„Luxemburg war nie eine Kolonialmacht“ – dat ass den Titel vun engem am Mee 2024 publizéierte Buch, dat de promovéierten Historiker Yves Schmitz geschriwwen huet. D’Zitat ass eng Behaaptung vum fréieren Ausseminister Eugène Schaus, déi hien an enger Parlamentsried iwwer d’Aussepolitik am Abrëll 1960 artikuléiert huet. Och am Joer 2022 funktionéiert dëst Narrativ nach ëmmer. Den Yves Schmitz verweist a sengem Buch op zwee Ministere vun der leschter Regierung, déi behaapten, Lëtzebuerg hätt keng kolonial Vergaangenheet – rieds ass vum Verdeedegungsminister François Bausch (déi gréng) a vum Wirtschafts- a Kooperatiounsminister Franz Fayot (LSAP).
Dat Narrativ, dat zënter méi wéi 60 Joer hartnäckeg zirkuléiert, hëlt den Auteur a sengem kompakten Text vun 180 Säite genee ënnert d’Lupp. D’Buch ass an enker Kollaboratioun mam Kënschtlerkollektiv Richtung22 entstanen a gouf vun der Œuvre Nationale finanzéiert. D’Recherchen hunn haaptsächlech an der Nationalbibliothéik an am Lëtzebuerger Literaturarchiv zu Miersch stattfonnt. Och d’National- an d’Diözesanarchiv hunn sech als wichteg Adressen erwisen, fir déi sëllege Beispiller vun der Lëtzebuerger Bedeelegung um europäesche Kolonialprojet ze dokumentéieren.
„Luxemburg war nie eine Kolonialmacht“ huet d’lescht Joer de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie „Sachbuch“ gewonnen (an och de Publikumspräis an där selwechter Kategorie). Mëttlerweil gëtt et eng drëtt Oplag vum Buch an elo am Mee soll eng franséisch Iwwersetzung erauskommen. Fir den Yves Schmitz ass dat eréischt den Ufank. Hien hofft, mat senger Aarbecht aner Fuerscher kënnen ze inspiréieren, a wënscht sech, dass op der Basis vun dësem wëssenschaftleche Fundament eng nohalteg gesellschaftlech Diskussioun iwwer dee vernoléissegte Vergaangenheetsaspekt vu Lëtzebuerg kann entstoen.
De Konterbont huet mam Auteur iwwer seng Monografie geschwat an nogefrot, wat d’Lëtzebuerger Kolonialvergaangenheet mat der (aktueller) Kooperatiounspolitik ze dinn huet.
Eng einfach Definitioun kann ech Iech leider net ginn. „Kolonialismus“ ass e Begrëff, deen an der Geschichts- an och an der Politikwëssenschaft immens ëmstridden ass. Et ass e ganz komplizéiert, multidimensionaalt Phenomeen, dat net nëmmen den europäesche Kontinent, mee eis ganz Welt iwwer vill Joerhonnerte gepräägt huet. Esouguer mat Bléck op déi al Griichen oder d’Réimer gëtt vu Kolonialismus geschwat. Mee an deem Kontext ass et eppes ganz aneschters wéi dat, wat d’Britten am 19. Joerhonnert gemaach hunn.
Kuerz gesot: Kolonialismus ass eng Form vu politescher Herrschaft, déi aus wirtschaftleche Grënn lancéiert gouf. Kolonialismus ënnerscheet sech doduerch vun aneren Herrschaftsformen, dass et eng ganz enk Verbindung tëschent Politik a Wirtschaft gëtt. Dat finaalt Zil war ëmmer eng wirtschaftlech Ausbeutung.
A mengem Buch bestëmmen ech eng Rei vu verschiddenen Elementer, déi, wann se a Kombinatioun optauchen, Kolonialismus eendeiteg signaliséieren. Dozou gehéiert z. B. de sougenannten Othering, deen eng strikt Asymmetrie tëschent den eenzele Parteie festleet. De Géigeniwwer kritt negativ Attributer zougewisen, déi déi eegen Normalitéit solle bestätegen; z. B. wëll vs. ziviliséiert.
Lëtzebuerg war effektiv keng Kolonialmuecht, well d’Land faktesch keng eege Kolonien hat. Mee Lëtzebuerg war awer definitiv en integralen Deel vum europäesche Kolonialprojet an d’Lëtzebuerger Gesellschaft war och selwer staark dovunner gepräägt. Stellt Iech vir: Ganz Europa war um Kolonialismus bedeelegt a just dat klengt Lëtzebuerg war eng Insel, déi näischt domadder ze dinn hat – déi Perspektiv mécht absolut kee Sënn.
„Kolonialismus ohne Kolonien“ ass e Konzept, dat fir d’Roll vun der Schwäiz entwéckelt gouf. Et passt awer gutt zu der Lëtzebuerger Situatioun. Et muss ee selwer keng Kolonien hunn, fir eng ganz enk Verbindung zum Kolonialismus iwwer d’Wirtschafts- an d’Aussepolitik ze hunn.
Prinzipiell kann ee soen, dass eng Gesellschaft net wëll iwwer Theeme schwätzen, déi schwiereg sinn. Kolonialismus ass ni e positiivt Theema.
D’Situatioun zu Lëtzebuerg ka mat anere Länner verglach ginn. Däitschland hat jo faktesch Kolonien, mee och hei ass bis virun e puer Joer ni konkreet iwwer Kolonialismus geschwat ginn. Aner Theemen, z. B. den Zweete Weltkrich, sinn als vill méi zentral ugesi ginn, fir déi eege Geschicht ze verstoen. Wann eng Gesellschaft d’Gefill huet, dass eppes näischt mat der nationaler Identitéit ze dinn huet, da bleift et éischter am Hannergrond. Dat gëllt och fir Lëtzebuerg.
Et gëtt vill Literatur iwwer Lëtzebuerger am Ausland. Biografië gi gemaach iwwer Leit, Eenzelpersounen, déi ausgewandert sinn. De Bléck bleift do op engem perséinlechen Niveau. Och de Fokus vun der Lëtzebuerger Geschichtswëssenschaft läit dacks op eenzele Persounen. D’Resultat dovunner ass, dass d’Verbindung zu gesellschaftleche Strukturen net gemaach gëtt: Dat heescht, et gëtt eng Auswanderungsgeschicht erzielt, mee dass déi Auswanderung am Kontext vum Kolonialismus stattfonnt huet, gëtt net berücksichtegt.
Fir déi eenzel wëssenschaftlech Disziplinne geet et drëms, d’Multidimensionalitéit vum Lëtzebuerger Kolonialismus erauszekristalliséieren an d’Liene mat Phenomeener ewéi der Migratioun oder der chrëschtlecher Missioun ze maachen. Da gesäit een, wéi déif Lëtzebuerg am koloniale Projet verankert war.
Ech fannen et ganz interessant, dass dee Lien vun de Politiker selwer gemaach gëtt – an dat souwuel an den Achtzeger- an Nonzegerjore wéi och haut. D’Argument ass, an dat fënnt een och fir d’Schwäiz: Well Lëtzebuerg selwer keng Kolonien hat, gëtt et och keng direkt Verpflichtung fir Entwécklungspolitik. An den Achtzegerjoren huet et geheescht: Mir hunn eis net um Kolonialismus an Afrika bedeelegt, firwat solle mir elo Suen iwwerweisen?
Awer och haut gëtt vu Lëtzebuerger Politiker am Kontext vun der Kooperatiounspolitik gesot, dass Lëtzebuerg eng ganz bestëmmte Stellung huet, well et net um Kolonialismus bedeelegt war. Lëtzebuerg géif z. B. vun den afrikanesche Länner anescht ugeholl ginn, well d’Land eebe keng kolonial Vergaangenheet hätt. Dat hannerfroen ech a mengem Buch ganz kloer. Vun esou engem Ënnerscheed auszegoen, ass e falscht Lëtzebuerger Selbstverständnis.
Tatsächlech kann ee soen, dass eis Entwécklungspolitik kolonial Strukturen huet. Mir ass et wichteg, déi Ausso an de richtege Kontext ze setzen: Dat betrëfft net nëmme Lëtzebuerg, mee och déi aner europäesch Länner. D’Entwécklungspolitik war ganz laang kierchlech gepräägt. Hannert dem chrëschtleche Missiounsgedanke stoung och ëmmer d’Iddi, dass d’Europäer all d’Äntwerten hunn an déi mat de lokale Bevëlkerungen deelen. D’Virstellung vun der iwwerleeëner europäescher Weltsiicht huet bis haut Bestand an ass zudéifst paternalistesch.
En Interview vum Heng Barone