Ouschterméindeg huet den Ouschterhues mol endlech Zäit, e bëssen ze raschten, an och d’Hénger sinn ausser Otem. Si hu sech gutt dru ginn, hu sech den Aa… opgerappt an deene leschte Wochen a kënnen elo mol a Rou e gudde Patt Eeërlikör drénken. Iwwerdeems, wou d’Klibberen sech och erëm den hëlzene Bierg eropgemaach hunn, klëmmt elo en anert Fiedervéi an d’Rad, an dat och nach gläich an zwee Téin, déi wéi e Guckuck kléngen.
Een, dee méi wéi eng Maischen huet, gëtt gär als Casanova betruecht; och eist klengt Ländche kéint nawell an dëse Verruff kommen, well et gläich zwou Maisercher huet, méi genee gesot Eemaisercher, an zwar eng an der Stad an zanter 1957 och eng zu Nouspelt. Aulebäcker, déi natierlech Pappe vum Péckvillchen, gëtt et op deenen zwou Plazen, mee an der Stad hu si fir d’éischt op Ouschterméindeg an der Méchelskierch hir Patronatsmass ofgehalen, wou si dann och hir Konschtwierker verkaaft hunn. Et goufen der ëmmer méi – Aulebäcker a Konschtwierker – esoudatt deen deemolege Schäfferot 1827 decidéiert huet, datt sollt zousätzlech e klenge Maart um Fëschmaart organiséiert ginn… bis haut ass en do bliwwen, an zwar als natierlecht Liewensëmfeld vum Péckvillchen.
Et kéint een och soen, datt dëse komesche Géigestand ganz einfach eng Päif aus gebranntem Toun ass, mä Päife gëtt et jo iwwerall genuch, dofir huet dëst Konschtwierk d’Form vun engem Villchen, deen säi Mondstéck hannen am Schwanz huet, mat op de Wee kritt. Wann een hei ganz ouni obszön Gedanken dra bléist, produzéiert dee klassesche Villchen zwee verschidden Téin an enker Zesummenaarbecht mat sengem zweeten, och net ganz anatomesch korrekte Broscht- oder Sossanzwousch-Lächelchen, an de Gesang kléngt, wéi wann e Guckuck géif Stëppche spillen. Et ginn allerdéngs och designéiert Musikanten ënner de Péckvillercher, déi eng ganz Oktav kënne produzéieren, och ouni Mäertchen.
Original ass de Péckvillche just aus gebranntem, lokalem Toun, mir hunn also och hei zwee verschidden Téin, een um Fëschmaart an een zu Nouspelt. Am Laf vun de Joerzéngten ass et ëmmer méi opkomm, datt dës Péckvillercher all Joer anescht ausgesinn, si hunn sech also zu regelrechte Sammlerstécker gemausert, obscho se jo eigentlech keng Fiederen hunn. Dobäi sinn et besonnesch déi Originalstécker aus brongroudem Toun, déi bei de Sammler aus allen Ecke beléift sinn. Eng ganz Partie Kënschtler entwerfen all Joer eng nei Kollektioun, esouguer a verschidde Gréissten.
Wéi bei allen Originale ginn et natierlech awer och Fälschungen, Kopien a Plagiater, zum Deel aus Parzeläin oder awer och aus Gips a mat Schlitzan aus China, well do gëtt jo alles kopéiert, esouguer de Porsche Macan oder den Eiffeltuerm, mä dat ass eng aner Geschicht. Och aner Formen a Fantasiedéieren dauchen ëmmer erëm op, mä den Original ass a bleift de Péckvillchen, wat géife mir och mat enger Péckgiraff, engem Péckaf, enger Péckméck oder volleksiwwergräifend engem Péckalau ufänken?
Et ass schonn eng schmiereg Affär, aus deem glëtschegen Toun esou Villercher ze formen, esou gutt wéi ëmmer op der Hand a mat vill Fantasie, duerno ginn se gestempelt, an dann an engem spezielle Keramik-Uewe virsiichteg bei 950 Grad duerchgebak (t’ass net fir ze baschten), glaséiert, nogebak an eventuell dann och nach op der Hand gemoolt.
Et gëtt dobäi verschidden Techniken ewéi dréien oder zesummepechen, fir esou e Konschtwierk opzebauen. Wichteg ass, datt de Villchen ëmmer huel muss sinn, well hie soss keen Toun vu sech gëtt. Fäerdeg ass den originale Keramik-Péckvillchen, deen all Joer op en Neies erëm vill Kanner an Erwuessener an zemools Sammler ze begeeschtere weess.
En Artikel vum Sully Prud‘homme