Wéi wichteg ass déi lëtzebuergesch Sprooch haut: engersäits am Alldag, anerersäits als Amtssprooch?
Vläicht kléngt dat verwonnerlech, mee Lëtzebuergesch war nach ni sou wichteg wéi hautdesdaags. Bei ronn 49% Net-Lëtzebuerger am Land huet dës Sprooch eng grouss Bedeitung fir d’Integratioun a fir d’Zesummeliewe vun allen Nationalitéiten zu Lëtzebuerg. Dat gëllt fir all Deeler vun der Gesellschaft a fir all Beräicher vum Liewen.
Lëtzebuergesch, zesumme mat der traditioneller nationaler Méisproochegkeet, ass awer och wichteg als Element vun der nationaler Identitéit an ënnerscheet Lëtzebuerg a sproochlecher Hisiicht däitlech vu sengen Nopeschlänner. Lëtzebuergesch huet sech als Sprooch vun der mëndlecher Kommunikatioun quasi an allen informellen a formelle Situatiounen etabléiert. Och an der Chamber, bei Staatsakten an anere formellen Evenementer gëtt haut bal nëmme méi Lëtzebuergesch geschwat. Mee och als Schrëftsprooch huet Lëtzebuergesch sech an de leschte Joerzéngte staark entwéckelt a sech an e sëlleche Beräicher duerchgesat – E-Mail, Internet, social media.
Als offiziell Schrëftsprooch gëtt Lëtzebuergesch dogéint nëmme sporadesch an éischter zoufälleg geholl. D’Standardiséierung vun der Sprooch bréngt awer mat sech, datt si och als geschriwwe Sprooch méi a méi akzeptéiert gëtt. Déi Standardiséierung manifestéiert sech beispillsweis an der offiziell festgeluechter Schreifweis, de verschiddenen Dictionnairen oder dem online-Dictionnaire LOD.
Wéi a wou weist sech Lëtzebuergesch – a wéi wichteg sinn dobäi Neierungen ewéi sozial Medien?
Lëtzebuergesch ass d’Sprooch vun der Jugend, geschwat wéi geschriwwen. Jonk Leit schreiwen haut ganz selbstverständlech op Lëtzebuergesch, wat nach virun e puer Joerzéngten net de Fall war. Zu engem gudden Deel ass dës Entwécklung op déi aktuell elektronesch Kommunikatiounsmedien an op d’social media zeréckzeféieren. E besonnesch positiven Effekt vun dëser Entwécklung ass, datt d’Lëtzebuerger Sprooch (och) doduerch lieweg bleift, tradéiert gëtt a sech weiderentwéckelt: Et ginn ëmmer méi Leit, déi d’Sprooch mëndlech wéi schrëftlech aktiv benotzen.
Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg – ass dat „gutt“ oder „schlecht“ fir d‘Lëtzebuergescht? Anescht gefrot: Ass d‘Lëtzebuergescht duerch aner Sprooche bedrot? Stéchwuert „Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn!“
Fir d’Lëtzebuerger Sprooch ass déi traditionell Méisproochegkeet vum Land dat bescht, wat hir konnt a ka passéieren. Si profitéiert vun der Presence vun deenen zwou groussen Nopeschsproochen Däitsch a Franséisch a geet sech hire Vocabulaire, wann néideg, duer kropen. D’Méisproochegkeet an der lëtzebuergescher Sproochkontaktsituatioun ass éischter e Garant fir d’Weiderliewe vum Lëtzebuergesche wéi eng Menace. Déi aner Sprooche maache Lëtzebuergesch méi räich an hëllefen der Sprooch, sech weider ze entwéckelen.
Ass d’Lëtzebuergesch Sprooch aus Ärer Siicht am Schoulunterrecht richteg placéiert respektiv genuch präsent?
Prinzipiell wier et net verkéiert, wa Lëtzebuergesch als Léierfach an der Schoul insgesamt méi präsent wier. Dat heescht och, et sollt net nëmme gekuckt ginn, datt Kanner a Jugendlecher dës Sprooch propper liesen a schreiwe kënnen, si sollten och méi gewuer ginn iwwert hire grammateschen Opbau, hir Geschicht, hir Entwécklung, hir Literatur an hir Schrëftsteller. Donieft schéngt et mir un der Zäit, eeschtlech ze iwwerleeën, Däitsch als Sprooch vun der Alphabetiséierung duerch Lëtzebuergesch ze ersetzen. Verschidde politesch Parteien hunn sou e Wiessel och scho gefuerdert. Déi integrativ Bedeitung vun der Sprooch kéim domat nach vill méi zum Droe wéi bis ewell.
Wat konnt Dir schonn als „Ambassadeur“ fir déi lëtzebuergesch Sprooch maachen?
Mat menger Dokteraarbecht hunn ech déi wëssenschaftlech Betruechtung an Diskussioun a Bezuch op d’Lëtzebuerger Sprooch consolidéiert an dynamiséiert.
Dann hat ech déi eemoleg Chance, de Codex Mariendalensis erëmzefannen, an deem de mëttelalterleche Yolanda-Epos a muselfränkescher Sprooch néiergeschriwwen ass. Dëse Codex enthält ëmmerhin dat eelstent bis ewell bekanntent schrëftsproochlecht Monument vun der Lëtzebuerger Sprooch.
Ech hunn den Harry Potter an aner literaresch Wierker op Lëtzebuergesch iwwersat, als Member vun der linguistescher Sektioun vum Institut Grand-Ducal eng ganz Rëtsch Konferenzen zum Thema Lëtzebuergesch gehal, ech vertriede Lëtzebuerg an der Europäescher Federatioun vun den nationale Sproochinstituter EFNIL, hu Lëtzebuerg vertruede beim Conseil de l’Europe (Charta fir Regional- a Minoritéitssproochen, bis 2015) an ech war bis 2016 Member vum CPLL (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise).
Wat hutt Dir gär un der lëtzebuergescher Sprooch, wat net – wann een esou eppes da bewäerten däerf?
Natierlech kann an dierf een esou eppes bewäerten, dat maache mir schliisslech alleguer iergendwéi. Italienesch gëllt als besonnesch musikalesch, Franséisch als charmant, Sächsesch als amusant asw.
Ech fanne Lëtzebuergesch immens melodiéis, eng Sprooch mat engem eegene Singsang. Dat weist sech besonnesch gutt beispillsweis an der lëtzebuergescher Iwwersetzung vum Homer senger Odyssee.
Lëtzebuergesch eegent sech ganz gutt, fir komplex Realitéite mat einfache Wierder auszedrécken. Ech mierken dat ëmmer nees beim Iwwersetzen aus anere Sproochen.
En Artikel vum Birgit Pfaus-Ravida
De Guy Berg,
gebuer den 3. Juni 1961 zu Beetebuerg, ass e Lëtzebuerger Sproochwëssenschaftler.
De Guy Berg huet op der Johannes-Gutenberg-Universitéit Mainz an op der Universitéit Triest applizéiert Sprooch- a Kulturwëssenschafte studéiert (hie krut 1987 den Hugo-Moser-Förderpreis) an huet iwwer d’Entwécklung vum Lëtzebuergesche promovéiert.
1998 huet de Guy Berg beim Institut Grand-Ducal de Fuerschungsprojet Language and Culture in Medieval Luxembourg (LaCuMeL) an d’Liewe geruff. Säin Haaptfuerschungsthema war déi Zäit d’Yolanda vu Veianen. De 6. November 1999 huet hien an der Bibliothéik vum Grof vun Aansebuerg de Codex Mariendalensis erëmfonnt, deen zanter den 1920er Joren als definitiv verluer gegollt huet.
De Guy Berg ass Member vun der Sektioun fir Linguistik, Ethnologie an Onomastik vum Institut Grand-Ducal an huet och Fuerschungsaarbechten ë. a. iwwer den Nicolas Gredt, Cyprien Merjai an Alexander Wiltheim erausginn.
Interview: Birgit Pfaus-Ravida

De Guy Berg, gebuer den 3. Juni 1961 zu Beetebuerg, ass e Lëtzebuerger Sproochwëssenschaftler.