Dat ass dat „klassescht” Bild vun enger sougenannter Verkafsparty – wann dat Iech näischt seet: Si gëtt och „Tupperparty” genannt – no dem Mann, deen um Ursprong steet: den Earl S. Tupper. Deen huet 1946 an der Tupper Plastic Company seng sougenannt „Wonnerschossel” produzéiert – aus Polyethylen, Konschtstoff, mat loft- a waasserdichtem Deckel. Eng Revolutioun. Mat engem Hoken: Et huet keen d’Wonnerschossel mat hire Virdeeler verstanen, well kee se erkläert huet.
Bis d’Brownie Wise koum: Si huet d’Wuere vum Tupper mat bei Privatleit geholl – deemools wuel relativ ausschliisslech Hausfraen – , fir se do ze weisen, hir Virdeeler ze erklären a Froe vun de potenzielle Clienteën ze beäntwerten. Mat dëser relativ einfacher Iddi war eng nei Form vu Verkaf gebuer: den Direktverdriff oder „Vente directe“.
Ufanks nach a Konkurrenz mam klassesche Stëbssuckeler-Vertrieder, deen onugemellt un der Dier geschellt huet, hunn d’Homepartys bis haut iwwerlieft. An esouguer de vergläichsweis rezenten Online-Handel huet der Verkafsparty kee Schued gemaach.
Ëmmer méi verschidde Produite ginn iwwer dëse Wee verdriwwen: Kosmetik, Nahrungsergänzung, Botzgeschir, Bijouen, Kleeder, Käerzen, an – zum Tupper sengen Zäite wuel éischter ondenkbar – wann ee Loscht huet, kritt ee souguer doheem Sexspillgeschir virgefouert…
Zanter den 1990er Joren existéiert zu Lëtzebuerg „d’Association pour la Vente directe au Luxembourg“, kuerz AVD, an där momentan 16 Gesellschafte Member sinn. Nieft dëse 16 Marke sinn awer och nach vill anerer, déi Lëtzebuerg demarchéieren, am Ganze sinn et den Zuele vun der AVD no eng 60 bis 80 verschidde Marken, déi zu Lëtzebuerg an der „Vente directe“ verkafen. Dat mécht op d’Joer e Chiffre d’affaires tëschent 30 a 40 Milliounen Euro, eng 2 bis 3000 Residente schaffen an der „Vente directe“, sou de Generalsekretär vun der AVD, den Daniel Thilmany.
Wee „Vente directe“ fir den een oder anere Produit mécht, kann sech seng Aarbecht selwer a flexibel andeelen, sech en Täschegeld oder eng Pai verdéngen an huet Kontakt mat anere Leit. Déi meescht Verkeefer an der „Vente directe“ si Fraen, dacks mat e bësse Liewenserfarung, déi no der Erzéiung vun de Kanner eng nei Erausfuerderung sichen. Ausnahme confirméieren hei natierlech d’Regel.
De Kontakt, d’Zesummekomme mat aneren, ass grad wéi fir d’Conseillère och fir d’Clienten eent vun den Argumenter, firwat Verkafspartye beléift sinn: Et kritt een de Produit confortabel doheem gewisen, erkläert, et kann een en zum Deel selwer probéieren a sech mat Gläichgesënnten driwwer austauschen.
„D’Ambiance, wann een zu e puer zesummesëtzt, d’Gesellegkeet, déi flexibel Auerzäit an d’Gefill bei sengem Kaf beroden, begleet an ënnerstëtzt ze ginn: Alles dat gëtt engem d’Gefill, verstanen ze ginn, seet eng Cliente. A weider: Meeschtens sinn déi, déi de Produit virféieren, iwwerzeegt dovun… an et gëtt e Pättchen an e klenge Maufel dobäi.”
D’Zesummesëtzen, dat soziaalt vun esou enger Form vun Akafen ass de Clientë wichteg. An och d’Tatsaach, datt de Choix limitéiert ass, dat, wat gewise gëtt, awer am Detail erkläert gëtt, an een och nom Kaf nach en Uspriechpartner huet – eng Zort garantéierte Service après-vente.
D’AVD beréit och déi Marken, déi zu Lëtzebuerg wëlle verkafen, natierlech ënner der Konditioun, datt se Member vun der Associatioun sinn. Hei kréien Interesséierter och en Deontologieskodex, a wann néideg, e juristesche Rot.
Wat de Beroder mat senger „Vente directe“ verdéngt, gëtt iwwer Kommissioune verrechent. Kuerz gesot: Wat ee méi verkeeft, wat ee méi verdéngt huet. Et ass deemno och am Interêt vun der Conseillère de Clienten gutt Produiten ze verkafen, korrekt ze erklären, an domat Loscht op en neie Rendez-vous ze maachen.
Wéi den Daniel Thilmany sot: „Mir verkafen eigentlech d’Loscht, eis erëmzegesinn.”
An dësem Fall geet d’Léift zum Akafen also éischter iwwer den tëschemënschleche Kontakt, an net nëmmen duerch de Portmonni.
En Artikel vum Nathalie Bender