Engagéiert Iech!

De Landjugenddag

Placeholder Dummy template
De Konterbont ass der Fro nogaangen, wat et eigentlech mam Landjugenddag op sech huet.

De Landjugenddag ass en Event, dee vill Veräiner laang Zäit am Viraus an hirem Kalenner stoen hunn. Et ass en Treffe vu Jonken an och manner Jonken, mat vill Traditioun, Spaass a bei deem d’Zesummeliewen zelebréiert gëtt. Wéi all Joers ass en och dës Kéier op Christi Himmelfaart gefall. De Konterbont ass der Fro nogaangen, wat et eigentlech mam Landjugenddag op sech huet.

Marthe Bourg
Jil Thorn

D’Jil Thorn kënnt eis mat engem Grupp vu jonke Leit entgéintgetrëppelt. Si mussen derno nach weider Virbereedunge fir de Landjugenddag treffen, dee virun der Dier steet. Mir hunn eis Rendez-vous zu Sprénkeng, an der Gemeng Dippech, op engem ganz neie Bauerenhaff ginn, fir iwwer de Landjugenddag ze schwätzen. An der neier Hal a ronderëm den Haff sollen an e puer Deeg d’Feierlechkeete lassgoen.

Déi jonk Fra huet dëser Deeg vill ze dinn. Si ass d’Presidentin vun der Landjugend Süden, déi dës Kéier dat traditionellt Fest op d’Bee stellt. Ofwiesselnd ass et all Joers un enger anerer vun de siwe regionale Landjugendgruppen, dëse wichtegen Dag ze organiséieren.

D’Jil Thorn huet 24 Joer, ass säit 2015 an der Landjugend dobäi a säit 2020 Presidentin vum Grupp Süden. „Dëst Joer wäert awer dat lescht sinn, wou ech Presidentin wäert sinn“, erzielt si. Si mécht am Moment nach hire Master am Beräich Landwirtschaft an Ëmwelt zu Bingen an Däitschland a schafft als Fudderberoderin bei der Bauere Koperativ (BAKO) zu Housen. Spéider wëll si eng Kéier de landwirtschaftleche Betrib vun hiren Elteren iwwerhuelen, dee sech virun allem op d’Kaalweropzuucht spezialiséiert huet. Mee bis dohi wëll si weider Erfarungen am landwirtschaftleche Beräich sammelen.

D’Roll vun der Relioun

Bei eist Gespréich kënnt elo och d’Marthe Bourg dobäi. Si ass säit Mee 2022 Presidentin vun der nationaler Sektioun vun der Landjugend. Si erkläert, datt dëse Posten no engem Roulementsprinzip funktionéiert an ofwiesselnd vun de verschiddene regionale Gruppe gestallt gëtt. D’Marthe Bourg huet zu Bingen an Däitschland Agrarwirtschaft studéiert an huet no hirem Studium ugefaangen, beim Déierenziichter Convis zu Ettelbréck ze schaffen. Wéi beim Jil Thorn hunn och hir Elteren e Bauerebetrib, an deem si opgewuess ass. „Ech hu Bauer geléiert, duerno studéiert an et war schonn ëmmer mäin Hobby“, seet d’Marthe Bourg. An hirer Fräizäit hëlleft si um Bauerenhaff, deen enges Daags hire Brudder wäert iwwerhuelen. D’Landjugend huet hir et erméiglecht, sech an hirem Hobby ze engagéieren a matzewierken. „Ech mengen, datt mir mat deenen Aktiounen, déi mir allkéiers starten, och eppes bewierke kënnen“, seet si. „An dat ass schéin, dat ass Freed, an dofir maachen ech dat hei och.“

Säit dem éischte Landjugenddag am Joer 1975 zu Ëlwen gëtt dësen all Joer op Christi Himmelfaart gefeiert. Dat ass keen Zoufall, wéi d’Jil Thorn an d’Marthe Bourg eis verroden. Dat reliéist huet ëmmer eng wichteg Roll fir d’Landjugend gespillt. Fréier vläicht nach méi wéi haut. Un dëser Traditioun gëtt festgehalen, gradesou wéi dorunner, datt de Landjugenddag mat enger Mass ufänkt, déi vum Kardinol Jean-Claude Hollerich perséinlech gehale gëtt. „Mir ënnerhuele vill mam Jean-Claude Hollerich zesummen“, seet d’Jil Thorn. Och wier d’Landjugend ee vun de Veräiner, déi dorunner festhalen, bei der Ufanks- a bei der Schlusspressessioun vun der Oktav dobäi ze sinn. D’Marthe Bourg preziséiert, datt d’Landjugend och en Aumônier huet, deen hinnen zur Säit steet. Fréier war et de Pater Spoden, deen Aumônier vun de Jongbauere war an dee gehollef huet, d’Landjugend ze grënnen, well et virdru just d’Jongbauere gi sinn. Dës hu sech iwwregens deemools mat der Landjugend zesummegedoen an nenne sech säitdeem Landjugend a Jongbaueren ASBL

De politesche Volet gëtt éischter um nationalen Niveau vun de Jongbaueren iwwerholl, wou de Charel Ferring President ass. „Si maachen och mol zesumme mat eis Landjugend-Stellungnamen, wéi zum Beispill beim leschten Agrargesetz, wou mir verschidden Ännerunge proposéiert hunn an déi um Enn och ugeholl gi sinn“, seet d’Jil Thorn. Et géif och dorëms goen, gemeinsam Iddien ze entwéckelen, déi da kéinten zesumme beim Landwirtschaftsministère virgestallt ginn. „Mir vertrieden zesumme mat de Jongbaueren haaptsächlech d’Interessie vun de jonke Baueren.“ 

De Landjugenddag ass fir jiddereen

Beim Landjugenddag trëtt awer d’Politik an den Hannergrond. No der Mass gëtt et en Éierewäin an duerno e Mëttegiessen an der grousser Hal vum Bauerenhaff zu Sprénkeng. Nomëttes steet dann e Rallye pédestre un a et gi vill Spiller organiséiert – well deen Dag och Europadag ass, gëtt extra en Europaspill ugebueden – an owes gëtt de Landjugenddag mat engem Bal ofgeschloss. Déi zwou Presidentinne betounen, datt de Landjugenddag net nëmme fir déi siwe regional Landjugendgruppe geduecht wier. Ettlech Jugendveräiner wären ugemellt, Famille mat Kanner, Frëndeskreesser a souguer e Jonggesellenabschid ass dëst Joer mat vun der Partie. Och d’Anciene vun der Landjugend géife sech gären hei weise kommen a se hätte souguer en eegent Spill fir deen Dag virbereet. „All Mënsch kann hei matmaachen.“ 

Hautdesdaags ginn et a verschiddene Regiounen – wéi zum Beispill am Süden – net méi vill Jugendveräiner, seet d’Jil Thorn. D’Landjugend wär och dofir do, dëse Jugendlechen d’Méiglechkeet ze ginn, bei hinne matzemaachen, och wa si näischt mat de Baueren ze dinn hunn. Am Éislek géifen et awer nach sou munch Jugendveräiner ginn. Hei wieren déi Jonk dacks souwuel an hirem Veräin ewéi och an der Landjugend ënnerwee. Anerersäits géif d’Landjugend besonnesch deene jonke Baueren d’Méiglechkeet ginn, sech ënnerenee kennen ze léieren, aner Leit ze begéinen, gemeinsam Interessien auszetauschen an zesummenzeschaffen. D’Landjugend organiséiert awer och Eventer, déi näischt Spezifesches mat der Landjugend oder de jonke Baueren ze dinn hunn, wéi beispillsweis en Après-Schi. 

Bauer vu Klengem un

D’Marthe Bourg an d’Jil Thorn si sech eens, datt een eigentlech Bauer vu Klengem un ass. Et géif een dat virgelieft kréien an dann entscheet ee sech, ob een dofir gemaach ass oder eeben net. Landwirtschaft ze studéieren, wär natierlech och net vu Muttwëll, well een do léiert, verschidde Prozesser méi genee ze verstoen. Genau sou wichteg schätze si awer d’Praxis an, déi een op der Uni net sou ka vermëttelt kréien. „Wat awer wichteg ass, ass, datt een net méi deen Tunnelbléck huet“, preziséiert d’Marthe Bourg. Domat mengt si, datt ee misst mat der Zäit goen an oppe si fir nei Entwécklungen. „Dofir maachen d’Baueren haut reegelméisseg Fortbildungen“, seet d’Jil Thorn. „Dovunner ofhängeg sinn nämlech och verschidde Primmen, déi un nei Verfare gekoppelt sinn.“

D’Erausfuerderunge fir déi jonk Baueren

„Grouss Erausfuerderunge fir d’Baueren allgemeng sinn d’Wieder an d’Wiederextreemer“, seet d’Marthe Bourg. De Klimawandel géif ee scho mierken. „Den Ufank vum Fréijoer war ze naass, d’Bauere stoungen an de Startlächer, fir um Feld ze schaffen, mee et war net méiglech“, erkläert si. Am Summer ass et dacks ze dréchen. „D’Wieder ass am Fong d’Grondlag vum Bauer.“ Et géifen ëmmer nei Iddien entstoen an nei Maschinnen entwéckelt ginn, fir besser mat de Wiederextreemer eens ze ginn, sou d’Jil Thorn. Vill Jongbaueren, déi e Betrib opmaache wëllen, kéint dat ofschrecken. Well do vill Sue mussen investéiert ginn, déi ee säi Liewe laang misst ofbezuelen. Och d’Tatsaach, datt all fënnef Joer en neit Agrargesetz gestëmmt gëtt, géif eng grouss Onsécherheet fir d’Bauere bedeiten. Investitioune kéinten iwwerflësseg ginn an neier missten op eemol dobäikommen. „Also entweeder mécht een dat mat Häerz a Blutt an et mécht een déi Déifte mat, oder – wat jo och verständlech ass – et léisst een d’Fangeren dovun an et sicht ee sech eng sécher Aarbechtsplaz.“

Dofir ass den Engagement vu Leit wéi dem Marthe Bourg an dem Jil Thorn esou wichteg. Si fërdere mat der Landjugend a mam Landjugenddag d’Zësummekomme vun de Jonken, fir datt se sech kënnen austauschen. Dat ka se motivéieren, enges Daags en eegene Betrib ze féieren, well d’Zuel vun de Bauerenhäff geet zeréck an et gi manner Jonker, déi bereet sinn, do eranzeklammen. Dofir rifft d’Marthe Bourg op: „Ech ka jidderengem uroden an un d’Häerz leeën: Engagéiert Iech!“

En Artikel vum Eric Rings

Fotoen: © LLJ

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.