Um Parking hanner der Schwämm zu Steesel kënnt hie mir mat sengem Dackel entgéint. De Laurent Amann an ech haten eis Rendez-vous ginn, fir op engem Spadséiergang laanscht d’Uelzecht iwwer seng besonnesch Bezéiung zu Déieren ze schwätzen. Aus senger aussergewéinlecher Begabung huet hie säi Beruff gemaach.
De Laurent Amann ass grouss an dënn, säin Dackel ass kleng, huet e laangt rout Fell an ass e bëssen nervös. Dowéinst gouf ech am Virfeld scho virgewarnt: „Hien huet et net gär, wann e vun engem Friemen ugepaakt oder ze vill ugekuckt gëtt. Da gëtt e séier onsécher a billt. Am beschten also einfach komplett ignoréieren, da fillt hie sech wuel a glécklech.“ Ok, denken ech mer, obwuel ech den Hond guer net ignoréiere wëll, well ech jo schliisslech d’Bezéiung tëschent deenen zwee beobachte wëll.
Wéi de Laurent mir d’Hand gëtt, fir Moien ze soen, fänkt säin Dackel Sunny (säi richtegen Numm ass iwwregens „Unique little Sunshine des Diamants de Montecarlo“) un, kräfteg ze billen. Ech erschrecke mech kuerz an de Laurent hëlt de Mupp op den Aarm. De Sunny kuckt mech skeptesch un. Hie wëll mir warscheinlech vermëttelen, ech sollt elo besser goen oder op d’mannst meng Distanz halen. Ech loosse mech awer net stéieren, ignoréieren den Hond komplett a versichen, mam Laurent an d’Gespréich ze kommen. E puer Minutte méi spéit léisst hien den Hond erëm erof. De Sunny kënnt bei mech, schnoffelt u menge Been a wackelt zefridde mam Schwanz. „Ech mengen, elo si mer Frënn“, denken ech.
Op jidde Fall huet all Déier eng kloer Kierpersprooch, op déi sech en Trainer an och den Déierebesëtzer gäre verloossen, bestätegt de Laurent. „Dat ass net falsch, mee et kann ee sech täuschen“, erkläert hien. „Wéi de Mënsch kann och d’Déier seng Kierpersprooch verstellen.“ Hien nennt als Beispill en Hond, deen no Fudder heescht, wéi wann en um Erhéngere wier. „D’Botschaft ka falsch eriwwerkommen an dann hu mer e Problem: Déier a Mënsch versti sech grad net a fannen dann och keng Léisung op de Problem.“ Genee hei kënnt dem Laurent seng besonnesch Fäegkeet an d’Spill. Hie bréngt et fäerdeg, sech an d’Déier eranzeversetzen, ze spieren, wéi d’Déier sech fillt a wéi et eng bestëmmte Situatioun empfënnt. „Et ass eng Fäegkeet, déi am Fong jidderee vun eis huet, mee ech hu geléiert, se weider auszebauen a ganz geziilt anzesetzen“, preziséiert hien.
Déiereflüsterer
En Déiereflüsterer ass eng Persoun, déi besonnesch Fäegkeeten huet, fir mat den Déieren ze kommunizéieren, hiert Verhalen ze verstoen a se ze beaflossen. De Begrëff leet sech vun Buch „The Horse Whisperer“ aus dem Joer 1995 of, dat e puer Joer méi spéit verfilmt gouf, mam Robert Redford an der Roll vum Päerdsflüsterer Tom Booker. D’Verb „flüsteren“ steet dobäi fir eng duuss a respektvoll Kommunikatioun tëschent Mënsch an Déier.
Hie bréngt et also fäerdeg, dem Déier e bestëmmtent Gefill ze vermëttelen, wéi zum Beispill „Et ass alles an der Rei“ oder „Hei ass meng Grenz, komm net méi no“. D’Déier spiert dat an, fir et da ganz kloer ze maachen, kann ee gläichzäiteg en antrainéiert Wuert ausschwätzen ewéi „Platz“, „sitz“ oder „komm“. De Laurent erkläert, datt d’Déieren d’Ausstralung vum Mënsch wouerhuelen. „Do ass jo alles dran: deng Gedanken, deng Gefiller, deng Virstellungen a souguer deng Traumaen. Dat kann een dann och notzen, fir méi bewosst mam Déier ze schwätzen.“
Hien huet aus senger Begabung säi Beruff gemaach. „Ech hëllefen de Leit, hiert Déier besser ze verstoen“, seet hien. „An och ze verstoen, wat am Déier virgeet.“ D’Déiere géifen net mental funktionéieren, wéi de Mënsch, mee immens emotional. „Wann s de verstees, firwat däin Déier sech an enger bestëmmtener Situatioun esou verhält a wat dohannerstécht, da weess de och besser, wéi s de domadder ëmgoe solls, fir dem Déier ze hëllefen.“ Fir en Déier ze verstoen a fir sech mat ëm auszetauschen, muss een dat op sengem Gefills-Niveau maachen, an net op deem mentalen Niveau, op deem de Mënsch meeschtens ënnerwee ass.
Mee wéi ass et iwwerhaapt zu där besonnescher Verbindung mat den Déiere komm?
Als klenge Bouf huet hie sengem Bop zu Bouneweg, deen eng grouss Faszinatioun fir Insekten hat, vill am Gaart gehollef. Do huet hie geléiert, d’Insekten ze bestëmmen. „Deemools ass bei mir d’Begeeschterung fir d’Déiere komm.“ Gläichzäiteg huet e sech méi schwéier an der Mënschewelt gedoen, wéi e selwer seet. Als Bouf muss ee Fussball spillen, et muss ee staark sinn – dës Erwaardunge konnt a wollt hien net erfëllen. Hien huet einfach net an dat Scheema eragepasst. „D’Déiere waren am Fong meng Flucht aus dëser Mënschewelt.“ De Laurent huet seng staark Emotiounen a seng Feinfülegkeet, déi em bis dohinner éischter am Wee stoungen, zu sengem Virdeel gemaach, andeems en dës bei den Déieren agesat huet.
Mat 9 Joer huet hien ugefaangen, um Päerd ze reiden. Dofir muss een net nëmmen d’Reittechnik léieren, mee och eng gewësse Verbindung mam Déier opbauen, wat deem klenge Laurent immens liichtgefall ass. Mat 15 huet hien du säin eegent Päerd kritt, mat deem en eng Bezéiung opgebaut huet, an där ee sech géigesäiteg verstan an eng gemeinsam Zukunftsvisioun hat. Fir hie war spéitstens du kloer, datt e seng Verbindung zu den Déiere wéilt zum Beruff maachen.
Nom Lycée huet hien zu Stroossbuerg Biologie mat Spezialiséierung op Zellen- a Verhalensbiologie studéiert. Dono huet hie sech zu Wien op d’Léierverhale vu Papageie spezialiséiert. 15 Joer huet hien an der éisträichescher Haaptstad gelieft, bis en 2020 op Nice geplënnert ass. Haut pendelt en tëschent der Côte d’Azur a Steesel hin an hier. Dofir huet e sech och fir esou e klengen Hond entscheet, well en deen am Handgepäck ka mat an de Fliger huelen. „Da kann ech en am oppene Kuerf bei meng Féiss stellen.“
Schaman
De Begrëff Schaman staamt aus dem Tunguseschen (enger Sprooch aus Sibirien) an heescht esou vill ewéi „de Wëssenden“. Fir de Laurent Amann bedeit et ganz einfach, sech mat de Séilen auszetauschen, andeems hie mam spirituellen Deel vum Mënsch oder Déier a Kontakt trëtt. E Shaman huet deemno d’Fäegkeet, an anere Realitéiten ënnerwee ze sinn a sech mat der Séil vun Déier a Mënsch ze verbannen. Sou kann hien och de Séilevertrag tëschent Déier a Mënsch erkennen a versteet, firwat déi zwee sech ausgesicht hunn, fir e Stéckche vum Wee zesummen ze goen. Am Kontext vun dësem Artikel ass e Schaman also eng Persoun, déi Zougang zum Spirituellen huet an dëst mat der normativer Realitéit verknëppe kann.
Obwuel hien de Kaninchendackel mam roude Fell bewosst no dëse Krittären ausgesicht huet, war et awer keen Zoufall, datt ausgerechent de Sunny de Wee bei hie fonnt huet, erkläert de Laurent. Hien hat mat enger Ziichterin Kontakt opgeholl, fir scho mol alles ze klären, fir wann en zwee Joer méi spéit da bereet wier, sech en Dackel mat roudem Fell zouzeleeën. Mee et koum alles anescht. Zwou Woche méi spéit huet d’Ziichterin hien ugeruff a gezielt, beim aktuelle Worf wier e Feeler ënnerlaf an et wier e rouden Dackel amplaz vun engem schwaarzen op d’Welt komm. Dëst war fir de Laurent en Zeechen, datt de Sunny sollt fir hie bestëmmt sinn. De klengen Dackel huet och eng besonnesch Eegenaart, déi de Laurent esou erkläert „D’Hausdéiere sinn dacks e Spigel vun hirem Mënsch, mee kënnen dësen an engem ganz bestëmmte Punkt och erausfuerderen, andeems se e mat eppes triggeren an domat geckeg maachen.“ Beim Sunny ass et seng distanzéiert Haltung géigeniwwer Friemen, déi och ech schonn direkt am Ufank erlieft hunn. Domadder weist hien dem Laurent, datt ee sech vun de Friemen net alles soll gefale loossen an hinne vun Ufank u soll kloer Grenze setzen. Eppes, dat de Laurent net ëmmer esou gutt kann. „Ech sinn dacks ze vill diplomatesch, amplaz méi direkt ze sinn. De Sunny weist mir, wéi ee kloer Grenze setzt.“
Am spirituelle Beräich nennt de Laurent dëst e Séilevertrag, deen d’Séil vum Mënsch mat där vum Déier ageet, andeems se beieneefannen an en Deel vum Liewenswee zesumme ginn. „Dobäi hëlleft d’Déiereséil der Mënscheséil, hir Bestëmmung ze erkennen an de Wee, deen dohinnerféiert, ze fannen.“
Well de Laurent Amann souwuel déi wëssenschaftlech Säit vun der Verhalensbiologie kennt wéi och eng spirituell Begabung huet, bedéngt hie sech bei senge Clienten, déi en ëm Rot froen, aus enger ganzer Panoplie vu Methoden, fir hinnen an hirem Déier ze hëllefen. Mol muss hie ganz spirituell un de Problem erugoen, mol ass et eng Mëschung tëschent der traditioneller Verhalensbiologie an der spiritueller Welt, mol ass et ganz banal einfach nëmmen dat falscht Fudder, wat d’Déier kritt.
Hien ass domadder als Schaman net nëmmen e Vermëttler tëschent Mënsch an Déier, mee och een, deen déi spirituell Methode mat de wëssenschaftlechen Outile verbënnt, fir ganzheetlech un e Problem erunzegoen.
Um Enn vun eisem Spadséiergang ass de Sunny ganz friddlech. Hie weess bestëmmt, datt et elo an den Auto geet, a freet sech bestëmmt drop, de Laurent erëm ganz fir sech ze hunn.
En Artikel vum Eric Rings
Schrëftsteller
De Laurent Amann ass niewelaanscht och Schrëftsteller an huet follgend zwee Bicher zesumme mam Asim Aliloski geschriwwen an erausginn: