Kuddelfleck

E legendäert Rezept aus der Lëtzebuerger Kichen an en narhafte Menü, net nëmme fir déi kal Wanterdeeg

Wosst du schonn …?
Wéi den Numm et seet, gëtt de Kuddelfleck aus Kuddele gemaacht. Mee wat sinn dann eigentlech Kuddelen? Kuddele sinn déi 4 Mee (dt. Labmagen, Netzmagen, Blättermagen a Pansen) vu Ranner, Schof a Kaalwer. Fir de Kuddelfleck ginn awer just Rëndsmee verschafft.

Du brauchs:

Fir d’Zooss:



  1. D’Kuddelen a 4 × 6 Zentimeter grouss Stécker schneiden a mat Salz a Peffer wierzen.
  2. D’Stécker fir d’éischt an d’Miel, duerno an d’Ee an dann an d’Panéiermiel zappen an am gliddegen Ueleg ubroden. Déi fäerdeg Kuddele waarm stellen.
  3. Fir d’Zooss ginn d’Ënnen an de Kappzelleri geschielt a kleng geschnidden. De Péiterséileg gëtt ganz kleng geschnidden. De Botter an engem Dëppe schmëlze loossen, d’Miel derbäimaachen a waarden, bis et liicht brong gëtt. Duerno e bëssen ofkille loossen.
  4. D’Britt, d’Ënnen, den Zelleri, d’Neelcheskäpp, d’Tomatekonzentrat, d’Lorberblat an d’Hallschent vum Péiterséileg derbäimaachen.
  5. D’Britt op déi kal Kuddele schëdden an alles lues 20 Minutte brutschele loossen.
  6. Esseg derbäimaachen a mat Salz a Peffer wierzen.
  7. D’Kaperen an d’Kornischonge kleng schneiden. Déi fäerdeg Zooss mat de Kaperen, de Kornischongen an dem Rescht vum Péiterséileg garnéieren.

Mir wënschen e gudden Appetit an hoffen, du gëss geneesou legendär wéi d’Rezept, wann s de et nokachs!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.