Als germanesch Sprooch huet Lëtzebuergesch dee selwechten Ursprong wéi Däitsch oder Hollännesch. Fréier – mir schwätze vu viru 1500 – hunn déi verschidde Vëlker sech wuel méi oder wéineger ënnertenee verstanen, well eréischt am Laf vun de Joerhonnerten hu sech déi vereenzelt Sproochen auserneenentwéckelt. Lëtzebuergesch zielt dobäi zu de westgermaneschen oder, nach méi genau, fränkesche Sproochen a gouf fréier och gären als „Muselfränkesch“ bezeechent. Vu 1500 un huet sech dës Varietéit no an no anescht entwéckelt. Verschidde Sproochentwécklunge waren deenen am Däitsche weiderhin änlech, anerer hu sech mat der Zäit méi a méi vun dësem ënnerscheet.
„Relevant, an dat net just an der Linguistik, mee och am soziopolitesche Kontext, ass, dass Lëtzebuergesch zu Lëtzebuerg laang éischter als Idiom, also eng Mondaart gegollt huet an net als eegestänneg Sprooch. D’Iddi, wéi mir se haut vun enger Héichsprooch hunn, ass eréischt duerch den Nationalstaat entstan“, erkläert den Dr. Sam Mersch vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS). Anescht wéi am Houdäitsche misst ee beim Lëtzebuergeschen e gemeinsame sproochleche Gabarit mam Hollänneschen, Engleschen oder Frisesche sichen, esou zum Beispill beim Wuert „Bei“, wat méi dem englesche „bee“ gläicht wéi dem däitsche „Biene“ mat sengem zousätzleche Buschtaf n an der Mëtt.
Och wier eis Sprooch staark vum Romanesche beaflosst, also vu laténgesche Sproochvarianten, déi an eise Géigende geschwat goufen. „Oft weess ee guer net, wie wéi e Wuert eigentlech matbruecht huet“, esou de Sproochwëssenschaftler. Bis an d’19. Joerhonnert wier Lëtzebuergesch och net als Schrëftsprooch, mee reng am Geschwate benotzt ginn, esou dass een net vill Tracë vun éischte schrëftleche Forme fënnt. „Wat ee mol begéint si ‚Feeler‘ oder linguistesch Interferenzen an Texter, an deenen een d’Entwécklunge vum Lëtzebuergeschen erkenne kann“, erkläert de Sam Mersch. Ee bekannt Beispill, an deem een effektiv géif Wieder erëmfannen, déi dem haitege Lëtzebuergesche gläichen, wier de Yolanda-Text aus dem 13. Joerhonnert, deen als éischte mëttelhoudäitschen Text mat muselfränkeschen Elementer dem Yolanda vu Veiane seng Geschicht erzielt. „Sproochwëssenschaftlech kann een awer net soen, dass dat eng Urform vum Lëtzebuergesche wier, et huet villméi ee probéiert, dialektal ze schreiwen“, esou den Expert.
Nawell wier vill spannend sproochlecht Material am Text dran, wat dësen zu engem wichtege Lëtzebuerger Kulturgutt mécht. Den éischte wierklech lëtzebuergeschen Text wier awer eréischt 1829 am Drock erauskomm, mam Antoine Meyer sengem „E’ Schrek ob de’ Letzeburger Parnassus“, an deem den Auteur versicht huet, eng gewëssen Orthografie fir d’Sprooch ze definéieren. „Dat wierkt zwar haut wéi bossegt Lëtzebuergesch, mee et kritt een et awer gelies“, seet de Sam Mersch. Richteg Reegele fir d’Schreiwe vum Lëtzebuergeschen, wéi mir et haut kennen, sinn eréischt an den 1970er-Jore festgehal ginn, mat Upassungen eemol 1999 an dunn nach eng Kéier 2019. Mam Sproochegesetz vun 1984, dat Lëtzebuergesch als offiziell Landessprooch vum Grand-Duché unerkannt huet, krut d’Sprooch dunn en neie Stellewäert, deen och à long terme Repercussiounen op d’Norméierung a Standardiséierung vun der Sprooch hat.
Aschneidend wier awer schonn d’Zäit direkt nom Zweete Weltkrich gewiescht, well hei wier eng gewëssen Iddi vun enger eegener kultureller a sozialer Identitéit am Land entstan, an doduerch hätt sech och d’Sprooch weiderentwéckelt, esou de Sam Mersch: „Lëtzebuergesch krut op eemol e gewëssene Stellewäert bei de Leit, a mam Gesetz vun 1984 ass dunn och déi offiziell Kommunikatioun anescht gefouert ginn, also net méi just op Franséisch.“ Bis d’Bereetschaft ze schreiwe sech awer bei de Leit duerchgesat hätt, wier et e laange Prozess gewiescht. Déi „nei“ Schrëftlechkeet, also via Handy, Internet oder Kannerbicher, hätt hei villes virugedriwwen, a mat der Verankerung an der Verfassung krut de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen 2023 dunn nach emol eng ganz aner Nuance, esou de Sam Mersch.
Och de Claude Bache, President vum Veräin „Actioun Lëtzebuergesch“, dee sech zanter 1971 fir d’Lëtzebuerger Sprooch asetzt, gesäit déi zwou Adaptatiounen um legalen Niveau als Haaptpilieren dofir, dass Lëtzebuergesch haut esou vill geschwat gëtt. „Mir haten als Kanner héchstens eng Stonn Lëtzebuergesch op 7e an hunn dann e bëssen aus dem Renert gelies, mee méi och net. Duerch eis Aktiounen a Leit wéi de Lex Roth, déi staark mat dru bedeelegt waren, dass d’Sproochegesetz vu 1984 konnt duerchgoen, krut Lëtzebuergesch mat de Jore lues a lues ëmmer méi Zoulaf.“ Stroossennimm, Bushaltestellen, Annoncen an der Zeitung, Sproochecoursë fir Auslänner, Bicher: All dat hätt zwar seng Zäit gebraucht, wier haut awer net méi aus eisem Alldag ewechzedenken an dorops kéint een houfreg sinn.
Fir den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch, de 26. September, wier ee bei der „Actioun Lëtzebuergesch“ scho fläisseg amgaangen, flott Aktioune virzebereeden, well och no 50 Joer géif de Veräin nach ëmmer drop pochen, d’Lëtzebuergescht an de Vierdergrond ze stellen. De Sam Mersch bestätegt iwwerdeems, dass nach ni esou vill Lëtzebuergesch geschwat ginn ass ewéi haut. Net just d’Sproochecoursë fir d’Naturaliséierung si rabbelvoll, ma och Avancés-Coursë sinn ëmmer méi gefrot, esou den Expert: „Fréier huet zwar vläicht jiddereen, deen als Lëtzebuerger gegollt huet, och Lëtzebuergesch geschwat, wat haut net méi onbedéngt ëmmer de Fall ass. Et huet een 1800 awer och kaum Auslänner fonnt, déi op d’Iddi komm wieren, Lëtzebuergesch ze léieren – einfach, well kee Besoin do war.“
Haut wéilte vill Leit um gesellschaftleche Liewen deelhuelen, andeems se d’Sprooch vum Land schwätze léieren. Am Alldag stellt ee fest: Lëtzebuergesch gëtt op ville Plaze gefuerdert an ass quasi omnipresent. Wéi sech d’Sprooch an Zukunft wäert entwéckelen, kéint een haut nach net soen, well bis sech eppes wierklech linguistesch gefestegt hätt, géif et an der Reegel bis zu 400 Joer daueren, esou de Sam Mersch: „Vill Prozesser sinn nach net ofgeschloss an dat meescht si reng Fluktuatiounen, also Wierder, déi op eemol optauchen, mee meeschtens och nees schnell duerch eppes Neies ersat sinn.“ Wärend déi ganz Handyskommunikatioun, den Internet an d’Entwécklung vun neien Technologien also vill nei Wierder mat op Lëtzebuerg bruecht hunn, ass vill aneres parallel dozou verluer gaang – einfach, well et verschidde Beruffer zanter der Industrialiséierung a spéider Digitaliséierung net méi gëtt an doduerch gewësse Begrëffer och net méi gebraucht ginn. Ma eng Sprooch ass a bleift eppes Lieweges: Se verännert sech, se kritt Wierder bäi a se béisst der och an. Mee genee esou funktionéiert Sprooch – an dat ass och dat, wat se esou flott mécht!
En Artikel vum Laura Tomassini