Kultur kennt keng Grenzen

2000

Eventer

120

Natiounen

160

Projete

Déi lëtzebuergesch Kulturhaaptstad Esch erzielt 2022 d’Geschicht vun enger Regioun – vun der Stolindustrie bis an den digitalen Zäitalter.

Néierens zu Lëtzebuerg treffe Vergaangenheet an Zukunft méi openeen ewéi zu Esch. 120 Natioune sinn an der zweetgréisster Stad vum Land doheem. An dëser grousser Villfalt setzt Esch als Kulturhaaptstad 2022 vun Europa op de Motto Remix Culture an zitt gläich eng ganz Regioun mat sech.

Ronn 160 Projete mat méi ewéi 2.000 Eventer sinn et, déi d’Stad am Süde vu Lëtzebuerg zesumme mat Gemengen am ugrenzende Frankräich deels grenziwwerschreidend plangt.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Bis elo huet et d’Kulturfans ëmmer an d’Haaptstad gezunn. Dat soll sech elo änneren. Esch2022 ass fir Esch e Sprangbriet. Um Programm stinn Theater, Ausstellungen, Danz, Performancen, Workshoppen an digital Konscht – mat verschiddene Schwéierpunkten an de bedeelegten Uerter: Zu Lëtzebuerg sinn eelef Gemengen an a Frankräich aacht Gemenge mat am Ganze ronn 200.000 Awunner u Bord.

Fir Frankräich sinn dat d’Gemenge vun der Communauté de Communes du Pays Val d’Alzette (CCPHVA): Aumetz, Audun-le-Tiche, Boulange, Ottange, Rédange, Russange, Thil a Villerupt.

Awer net nëmme fir d’Kulturhaaptstad 2022 schaffen d’Gemengen an der Grenzregioun hei zesummen. Scho méi laang gëtt et eng Aarbechtsgrupp „Kultur“, déi et als Zil huet, de Räichtum an d’Vilfalt vun der Kultur an der Groussregioun ervirzehiewen esouwéi de grenziwwerschreidenden Dialog tëschent de Kulturschafenden um Niveau vun der Groussregioun ze stäerken an ze strukturéieren.

Dofir ginn et hei méi Aarbechtsberäicher:

  • Gemeinsam Orientéierungen, fir kulturpolitesch Moossnamen an der Groussregioun ze erschaffen;
  • D’Fërderung vun der Mobilitéit vum Publikum, vun de Wierker an de Kulturschafenden;
  • D’Entwécklung an d’Begleedung vu Projeten an d’Professionaliséiere vu grenziwwerschreidende Kulturnetzwierker.

D’Aarbechtsgrupp „Kultur“ setzt sech zesummen aus der Région Grand Est, der Direction régionale des affaires culturelles (DRAC) an den Departementer Meuse, Meurthe-et-Moselle a Moselle, dem Ministerium für Bildung und Kultur des Saarlandes, dem Ministerium für Familie, Frauen, Kultur und Integration Rheinland-Pfalz, dem Ministerium der Deutschsprachigen Gemeinschaft Belgiens, der Administration Générale de la Culture de la Fédération Wallonie-Bruxelles an dem Lëtzebuerger Kulturministère.

De Virsëtz vun der Aarbechtsgrupp Kultur rotéiert a gëtt vun engem vun de Membere fir zwee Joer iwwerholl. 2021-2022 huet d’Région Grand Est an Zesummenaarbecht mat deenen anere Membere vun der franséischer Deelregioun de Virsëtz.

D’Groussregioun schafft also schonn am kulturelle Beräich zesummen.

Wat elo awer d’ASBL Capitale européenne de la culture 2022 betrëfft, ass dës extra gegrënnt gi fir d’Konzipéierung, d’Plangen an d’Duerchféiere vum Projet Esch2022, also gëtt et do net wierklech e „baussent“ der Kulturhaaptstad.

Awer well Esch2022 en nohaltege Projet ass, ass et d’Zil, Ënnerstëtzung ze bidden, fir datt sech am Laf vun Esch2022 laangfristeg Partnerschafte bilden – z. B. tëschent lëtzebuergeschen a franséische Gemengen oder och tëschent Projetsdréier ewéi individuell Kënschtler, Kultur-institutiounen oder Bildungsariichtungen – an eng grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht bestoe bleift respektiv sech weiderentwéckelt.

Natierlech gi sech och vill Awunner aus der Groussregioun erwaart – an natierlech och an dësem Fall –, speziell déi, déi laanscht déi franséisch Grenz wunnen.

Grad och, well vill Pendler aus der Grenzregioun all Dag „nëmmen“ op d’Aarbecht fueren an erëm heem, géifen d’Organisateure sech freeën, wa si d’Esch2022-Regioun entdecken an aktiv um Europäesche Kulturhaaptstadprojet deelhuele géifen.

Wéi gesäit et mat de Spectateuren aus de Jore virdrun aus? Fuere vill lëtzebuergesch Awunner an d’Ausland op Evenementer a komme vill Zuschauer aus der Groussregioun op Lëtzebuerg, wann et ëm d’Kultur geet?

Am Joer 2018 huet zum Beispill d’Rockhal 254.786 Visiteure gezielt. An am Joer 2019 ass dës Zuel esouguer nach op 256.754 eropgaangen.

Hei waren d’Hallschent vun hinne Lëtzebuerger, déi aner Hallschent ass zesummegesat aus Visiteuren aus den Nopeschlänner mat 19 % Fransousen, 16 % Däitscher an 13 % Belsch. 3 % kommen esouguer vu méi wäit, aus England, Holland oder Italien.

Natierlech ass och gewosst, datt vill lëtzebuergesch Awunner an d’Ausland fueren, fir u Concerten, Theatervirstellungen, Ausstellungen an anere kulturelle Veranstaltungen deelzehuelen.

En Artikel vum Tania Hoffman

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.