D’Kathedral brennt

Als klengen Däbbes, un der Hand vu menger Mamm, stoung ech virun deem grousse Gebai mat den dräi Tierm an der Stad. Déi enorm Gréisst dervun huet mech ëmmer beandrockt, an den Hunn, uewen op der Spëtzt vun deem héichsten Tuerm, war fir mech knapps ze erkennen. Rieds ass vun der Kathedral.

Mee op dësem Dag war eppes anescht ewéi soss: Damp ass aus dem Tuerm komm! „Komm …“, sot meng Mamm an huet mech weider Richtung Ënneschtgaass gezunn.

Eréischt owes um Fernsee hu mir gesinn, wat deen Dag passéiert war.

Säit Joerhonnerte präägt d’Kathedral d’Bild vun der Stad Lëtzebuerg. Vu 1613 bis 1618 ass den héichsten Tuerm, de sougenannte Westtuerm, vum Ulrich Job aus Luzern no de Pläng vum Jesuittepater Jean du Blocq gebaut ginn. D’Holz fir d’Gespär sollt aus dem Schlass vum Grof Mansfeld a Clausen kommen. Am Joer 1635 gouf dat grousst Klackespill a Betrib geholl.

Mëtt vun den 30er-Joren ass d’Haaptschëff vun der Kathedral vergréissert, en neit Klackespill mat am Ganze 37 Klacken installéiert an niewent dem Haapttuerm, deen op dësem Karfreideg am Joer 1985 verbrenne sollt, en zweeten Tuerm héichgezu ginn. De Brand am Joer 1985 war awer net déi éischt Katastroph, déi dësen Tuerm matmaache sollt. Schonn am Zweete Weltkrich 1945 war d’Spëtzt vum Tuerm duerch e Volltreffer vun der däitscher Arméi zerstéiert ginn.

Géint Véirel vir zwou de 5. Abrëll 1985 koumen d’Aarbechter, déi fir Léit- a Schweessaarbechten am Tuerm engagéiert gi waren, aus hirer Mëttespaus zeréck an hunn e Feier am alen Tuerm entdeckt. Kuerz no zwou Auer scho waren d’Stater Pompjeeë mat hirem ganze Material op der Plaz, fir d’Feier ze läschen. Se ware sech schnell bewosst, datt den Tuerm an de Koup fale géif, an hunn hir Schläich schnellstméiglech aus der Ënneschtgaass a Richtung Kathedral verluecht, fir d’Feier vun där Säit aus ze bekämpfen an esou ze verhënneren, datt d’Feier op d’Haaptschëff vun der Kathedral an op d’Nationalbibliothéik géif iwwergräifen. Iwwer Funk gouf Ënnerstëtzung geruff a kuerz drop waren och d’Protection civile an déi fräiwëlleg Pompjeeën aus der Ëmgéigend op der Plaz.

Mëttlerweil koumen d’Flame schonn aus dem Gemaier vum Tuerm an d’Hëtzt huet d’Pompjeeën dru gehënnert, no genuch un d’Feier erunzekommen, fir et ënner Kontroll ze kréien. Duerch e Kuerzschluss ass d’Klackespill nach eng leschte Kéier ertéint, éier den Tuerm géint hallwer dräi zesummegefall ass. En Deel vum Gespär ass duerch den Daach vun der Kathedral an d’Mëttelschëff eragefall, aner Deeler sinn op den Daach vum Ausseministère gefall an et gouf gefaart, datt hei en zweet Feier kéint entstoen.

Géint Véirel no dräi haten d’Pompjeeën d’Feier dunn ënner Kontroll a konnte sech a Begleedung vu Verantwortleche vun der Regierung an dem Bistum en éischt Bild vum Schued maachen.

D’Klackespill, deem seng Melodie een oft duerch d’Stroosse vun eiser Stad héieren huet, war komplett zerstéiert: Déi 37 Klacke waren ënner der Hëtzt vum Feier deels geschmolt, deels gebascht. Och déi grouss Klacke waren zerstéiert, dorënner déi dräi Tonne schwéier Muttergottesklack an déi 1.225 Kilo schwéier Willibrordsklack. Just déi déck Klack, de Chrëscht-Kinnek-Bourdon am Osttuerm, war verschount bliwwen.

D’Schied bannen an der Kathedral hate sech a Grenze gehalen. Deeler vum Gespär haten den Daach op e puer Plazen zwar duerchschloen, mee weeder déi detailléiert Fënsteren nach d’Uergel waren zu Schued komm. D’Teppecher, déi deemools d’Maueren am Iwwergang vum alen an den neien Deel vun der Kathedral verschéinert hunn, ware gottseidank zu dëser Zäit zu Malines, fir fir de Poopstbesuch propper gemaach ze ginn.

De 16. Mee 1985 huet den deemolege Poopst Johannes Paul II. Lëtzebuerg besicht a konnt d’Kathedral zu dësem Zäitpunkt leider net an hirer ganzer Schéinheet bewonneren. De 17. Oktober 1985 war et dunn esou wäit: D’Kathedral huet d’Bild vun eiser Stad erëm an hirer ganzer Pracht gepräägt.

Et sollt awer nach bis an d’Joer 1986 daueren, bis zéng nei Klacke fir d’Kathedral Notre-Dame an der Karlsruher Klacken- a Konschtgéisserei gegoss goufen. An och haut nach héiert een Dag fir Dag d’Kläng vun den am Ganzen 11 Klacken an dem Klackespill duerch d’Stad Lëtzebuerg erkléngen.

En Artikel vum Marc Wilgé

Kathedral vu Lëtzebuerg duerch dʼAschloe vun engem Blëtz beschiedegt

E schwéiert Wieder huet hënt an der Nuecht och dʼKathedral vun der Haaptstad Lëtzebuerg a Matleedenschaft gezunn. Géint hallwer dräi moies war e Blëtz an de Klackentuerm vum Gotteshaus ageschloen an huet all elektresch Anlagen an der Kierch zerstéiert. Betraff heivu si virun allem dʼMotore vum Klackespill a vun de Klacken, déi nom Aschloe vum Blëtz verbrannt sinn. Och beschiedegt goufen dʼUergel, dʾTelefonszentral esouwéi elektresch Apparater an der Wunneng vum Koschter.

https://brf.be/regional/47561/

En Auszuch aus der BRF-Zeitung vum 4. Juni 2008

Timeline
„Notre-Dame de Luxembourg“

7.5.1613

1. Steen (Urheeber vum Bauplang: Jesuitepater Jean du Blocq, Bauhär: Ulrich Job vu Luzern)

1621

Fäerdegstellung

18.10.1621

D’Kierch gouf vum Weibeschöf Georg von Helfenstein geweit an der Onbefleckter Empfangnis gewidmet.

1778

Vun der Keeserin Maria Theresia vun Éisträich un d’Stad Lëtzebuerg iwwerginn

1778

Neien Numm: Saint Nicolas et Sainte Thérèse

1794

Opstellung vun der Statu „Tréischterin am Leed“

31.3.1844

Neien Numm vum apostolesche Vikar Jean-Théodore Laurent: Notre Dame

1854

Banneraum an engem neogotesche Stil neigemaach

27.6.1870

Aus Kierch gëtt Kathedral (Grond: De Poopst Pius IX. huet Lëtzebuerg zu engem autonome Bistum erhuewen)

1935–1938

Vergréisserung vum Gebai

1963

Chouer nei amenagéiert

8.12.1963

Konsekréiert duech de Bëschof Léon Lommel

1977–1978

Banne-Restauratioun

5.4.1985

Westtuerm duerch Onopmierksamkeet a Brand geroden

17.10.1985

Westtuerm erëm hiergestallt

2000–2011

Restauratioun

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.