilegt Land un an hale mat zwou Ziffere fir déi spezifesch Kontrollinstanz op. Fir Lëtzebuerg gesäit d’Kierzel zum Beispill esou aus: LU-BIO-04. Fir Lëtzebuerg ginn et siwe verschidde Kontrollstellen, déi awer alleguerten net hei am Land sinn. Verschiddener sinn an Däitschland, anerer an der Belsch.

Am Beräich vun de Bio-Produiten ass mëttlerweil d’Bio-Bauere-Genossenschaft BIOG warscheinlech am bekanntsten. Zesumme mat anere Bio-Acteure schaffen si alleguer enk zesummen ënner dem Daach vum Oikopolis-Grupp: d’BIOG-Molkerei zu Käerjeng, de Bio-Grousshandel BIOGROS an déi eelef iwwer d’ganzt Land verdeelten Naturata-Bio-Marchéen. D’Häerzstéck vum Grupp ass d’BIOG, déi 1988 gegrënnt gouf an déi sech ëm d’Veraarbechtung an d’Vermaartung vu lëtzebuergesche Bio- an Demeter-Produite këmmert. Donieft ginn zertifizéiert Produiten aus dem EU-Ausland importéiert, fir d’Offer vun de Bio-Liewensmëttel an der Naturkosmeetik an den Naturata-Geschäfter méi breet ze fächeren.

An der BIOG-Molkerei ginn all Joer knapp 3 Millioune Liter Bio-Mëllech ofgefëllt. BIOGROS beliwwert sengersäits säit 25 Joer den Eenzelhandel, d’Gastronomie, grouss Kichen a kleng Bio-Butteker mat biologesche Produiten. Fir kënne bei der Bio-Bauere-Genossenschaft opgeholl ze ginn, muss ee Member am Veräin Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg sinn.

So mir, wou s de hierkënns, an ech soen dir, wien s de bass

Wie gäre mol e Pättche Wäin oder Cremant drénkt, dee kennt bestëmmt de Label AOP – Moselle Luxembourgeoise: Vins et Crémants. Dozou gëtt et e passende Sproch: „So mir, wou s de hierkënns, an ech soen dir, wien s de bass.“ Deen illustréiert, wéi wichteg de geschützte Label vun der Appellation d’Origine Protégée (AOC) fir déi lëtzebuergesch Wäiner mat der Hierkonftsbezeechnung Moselle Luxembourgeoise ass. Grad haut an eiser globaliséierter Welt ass et wichteg, datt eng Regioun mat hirer Traditioun de Produit präägt. Dat gëllt net nëmme fir de Wäin an de Cremant. Well den Hierkonftsprinzip vun de Wäiner mëttlerweil international unerkannt ass, kënnt der Bezeechnung AOP – Moselle Luxembourgeoise ëmmer méi eng wichteg Bedeitung zou.

An dësem Sënn: Prost, an e gudden Appetit!

En Artikel vum Eric Rings

Fotoen: „Beurre de marque Rose“ © Luxlait

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.