Placeholder Dummy template

Lëtzebuerg – e Milleland

Well zu Lëtzebuerg zënter jeehier gär a vill Brout giess gëtt, gëtt och ganz vill Miel gebraucht. An de Famille waren et virun allem d’Fraen an d’Meedercher, déi d’Weesskären op der Hand gemuel hunn. Dëst war eng haart, awer ganz wichteg Familljenaarbecht. D’Erfanne vun der Waassermille war also e Risefortschrëtt, se huet déi penibel kierperlech Aarbecht ersat.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Et ass dofir net iwwerraschend, datt ee grad am Éislek vill al Waassermille fënnt: D’Waasserkraaft war eng einfach Method, fir Weesskären ze muelen. Ufank 1800 hate mer am Ganze 660 Millen, vun deenen eleng 115 Stéck am Éislek stoungen. Honnert Joer méi spéit goufen et am ganze Land nëmmen nach ongeféier 100 Waassermillen.

Hei sinn der e puer, déi een haut entweeder besiche kann oder déi nach richteg produzéieren:

D’Mille vun Aasselbuer (Asselborn)

Dës al Waassermillen huet zënter 1036 alles matgemaach. Haut hu mer hei e Musée an e klenge charmanten Hotel mat 18 Zëmmeren. 

De Musée vun der Mille versetzt Iech zeréck an déi al Millen-Zäiten. 

Entdeckt awer och d’Auberge Du Relais Postal vun Aasselbuer, en authentescht Gebai aus dem 16. Joerhonnert, dat d’Adelsgeschlecht Thurn & Taxis op der Poststreck vu Roum op Antwerpe geschafen huet, an der Zäit vun de Postrouten duerch Europa.

De Musée vun der eelster Millen zu Lëtzebuerg erzielt d’Geschicht vun der Mëllerei.

D’Heringer Millen

An der wonnerschéiner restauréierter Käremillen aus dem 17. Joerhonnert gëtt et vill ze gesinn: e Millemusée, e grousst, nach lafend Millerad an en alen Holzsteebakuewen, wou d’Millebrout nach vun Hand gebak gëtt.

Schonn den Numm „Mëllerdall“ erënnert un de Betrib vu ville Millen an der Regioun, an tatsächlech goufen et hei iwwer 60 verschidde Millen.

D’Geschicht vun der Millen huet mam éischte Mëller, dem Jang, dem „Heringer Mëller“, ugefaang, dee 1624 fir d’éischt ernimmt gouf. Zënterhier ass d’Mille vu Generatioun zu Generatioun am Familljebesëtz bliwwen. Bis den Zweete Weltkrich gouf hei Broutmiel a Wëllkarmiel fir d’Véi gemuel. Wärend der Ardennenoffensiv gouf d’Mille vun däitschen, spéider vun amerikaneschen Zaldote besat. Nom Krich gouf bis zum Doud vum leschte Mëller am Joer 1978 just nach Wëllkarmiel hiergestallt. Duerno stoung d’Gebai bis 2007 eidel an ass no an no komplett zerfall.

Am Joer 1988 huet d’Gemeng Waldbëlleg d’Mille kaaft an ugefaang ze renovéieren. 

D’Rackésmillen

Zënter 1334 dreift dee klenge Waasserlaf, dee mat der Klierf verbonnen ass, d’Rad vun der Mille vun Äischer stänneg un. Hei ass schonn zënter op d’mannst siwe Joerhonnerten eng Waassermillen. Dëst mécht d’Rackésmillen zur eelster Waassermillen am Land, déi nach a Betrib ass. 

D’Zännrieder an d’Maschinerie, déi mam Holzgerüst verbonne sinn, si beandrockend. Wann d’Zännrieder aktivéiert ginn, wäerten d’Vibratioune vum Mechanismus Iech liicht zidderen dinn. 

Den Numm vun dëser Mille staamt vun hirem leschte Besëtzer, dem Willy Racké.

Dat aktuellt Gebai ass vun 1854, deemools e richtegen Héichpunkt vun de Millen op lëtzebuergeschem Buedem. D’Mille vun Äischer huet sech am Laf vun der Zäit de villen technesche Verännerungen ugepasst. 

De Willy Racké sot, datt d’Mille wärend dem Krich d’Rettung war. Se huet et den Awunner erméiglecht, weider Brout ze hunn an esou eng Hongersnout ze vermeiden.

D’Mille J. P. Dieschbourg

Zënter 1897 produzéiert dës Millen, déi der Famill vun eiser fréierer Ëmweltministesch gehéiert, Miel vun héijer Qualitéit. Hei gëtt nëmme Lëtzebuerger Weess a Kar gemuel. 

Zënter 2011 gëtt et eng Steemillen, déi nëmme fir d’Produktioun vu glutefräiem Miel benotzt gëtt. 

Och Kaffi gëtt an der hauseegener Réischterei op traditionell, schounend Aart a Weis geréischtert. 

D’Sirer Millen

D’Millen ass d’Symbol vu Sir, engem Duerf an der Bauschelter Gemeng am Naturpark Uewersauer. 1784 hunn d’Awunner vu Sir d’Millen, déi bis zu deem Zäitpunkt zum Verwaltungsbezirk („prévôté“) Baaschtnech gehéiert huet, ofkaf.
Hei stinn nach d’Originalmaschinnen an d’Millen ass a bleift esou e wäertvollen Zäitzeien. 

D’Klengbettener Millen

Déi wuel bekanntste Millen hautdesdaags ass d’Klengbettener Millen.

Se produzéiert verschidden Zorte vu Miel, Schmull a Virbereedunge fir Brout, Briosch, Paangecher, Eisekuchen… D’Nuddelsmark Le Moulin 1704 gëtt et zënter 2020. 

D’Ufäng vum Betrib ginn zeréck op d’Joer 1704, wéi de Jean Bacchus e Muelsteen an d’Rechter fir ze muele kaaft huet. Den aktuellen Direkter Jean Muller representéiert déi 11. Generatioun. An der Tëschenzäit ass awer vill geschitt.

1894 huet se sech zu Klengbetten installéiert; 1949 ass d’Eenheet fir d’Produktioun vu Véifudder entstan.
D’Moulins de Kleinbettingen waren 1999 den Initiator fir de Programm „Produit du terroir – Lëtzebuerger Miel“. Am Joer 2007 gouf eng nei Mille gebaut. Haut ass se eng vun de gréissten op europäeschem Niveau an an hirem Secteur.

Beim nächste Kaffi wäert Dir Är Botterschmier bestëmmt mat ganz aneren Ae kucken a vläicht huelt Dir jo dann Äre Kuuschtesak an de Grapp a maacht Iech op de Wee, fir déi eng oder aner Millen ze besichen!

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.