Iwwer den Dag gekuckt, fänkt de Mo muenchmol u ferm ze grommelen. Den Honger mécht sech bemierkbar. D’Leit aus dem Schoulwiese kënnen an esou Momenter vun der Offer vu Restopolis profitéieren. Dëse staatleche Service bitt senge Clienten eng riseg Rëtsch u Méiglechkeeten un, fir dësem Hongergefill lasszeginn: Vun der Tablett Schockela bis zum Sushi, et ass bal alles derbäi.
Eng Zalot als Entrée, derno eng Bouchée à la reine als Haaptplat an dann nach eng lecker Crème brûlée als Dessert. Dës kulinaresch Zesummestellung kléngt éischter wéi e gudden Dräi-Gäng-Menü an engem Restaurant. Mee wäit dernieft. Et sinn d’Schüler, d’Studenten, d’Proffen an déi schoulesch Mataarbechter, déi vun dësem an nach ganz vill aner Choixen an de Kantinne vun hire jeeweilege Lycéeë profitéiere kënnen. Restopolis, de staatleche Service de la restauration scolaire et universitaire, mécht dëst méiglech. „Mir leeë vill Wäert op eng gesond a vilfälteg Ernärung“, seet d‘Monique Ludovicy, Direktesch vu Restopolis.
Säit 15 Joer këmmert sech Restopolis ëm d’Restauratioun vu verschiddene Kantinnen a Cafeteriaen. Mëttlerweil bedreift dëse staatlechen Déngscht 80 Kantinnen an 52 Cafeteriaen an ëffentleche Secondairesschoulen, siwen Uniskantinnen, fënnef Kichen a verschiddene Crèchen an zwee Foodtrucken. Mee domat ass et nach net genuch. Och beim nationale Sproocheninstitut INL, der Policeschoul an der Ediff (Education différenciée) hu si hir Fangere bei der Verwaltung vun de Kantinnen an d’Cafeteriae mat am Spill. 70.000 potenziell Clientë kéinten domat alldeeglech vun hirer grousser Panoplie un Offere profitéieren. 15.200 Menüe ginn am Duerchschnëtt pro Dag an der Kantin verdeelt, an der Cafeteria gi bannent engem Dag 22.000 Produite verkaf. Et ass also net verwonnerlech, datt Restopolis vum Personal hir net eleng dëser enormer Nofro nokomme kann an op d’Ënnerstëtzung vu baussen ugewisen ass. „30 Prozent vum Personal an eisen Organisatioune si bei eis ugestallt, déi aner 70 Prozent sinn extern Déngschtleeschter“, erkläert d‘Monique Ludovicy. En Ënnerscheed tëschent de Beschäftegten ass awer net ze erkennen. „Alleguer droen déi selwecht Aarbechtskleedung. Jiddweree muss sech och un déi Richtlinnen halen, déi vun eis virgi sinn“, seet d’Direktesch.
D’Konzept vu Restopolis kënnt gutt bei hire Clienten un. „D’Zuel vun de Gäscht geet vu Joer zu Joer an d’Luucht“, seet d‘Monique Ludovicy. Dëse Phenomeen huet och dermat ze dinn, datt Restopolis grousse Wäert dorobber leet, datt hir Visiteuren zefridde sinn a sech an hirem Ëmfeld wuelfillen. Eng Kantin oder eng Cafeteria soll wäit méi sinn ewéi just eng Plaz, wou ee säi Mo gefëllt kritt. „D’Frëndlechkeet vum Personal ass eis och immens wichteg. Eis Clientë solle mat engem gudde Gefill hiert Iessen zou sech huele kënnen. En plus bidde mir eng gutt Qualitéit vun Iesswueren un. Mir setzen dobäi vill op lokal Produiten. D’Leit, déi an d’Kantin oder d’Cafeteria kommen, sollen et do flott fannen an de Schoulstress vergiesse kënnen. Dofir schaffe mer och ëmmer dorun, eis Raim ze moderniséieren an anescht ze gestalten. Mir wëlle vum Image vun der klassescher Kantin ewechkommen. Dëse Schrëtt ass eis gelongen“, ass d’Direktesch sech sécher.
Wichteg ass et awer och, datt d’Kantinnen den Ufuerderungen an den Iesstrends vun de Leit – sou wäit et méiglech ass – gerecht kënne ginn. „Mir féiere reegelméisseg Sondagen duerch, bei deene mir gesinn, wat grad am Trend ass. Dobäi hu mer erausfonnt, datt zum Beispill keng allze grouss Demande fir e komplette vegane Menü besteet”, seet si. Iwwerhaapt huet d’Iesskultur sech an de leschte Jore staark verännert. An der haiteger Gesellschaft gëtt op e méi gesonden Ernärungsstil gesat. Derzou kommen nach Leit, déi op hir Allergie oppasse mussen oder der Iesskultur vun hirer Relioun wëlle gerecht ginn. Restopolis huet sech dësen Ufuerderungen ugepasst, ouni hirer Clientèle eng gewëssen Iessgewunnecht virzeschreiwen. „Iessen ass Fräiheet. Jiddweree soll de fräie Choix hunn“, seet d‘Madamm Ludovicy.
Et däerft een awer och an dësem Kontext net ze vill iwwerdreiwen, schliisslech ass net jiddwereen op iergendeen Iessen allergesch. „Net all eise Cliente si Patienten“, ënnersträicht si.
Restopolis versicht awer jiddwerengem esou gutt et geet, entgéintzekommen. Dës Approche hunn si och wärend der Coronakris bewisen. Sämtlech Kantinne goufe wéinst der grousser Ustiechungsgefor vun der Regierung zougemaach. De staatleche Service misst sech doropshin eppes Neies afale loossen, fir hir Déngschter awer nach weider ubidden ze kënnen. Aus deem Grond gouf d’Konzept vun der Frupstut an d’Liewe geruff. Einfache per Mausklick op hirer Internetsäit oder op der App vu Restopolis ass et méiglech, säin Iessen am Viraus ze bestellen. Huet de jeeweilegen Demandeur seng Bestellung opginn, sou kréien se déi esouguer virun de Klassesall geliwwert. „Dës Konzept kënnt bis elo gutt un“, verréit d‘Madamm Ludovicy.
Dës Offer wëll Restopolis awer och no der Coronakris weider bäibehalen. „Ech fannen et e flotte Modell. Esou kënne mir eng weider Alternativ ubidden. Et ginn nämlech och Proffen, déi musse wärend der Mëttespaus an en anere Lycée fueren. D’Iesse kënnt da meeschtens ze kuerz. Mat dëser Variant hu si awer d’Méiglechkeet, hir Moolzecht net ze vernoléissegen“, seet d’Direktesch.
Eppes Weideres huet d’Frupstut niewent der Zefriddenheet bei hire Clienten awer nach bewierkt: Säit kuerzem gouf dëse Begrëff an den LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire) opgeholl. Als Beispillsaz steet do geschriwwen: „Well d’Kantinnen zou sinn, kënnen d’Schüler sech Frupstute bestellen.“ Dës Formuléierung ass méi ewéi zoutreffend, well bis Ënn vum Schouljoer wäert dat nach oft genuch de Fall sinn.
En Artikel vum Laurent Neiertz