Vun enger Frëndin hunn ech héieren, dass hiren Urgrousspapp, dee mat senger Fra op der Zowaasch gewunnt huet, ëmmer erzielt hätt, e wär am Bësch ronderëm d’Duerf der wëller Fra begéint. Zu där Geschicht passt natierlech de franséischen Numm vun der Uertschaft, déi verstoppt am Bësch direkt un der franséischer Grenz läit: Lasauvage – déi Wëll. Wann een där Pist do nogeet, da fënnt ee séier e puer méi Informatiounen – bei deene puer bleift et dann awer och, well et sech éischter ëm eng So handelt, déi mëndlech vun der lokaler Bevëlkerung verbreet ginn ass.
Op enger knapper Säit erzielt de Mario Junkes a sengem 2024 publizéierte Buch „Sagen & Legenden aus Luxemburg“ d’So vun der wëller Fra vun der Zowaasch. Den Text baséiert dobäi staark op dem Nikolaus Gredt senger Monografie „Sagenschatz des Luxemburger Landes“ vun 1883. Am Junkes sengem kuerzen Text fanne mer eraus, datt d’Dall, an deem haut d’Uertschaft Lasauvage läit, am fréie 17. Joerhonnert den Numm „Val de la sauvage femme“ hat. Dësen Numm hat d’Dall wéinst där wëller Fra, déi hei hiert Doheem an enger Hiel vum Fiels „La Cronnière“ hat. Et gëtt erzielt, datt d’wëll Fra haaptsächlech réit Fleesch giess respektiv gefriess hätt. Se wär plakeg duerch de Bësch gelaf an dat Eenzegt, dat hire Kierper bedeckt hätt, wären hir déck Hoer gewiescht, déi hir bis bei d’Féiss gaange wären an domadder all Zort vu Kleedung iwwerflësseg gemaach hätten.
Den Text verréit eis, datt déi wëll Fra e roude Schleier ronderëm d’Ae gehat hätt, déi wéi geglouste Kuele gefonkelt hätten. An hire Mond, dee schrecklech breet gewiescht wär, hätt eng duebel Rei aus spatzen Zänn net ganz kënne verstoppen. Hir Stëmm hätt un Eile-Gehuerels erënnert an hir Fangere wäre mat schaarfe Krallen ekipéiert gewiescht, mat deene se hir lieweg Narung zerrappt hätt.
D’So hält net mam Doud vun der wëller Fra op. Nodeems se gestuerwe wär, hätt se keng Plaz an der Hell fonnt, well een do geduecht hätt, se wär „d’Weibche“ vun engem wëllen Déier gewiescht. Et wär hir also näischt aneschters iwweregbliwwen, wéi erëm erop op d’Äerd ze kommen an hei als gräisslecht Gespenst déi ganz Géigend ze terroriséieren. D’Erléisung – wéi kann et aneschters sinn – wär dann natierlech duerch e Mann komm, deen och nach e frommen Einsiidler gewiescht wär an an engem Bësch net wäit ewech gewunnt hätt. Dësen hätt de Geescht vun der wëller Fra déi Säit vum Mier gebannt (et ass net rieds dovun, wéi e Mier an der Géigend vu Lëtzebuerg dat da soll gewiescht sinn). Den Text hält follgendermoossen op: „Er tat es unter Anrufung des Heiligen Donatus und ‚Unserer Lieben Frau zu Luxemburg‘, deren heilige Bilder zum Andenken an die wunderbare Befreiung in dem Felsen La Cronnière aufgestellt wurden.“
Mir halen déi do Erzielung fir zweiwelhaft. Eng wëll Fra brauch sécherlech kee Mann, dee se befreit, a scho guer kee frommen. Déi do Variant vun der Geschicht schéngt eis éischter en (toxeschen) männleche Bléckwénkel ↗️ ze representéieren, deen de CID Femmes a senger Publikatioun „Not the girl you’re looking for – Melusina rediscovered“ zum Beispill och fir d’Melusina-Figur constatéiert huet: Am kollektive Bewosstsi géing d’Bild vun der braver, aartlecher Melusina dominéieren, déi an deem Moment, an deem se vun hirem Mann verrode ginn ass, einfach stomm an ouni Kampf verschwonnen ass. D’Melusina gëtt zwar net verdäiwelt, dofir awer verharmloost a komplett passiv duergestallt.
Wa mer wëllen erausfannen, wéi d’Geschicht vun där wëller Fra dann elo wierklech war, mécht et absolut Sënn, e Bléck op dem Clarissa Pinkola Estés säi Buch „Women who run with the wolves“ ze geheien, dat 1992 erauskomm ass an op Däitsch mam Titel „Die Wolfsfrau. Die Kraft der weiblichen Urinstinkte“ iwwersat gouf. Déi promovéiert Psychoanalytikerin befaasst sech an dëser Monografie mam Archetyp vun der wëller Fra, dee se a villen ale Märercher, Mythen a Legenden erëmerkennt, déi op der ganzer Welt verbreet sinn. Déi Geschichte fungéiere laut hir als Erënnerungen un déi weiblech Urkraaft, déi instinktiv Wëllheet a Weisheet, déi an all Fra schlummeren an déi duerch de modernen Zivilisatiounsprozess mat senge fixéierte Fraerollen ënnerdréckt goufen. Déi wëll Fra ass hei kee Mënsch, deen ee muss fäerten, mee eng Fra an hirem volle weibleche Potenzial. Et handelt sech deemno ëm eng elementar Ëmdeitung vum Archetyp.
Tatsächlech gëtt heiansdo ugedeit, datt d’wëll Fra vun der Zowaasch eng Heelerin gewiescht wär, vläicht eng Aart Kraiderhex, déi de Leit mat ongewéinleche Methode gehollef hätt. D’Clarissa P. Estés schreift an „Die Wolfsfrau“, datt an de weltwäite Märercher, Mythen a Legenden am Laf vun der Zäit déi al heednesch Symboler duerch chrëschtlecher iwwerlagert goufen an esou eng Heelerin beispillsweis zu enger béiser Hex ëmgedicht ginn ass. Natierlech wären déi sexuell Elementer vun esou Erzielungen direkt komplett eliminéiert ginn – mat (weiblecher) Sexualitéit hu fromm Männer glat guer näischt um Hutt. Eng änlech Ëmdichtung vermuten ech och am Fall vun der wëller Fra vun der Zowaasch: Dat, wat net der Norm vun deem konservativ-reliéise Weltbild entsprécht, gëtt wuertwiertlech verdäiwelt.
Duerch d’Lupp vum Clarissa P. Estés sengem Buch gekuckt, kritt een eng komplett aner Perspektiv op d’Bëschfra vun der Zowaasch. Mir hunn et elo mat enger Fra ze dinn, déi e staarken, resistenten an un d’Liewen an der Natur adaptéierte Kierper huet. Si ass net ugepasst, lieft instinktiv, weess sech ze verteidegen a kann och ugräifen, wann d’Situatioun et erfuerdert. D’Bëschfra ass net an eng gesellschaftlech adäquat Uniform eragepresst, déi hir Existenz op eng spezifesch Funktioun reduzéiert, mee beweegt sech fräi an athleetesch duerch d’Natur. Hir Fräiheet weist sech och demonstrativ am ongehemmte Gebrauch vun hirer Stëmm. Si léisst sech vu kengem de Mond verbidden. Hir Aen, déi fonkelen, sinn en direkten Ausdrock vun hirem staarken ënnerleche Feier – et kéint ee vun der Séil schwätzen –, dat kontinuéierlech brennt an duerch de physesche Kierper duerchschéngt.
Deen Deel vun der So, deen de Retour vun der Bëschfra als Geescht erzielt, ka sënnvoll als metaphoresch Perspektiv interpretéiert ginn, déi hire besonneschen, intime Lien zum Doud opweist. Net fir näischt heescht et an „Die Wolfsfrau“, datt déi wëll Fra ëmmer gläichzäiteg eng „Göttin des Todes und des Lebens“ wär. Den Doud symboliséiert hei awer och e kontinuéierlechen Transformatiounsprozess: D’wëll Fra weigert sech nämlech, e „falscht“ Liewen ze féieren, se léist Bezéiungen hannert sech, déi se aspären, affert al Identitéitsschablounen a geet duerch Phase vun ënnerlecher Eidelheet, Trauer an Donkelheet. Ëfters e klengen Doud ze stierwen, bréngt se hirer tatsächlecher Natur, d. h. hirem ënner Sozialisatioun a Konditionéierung begruewene Wiesenskär méi no.
Wann dir wëllt wëssen, wien dann elo Recht huet, da maacht iech am beschte selwer op de Wee op Lasauvage. Do sinn net nëmme flott Spadséiergäng an engem ganz verwonschenen Eck vu Lëtzebuerg méiglech, mee eben och eng Spueresich no der wëller Fra. De Restaurant „Chez Flavia“ bitt sech als éischt Statioun un. Hei fënnt een e Bild vun der Bëschfra, op deem se mat laange rouden Hoer ënner engem Stärenhimmel steet a grad en Hues mat hire Kralle gefaangen ze hu schéngt. A wie sech bis an den déiwe Bësch traut, erbléckst eventuell déi real wëll Fra, déi an den Erzielunge vum Urgrousspapp vu menger Frëndin ëmmer erëm opgedaucht ass – wann et esou ass, dann hat den Här net geflunkert.
En Artikel vum Heng Barone