gëtt dëst Gebäck bei eisen däitschen Nopere genannt. Bei eis am Ländche kenne mir dës séiss Versuchung éischter ënner dem Numm Eclair.
Vill Nimm, awer ëmmer eng Versuchung!
Deen däitschen Numm leet sech vun der Form vum Gebäck of, länglech an un den Enner méi déck. Den Numm Eclair kënnt aus dem Franséischen a bedeit Blëtz, an och dësen Numm leet sech vun der Form of. Déi eng behaapten, datt duerch d‘Opsprëtze vum Deeg op de Bakblech d‘Eclair dacks eng zackeg Form kritt, vergläichbar mat engem Blëtz. Aner Stëmme behaapten, se géing esou heeschen, well se schnell ewéi de Blëtz opgiess ass. Egal ob Liebesknochen oder Eclair, eppes hunn se all: Déi schneekeg Fëllung aus Crème a verschiddene Goûten, déi engem op der Zong zergeet!
Den Erfinder vun der Eclair ass e Paräisser Stärekach aus dem 18. Joerhonnert.
Wiem den Numm Marie-Antoine Carême eppes seet, kann sech dermat bretzen, den Erfinder vun der Eclair ze kennen. Zu Liefzäiten, vu 1784 bis 1833 war hien als de Kach vun de Kinneke bekannt an hie soll déi Paräisser Patisserie duerch d‘Iddi vun der Eclair nach méi bekannt gemaach hunn. A wou soll de Liebesknochen dann och soss hierkommen ewéi aus der Stad vun der Léift an de séisse Versuchungen!?
Wann Dir elo Loscht kritt, selwer esou schneekeg Schanke fir Är besser Hallschent ze baken, musst Dir op e puer Saachen oppassen. Esoulaang ewéi den Deeg (Branddeeg) am Uewen ass a baussen nach net goldbrong ass, dierft Dir op kee Fall d‘Dier vum Schäffchen opmaachen! Anerwäerts fält den Deeg a sech zesummen! Esou ähnlech geet et engem och, wann ee seng Meeschterwierker net direkt opschneit, wann se aus dem Schäffche kommen.
Wann d’Konsistenz dann déckflësseg ass, Botter ënnerréieren, an ofkillen loossen.
Paradiesapfel, Liebesapfel oder och Pomme d‘amour… esou ass bis zum nonzéngte Joerhonnert eis gutt bekanntent Geméis genannt ginn: d‘Tomat!
Duerch hir rout Faarf, der Faarf vun der Léift, an der Form, déi dem Apel zimlech ähnlech ass, krut d’Tomat genee dësen Numm. An och nach haut gëtt an Éisträich d‘Tomat Paradeiser genannt.
Hautdesdaags ass fir eis d‘Pomme d‘amour dee blénkegen zockerséissen Apel, dee mir vun de Kiermessen, Mäert an eiser grousser Fouer kennen. Dee perfekte rouden Apel, wéi en a Soen, Märercher, de grousse Reliounen a Mythen duergestallt gëtt, symboliséiert hautdesdaags d’Léift, Weiblechkeet, Sexualitéit, Fruchtbarkeet awer och Versuchung a Passioun!
Entstanen ass en awer ganz anescht! E sollt e Produit sinn, deen d’Leit mat sengem Ausgesi fir sech gewënnt.
Ufank vum 20. Joerhonnert huet sech de Confisier William K. Kolb am New Jersey intensiv Gedanke gemaach, fir virun de Chrëschtdeeg nach mat engem neie Produit e wéineg Geld ze maachen. No laangem Iwwerleeën ass him d‘Iddi komm. „Ech stiechen e klenge Bengel an den Apel an iwwerzéien e mat enger rouder, blénkeger a knackeger Glasur!’’ An esou ass eng Iddi entstan, déi sech schnell weiderverbreet huet.
Hätt hien dat éischter gewosst, hätt en d’Candy-Apples net nëmme fir 5 Cent den Apel verkaf. Hie konnt jo deemools net wëssen, datt den Erfolleg vun dëser einfacher Iddi esou grouss wier, datt se duerch d’Welt geet.
Hautdesdaags fënnt een d‘Pomme d‘amour och emol an engem Kleed aus Schockela, Karamell oder anere séisse oder schaarfe Mëttelen. An awer léisst eréischt déi klassesch Pomme d‘amour d’Häerzer méi héich schloen!
Drabäissen a sech verléiwen!