Lëtzebuerg an der Corona-Kris: Nei Iddie si gefrot!

Eng sanitär Kris, déi eenzock aus guer net sou heiterem Himmel iwwer eis koum:
De Covid-19 huet der Welt grousse Misär a penibel Restriktioune bruecht – awer och de mënschlechen Iwwerliewens- an Erfindungsgeescht nei erausgefuerdert. Och zu Lëtzebuerg gouf a gëtt energesch probéiert, mat originellen Iddien de gesondheetlechen a wirtschaftlechen Auswierkunge vun deem nidderträchtege Virus Paroli ze bidden.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Reesbranche: Aussergewéinlech Léisungen an enger aussergewéinlecher Situatioun

Wann et an der „Pre-Covid“-Zäit souzesoen zum gudden Toun gehéiert huet, sech am Frëndeskrees alt emol gär mat senger leschter Vakanz ze bretzen, huet ee sech et am Summer 2020 awer léiwer zweemol iwwerluecht, seng rezent Vakanzefotoen op Facebook oder Instagram ze posten: Zwar war d’Fléien nach ëmmer erlaabt, mee aus Virsiichtsgrënn huet bal kee sech méi an e Fliger getraut – ausserdeem wollt een nom Retour net onbedéngt als eng potenziell geféierlech „Vire-Schleider“ consideréiert ginn … Schwéier Zäite si fir d’Luxair an déi ganz Reesbranche ugebrach, ee vun der globaler Gesondheetskris am schwéierste betraffene Secteur, an et gouf dann och gläich no effektive Léisunge gesicht: „Eenegkeet mécht staark“, hu sech déi zwou Rees-Entreprisë Sales Lentz Group a Voyages Emile Weber dofir zum Beispill geduecht, wéi si sech opgrond vun dësen Erausfuerderunge kuerzerhand dozou entschloss hunn, hir Rees-Segmenter ze fusionéieren, fir kënne méi séier an effektiv ze agéieren. Scho virdrun hat de Marc Sales probéiert, der ongewinnter Situatioun mat originelle Géigemoossnamen entgéintzesteieren, andeems hien zum Beispill Reesbussen a Schoulsäll ëmbaue gelooss huet, fir sou zousätzlech Plazen ze schafen, wou konnt Schoul gehale ginn, an de Schoulen domat ze hëllefen, d’Distanzreegelen optimal anzehalen.

Restauratioun: Sech d’Iessen heem liwwere loossen oder am Resto ofhuelen an heiansdo … selwer kachen!

Eng aner Branche, déi an der Covid-Kris extreem vill gelidden huet, ass ouni Zweiwel d’Restauratioun. Mol zou, mol op, dann erëm zou … Zäitweileg wousste weeder d’Restaurateuren nach déi hongereg Clienten, wat als nächst géif decidéiert ginn. Wärend vill Etablissementer op d’Ausliwweren oder d’Selwer-Ofhuelen duerch de Client ëmgestige sinn, gouf et awer och vill Restauranten, déi sech sou en Opwand net konnte leeschten an enorm Verloschter gemaach hunn. Betraff waren natierlech och d’Haut-de-gamme-Restauranten, och si hu sech missen nei Léisungen ausdenken, fir iwwer d’Ronnen ze kommen. Sou huet zum Beispill de Stärerestaurant Fani vu Réiser senge Clientë fir Valentinsdag en originelle Menü ugebueden, deen ee konnt am Restaurant ofhuelen. Do huet een dann och eng Kach- oder éischter Wierm-Uleedung kritt, déi et erméiglecht huet, d’Platen doheem ze finaliséieren a sech sou fir eng kuerz Zäit bal selwer wéi e Stärekach ze fillen …

Iwwernuechtungs-Bonge géint eidel Hotellen

Op d’Zänn bäissen huet et och fir d’Hotelsbranche geheescht. Wéinst der Pandemie gouf et vill manner Geschäftsreesen, a vum Tourismus emol guer net ze schwätzen! An d’Situatioun ass net besser doduerch ginn, datt d’Restauranten, déi a ville Betriber zum Hotelservice derzougehéieren, hir Dieren och hu missen zoumaachen – nëmmen nach Zëmmerservice war méiglech. Schonn zimmlech am Ufank vun der Pandemie huet d’Regierung dofir decidéiert, der Hotellerie hei am Land mat der Aféierung vun engem „Bon d’hébergement“ ënner d’Äerm ze gräifen. Dëse Bong krut all Awunner gratis zougeschéckt, an en hat domat Recht op eng Reduktioun vu 50 Euro bei enger Iwwernuechtung an engem vun deene sëllege Lëtzebuerger Hotelsbetriber, Vakanzepensiounen, Jugendherbergen oder Campingen.

Den Event-Beräich setzt verstäerkt op digital Kommunikatioun …

D’Event-Organisateuren, a mat hinnen d’Traiteuren an aner Caterer, goufe vun der Kris äiskal erwëscht, an och hir Aktivitéite si katastrophal zeréckgaangen. Fir deem entgéintzewierken, huet sech d’LEA (Luxembourg Event Association) gegrënnt, déi mat Informatiounsschrëfte wéi dem Guide „Safe to Meet“ no Weeër sicht, fir och a Pandemieszäiten Eventer a Kongresser kënnen ofzehalen, bei deenen all Bedeelegte sech ka sécher fillen. Wärend déi lescht Luxexpo mat enger Limitatioun vun de Besicher op d’Gefor reagéiert huet, hunn aner Organisateuren entweeder deene reng digitalen Eventer (Stéchwuert: Webinar) oder enger Hybridléisung aus digitaler a physescher Participatioun de Virtrëtt gelooss.

… grad wéi d’Kultur!

Op digital oder hybrid Léisungen hunn zäitweileg oder op Dauer och verschidde Kulturinstituter gesat, andeems si zum Beispill Méiglechkeete fir elektronesch Musées-Ausflich geschafen hunn. En iwwerzeegend Beispill fir sou gelongen digital Eventer sinn déi gratis Online-Concerte vun der Philharmonie Lëtzebuerg, déi (souguer weltwäit!) zur Renommée vun der Lëtzebuerger Kulturoffer bäigedroen hunn. Vill aner Kulturseminairen, Formatiounen a Coursen, déi duerch d’ëffentlech Hand oder vu privater Säit organiséiert goufen, sinn en änleche Wee gaangen, andeems se ganz oder zum Deel elektronesch ofgehale gi sinn. A wat originell Iddien an der Fräizäitkultur ugeet, sief hei just op de Parc Merveilleux vu Beetebuerg verwisen, deen iwwer eng laang Zäit huet missen zoumaachen an dofir dozou opgeruff hat, e „Parrainage“ fir eent vun den Déieren am Park ze iwwerhuelen – eng Aktioun, déi bei villen Déierefrënn op en oppent Ouer gestouss ass!

Liichtblécker an den däischtere Kinossäll

Fir d’Kinoe si wéinst der Corona-Bedroung – wéi iwwerall op der Welt – och zu Lëtzebuerg däischter Zäiten ugebrach: Net nëmmen hunn d’Covid-Sécherheetsmesuren an déi zäitweileg Fermeturë fir Ëmsazréckgäng vu bis zu 75 Prozent gesuergt, mee et koum nach dobäi, datt d’Produktioun an d’Ausliwwerung vun deene ganz groussen (meeschtens amerikaneschen) Blockbustere wéinst der Pandemie huet missen ënnerbrach ginn, sou datt d’Branche huet missen d’Haaptgewiicht op d’Weise vu filmesche Wierker mat méi klengem Produktiounsbudget verlageren, haaptsächlech aus europäeschen an anere Länner. Net wéineg Kinosgäscht hunn dat op kee Fall bedauert, mee éischter als eng däitlech qualitativ Verbesserung vun der Kinos-Offer begréisst. Begréissenswäert ass et och, datt de Fräiliichtkino, den „open-air cinema“, bei deem ee cineastesch Klassiker bequeem vu sengem Auto aus genéisse kann, am Summer 2020 eng weider Renaissance erlieft huet, nodeems dës nostalgesch Aart a Weis fir Filmer ze kucken och schonn an de Jore virdrun ëmmer méi Fans fonnt hat. Enn Februar 2021 huet de Kinosbedreiwer Kinepolis de Konzept vum „private Kinossall“ a verschiddene Beräicher vun hire Sitte Belval a Kierchbierg agefouert. Mat dëser Iddi wollt de Grupp virun allem Famillen, Aarbechtskolleegen a Frëndescliquen d’Méiglechkeet ginn, zesummen e Film ze kucken, ouni dobäi awer géint d’Corona-Hygiènesmesuren ze verstoussen, well dës ginn och an der Privat-Seance strikt agehalen: Et gëlle Maskeflicht an Distanzreegelen. Scho virun der Aféierung vun dësem Konzept war et fir Betriber méiglech, e Kinossall ze lounen – och hei natierlech ënner strengem Anhale vun de sanitäre Virschrëften.

D’Sportswelt waart op de Startschoss!

Wat de Sport ugeet, sou konnten a kënnen och hei uechter d’ganzt Land eng Hellewull vu Kompetitiounen an Trainingseenheete covid-bedéngt net stattfannen – eng vun den Ausname war den Elitesport-Training am nationale Sport- a Kulturzenter d’Coque. Nom Confinement goufen an der Coque, wéi och anerwäerts, zwar vill Beräicher erëm fir de Public opgemaach, dat allerdéngs ënner strenge Sécherheetsoploen: D’Ëffnungszäite goufe verkierzt an a besonnesch gesondheetssensibele Beräicher, wéi zum Beispill de Schwämmen, gouf d’Zuel vun de Persounen, déi sech gläichzäiteg do däerfen ophalen, drastesch erofgesat. No Ausso vum Coque-Generaldirekter Christian Jung huet d’Majoritéit vun den Notzer all dës noutwendeg Mesuren net nëmme bereetwëlleg acceptéiert a befollegt, mee esouguer begréisst. Et bleift awer fir de Moment trotz all deene positiven Entwécklungen esou, datt och d’Sportswelt – wéi mir alleguer – ongedëlleg op d’Enn vun dëser Gesondheetskris waart, fir endlech erëm kënnen normal ze funktionéieren …! 

En Artikel vum Patrick Calzi

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.