© Tiffany Matos
Un de Maueren hänke Biller a Grafike vum Sumo, drënner stinn Etagèren, déi mat de faarwege Këschte vun der Schockelaskollektioun gefëllt sinn. D’Geschäft an der Rue du Genistre ass kleng a faarweg. Wann een erakënnt, weess een net direkt, ob een an enger Konschtgalerie oder an engem Séissegkeetebuttek gelant ass. Op jidde Fall kann een hei souwuel Schockela wéi och Biller a Grafike bewonneren a kafen.
D’Initiativ fir dës Kollektioun ass vum Sumo ausgaangen. Et war hien, zesumme mam Buttek Josy Welter – iwwregens den Namensgeeber dervun –, deen dem Inklusiounsatelier vum Tricentenaire zu Biissen dëse Projet virgeschloen huet. An dësem groussen Atelier ginn déi bekannte „Chocolats du coeur“ vu Leit mat enger Behënnerung hiergestallt. Awer net nëmmen de Schockela gëtt do produzéiert, och d’Verpackung ka mam gewënschte Motiv gedréckt ginn. De Sumo kann also seng Grafike konzipéieren an se dann zu Biissen erausdrécke loossen, passend bei de jeeweilege Schockela. Oder besser gesot: D’Knippercher ginn esou geformt, datt se zu der Verpackung passen an alles zesummen zu engem Konschtwierk gëtt. De Geroch an de Goût rënnen dat Ganzt dann of.
Am Josy’s gi verschidde Varianten, Gréissten a Forme vun dësem Schockela ugebueden. Engersäits fënnt een do ronn Knippercher mat Hieselnëss, an dat an alle Faarwe vum Reebou. Et sinn déi Faarwen, déi de Sumo gären an senge Biller a Grafike benotzt.
Anerersäits kann een hei och ganz Schockelastablette kafen: aus wäissem, brongem oder schwaarzem Schockela, oder souguer aus wäissem Äerdbiersschockela. Dës kënnen awer och an déi kleng ronn Knippercher ageschafft oder ronn wéi eng Pizza sinn, mat deene ronne Knippercher als Deeko drop a mat engem Hummer als Bäilag, fir dës kënnen a kleng Stécker ze haen, fir se da besser kënnen z’iessen. An et ginn och Knippercherskëschten, déi a Pabeier agewéckelt sinn an op deene speziell Mustere gemoolt sinn, déi un déi kleng ronn Knippercher mat Hieselnëss sollen erënneren. Nei dobäikomm sinn Donuts, déi mat Schockela iwwerzunn a mat faarwege Mustere bemoolt sinn.
Dës Kollektioun erméiglecht et de Leit, dem Sumo seng Konscht op eng aner Manéier ze entdecken. Dës Knippercher a Schockelasstécker hiewen sech sécherlech vun aneren, méi traditionellen of, wat se op hir Manéier iergendwéi eenzegaarteg mécht. Ween esou eng Knippchen ësst, huet net nëmmen am Hannerkapp, datt et sech ëm e Konschtwierk handelt, mee och, datt de Schockela aus der Bio-Landwirtschaft kënnt, fairtrade-zertifizéiert ass an hei zu Lëtzebuerg an engem Inklusiounsatelier vu Leit mat enger Behënnerung gemaach gouf.
An den Ateliere vum Tricentenaire schaffen iwweregens ronn 60 Persoune mat enger Behënnerung, dozou komme ronn eng Dosen Encadranten. Eleng am Schockelasatelier, an deem d’„Josy’s“-Knippercher – awer net nëmmen déi – hiergestallt ginn, sinn 22 Persoune mat Behënnerung a fënnef Chocolatieren ugestallt. Gutt Viraussetzungen also, fir d’Geschäft an der Uewerstad ëmmer mat genuch faarwege Knippercher ze versuergen.
Wéi de Buttek an der Rue du Genistre am Juni seng Dieren opgemaach huet, war ugeduecht, dëse Projet ee Joer laang lafen ze loossen. Mee wie weess ‒ vläicht gëtt dëst jo nach verlängert …? D’Viraussetzungen dofir schénge jo mol do ze sinn.