Placeholder Dummy template

Konschthandwierk an der klenger Lëtzebuerger Schwäiz

D’Glasbléiserei Pascale Seil

De Mëllerdall huet méi ze bidden ewéi nëmmen eng wonnerbar Landschaft. Zu Bäerdref fënnt een den Atelier vun der Glasbléiserin Pascale Seil. De KONTERBONT huet sech mat der Lëtzebuergerin getraff, fir mat hir iwwer d’Passioun fir dëst aussergewéinlecht Konschthandwierk ze schwätzen. Dobäi geet et och ëm de quasi europäeschen Ausbildungswee, deen d’Kënschtlerin gaangen ass, ier se sech schliisslech fest zu Lëtzebuerg etabléiert huet.

Fielsen, Baachen, Laftrail, Wanderweeër an e Waasserfall ewéi aus dem Billerbuch. De Mëllerdall, déi kleng Lëtzebuerger Schwäiz. Do, wou et esou muencher Lëtzebuerger oder Tourist hinzitt, fir e puer gemittlech Stonnen ze verbréngen, Vakanz ze maachen, d’Natur ze genéissen oder mol erëm d’Lafschong erauszehuelen. Dertëschent dat eent oder anert, net onbedéngt verschlofent, Nascht. Esou muenches spréngt engem an d’A, wann een duerch déi kleng Dierfer am Mëllerdall trëppelt oder fiert.

Eppes ganz Spezielles gëtt et awer zu Bäerdref ze entdecken. Eng al Scheier matzen am Duerf, eng modern Fassad, eng grouss Fënster, wou fréier emol d’Paart vun deem ale Gemaier war. „Made by Seil“ steet a grousse konschtvolle Buschtawen iwwer der Dier. Wann ee bis dobannen ass, fält deen éischte Bléck op e Comptoir aus Holz, derhannert den Atelier an den Uewen, dee brennt. Eng al Steemauer, „béton vu“ an Holz dominéieren an där aler Scheier. Op all Eck an Enn fënnt ee Konschtobjeten aus Glas, haaptsächlech Skulpturen a Luuchten, mol op engem Regal, mol an enger Vitrinn oder, ewéi an der Pascale Seil hirem Atelier, um ieweschte Stack op engem alen Holziessdësch, op deem Schosselen a Käerzestänneren hir Plaz fonnt hunn.

Éischt Schrëtt a vill Etappen

D’Pascale Seil ass Glasbléiserin, an dat mat Leif a Séil. Mee de Wee bis dohinner war net einfach, ewéi d’Pascale eis am Interview erzielt. Deen éischte Schrëtt an d’Beruffsliewen huet si mat engem CATP als Aulebäckesch am Lycée des Arts et Métiers gemaach. Dat sollt awer just eng éischt Statioun sinn. Mat engem Studium zu Stroossbuerg op der École des Arts Décoratifs sollt et weidergoen. Eng Woch laang huet d’Pascale u Concoursen deelgeholl, fir eng Studieplaz ze kréien. Een no deem aneren huet musse goen, d’Pascale ass bliwwen, huet de Jury iwwerzeegt an hat domat eng Plaz am Studiegang an der Täsch. „Op d’mannst duecht ech dat, bis se mir erkläert hunn, datt ech guer net studéiere kéint, well ech keng Treizième hat!“ Ee vun den deemolege Proffen huet awer dunn d’Léisung fonnt. D’Pascale sollt déi éischt zwee Joer vum Studium, déi éischter méi theoreetesch waren, ewechloossen an direkt an dat praktescht drëtt Joer eraklammen. „En Diplom géing ech zwar op deem Wee net kréien, mee dat war mir net wichteg“, erzielt d’Pascale weider. „Ech wollt eppes léieren a Wëssen an Erfarung sammelen!“

D’Glas an d’Léift zu dësem Material huet d’Pascale dunn zu Stroossbuerg entdeckt. Am selwechte Joer, wéi si op der Schoul war, ass e Glasuewen installéiert ginn. „Mir ware just zu sechs Studenten, déi woussten, wéi dee funktionéiert. A mir hu ronderëmprobéiert an experimentéiert.“ Den Héichpunkt an deem Joer zu Stroossbuerg war sécherlech den Alain Begou, e renomméierte franséische Glasbléiser, deen eng Woch laang säi Wësse vermëttelt huet. Dat war de Moment, wéi d’Pascale sech an d’Material Glas verléift huet.

Vu Stroossbuerg sollt et du fir d’Pascale op Murano weidergoen, déi kleng Inselgrupp virun der Alstad vu Venedeg. Murano ass säit jeehier als Héichbuerg vun der Glasbléiserkonscht bekannt. Hei wollt d’Pascale hiert Wësse verdéiwen. „Mee deen Dram war schnell ausgedreemt“, erzielt si eis. „Fir an Italien ze studéieren, muss ee venezianesch schwätzen, dat war jo nach an der Rei. Wat guer net goung, war déi sexistesch Haltung. D’Glasbléiserkonscht gëtt zu Murano quasi ‚de père en fils‘ weiderginn. Fraen hunn do näischt verluer!“ Mee opgi war fir d’Pascale keng Léisung. Och an Dänemark wossten se deemools, ewéi Glas geblose gëtt, a genee dohi sollt der Pascale Seil hire Wee féieren, mee nach éier dat neit Schouljoer ugefaangen hat, hat si schonn en anere Wee ageschloen. „Ech sinn e wéineg ongedëlleg“, erzielt se mat engem Laachen am Gesiicht. Saumur a Frankräich war déi nächst Etapp, fir mam Scott Slagerman, engem bekannten amerikanesche Glasbléiser, iwwer e Joer laang ze schaffen, éier et du weidergoung op an déi nei gegrënnte Schoul zu Vannes-le-Châtel.

En eegenen Atelier zu Lëtzebuerg

Der Pascale Seil hir Hartnäckegkeet huet sech gelount. Mat engem Diplom als Glasbléiserin vum Centre européen de recherches et de formation aux arts verriers an der Täsch kënnt si zeréck op Lëtzebuerg. An och an de Joren duerno huet se ëmmer erëm mussen op d’Zänn bäissen, fir weider hirer Leidenschaft, der Glasbléiserei, nozegoen. En eegenen Atelier sollt et sinn an deen Dram konnt si sech mat der Hëllef an der Ënnerstetzung vun der Famill erfëllen. „Déi éischt Jore waren haart an et huet méi ewéi nëmmen e Grappvoll Jore gedauert, bis dat Ganzt sech rentéiert huet!“

An och haut heescht et erëm op d’Zänn bäissen, well mat den aktuelle Gaspräisser den Uewe méi dacks ausgemaach muss ginn. Elo vu Juni bis September ass den Uewe beispillsweis ganz aus. An den Zäiten, an deenen en un ass, gëtt dann zesumme mat den zwee Assistenten deels sechs Deeg an der Woch geschafft. „Den Atelier ass dowéinst net ëmmer op“, seet d’Pascale. Well si aktuell de Fokus op hir Luuchte gesat huet, ass si dacks bei Clienten ënnerwee oder op Ausstellungen ze gesinn. Wien hiren Atelier besiche wëll, soll dowéinst onbedéngt am Viraus e Rendez-vous bei hir ufroen.

Fir d’Passioun, déi d’Pascale zu hirem Beruff gemaacht huet, lount et sech ëmmer erëm, op d’Zänn ze bäissen. An datt Leidenschaft derhannertstécht, dat gesäit een un all eenzelem Stéck an hirem Atelier respektiv der Galerie: Handwierkskonscht mat Leidenschaft „made by Seil“.

De Mëllerdall ass ëmmer e Besuch wäert: Net nëmme Murano ass eng Héichbuerg vun der Glasbléiserei, och dat klengt Bäerdref däerf sech duerch der Pascale Seil hiren Atelier esou nennen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.