Kachkéiskrockette mat Trüffel an engem Pesto aus wëllem Knuewelek

Zoutaten fir d‘Krocketten

Zoutaten fir d‘Panade

Zoutaten fir de Pesto

Preparatioun vun der Kachkéisfëllung:

De Botter an enger Kasseroll schmëlzen. Wann de Botter geschmolt ass, 50 Gramm Miel derbäiginn a lues réischteren. Duerno mat der Mëllech opschëdden an dat Ganzt nach eng Kéier lues opkache loossen. Wann d‘Flëssegkeet waarm ass, ginn den Tartufata an de Kachkéis drënnergeréiert a mat Salz a Peffer gewierzt.

Déi ganz Mass an enger Schossel ofkille loossen.

Panéieren:

D‘Kachkéiss-Mass a 6 gläichméisseg grouss Portiounen opdeelen. All Krockett als éischt am Miel, duerno am Eegiel an als lescht an der Panade wenzelen.

Duerno am Frittendëppen oder enger Pan mat Ueleg frittéieren an op engem Stéck Kichepabeier ofdrëpse loossen.

Kachkéis-Chips (fir d‘Dekoratioun)

En Zoppeläffel Kachkéis op e Stéck Bakpabeier maachen. 1 Minutt an d‘Mikrowell.

Fir d‘Dekoratioun

  • Daikon Kress
  • Affila Kress
  • Réidercher
  • Lëtzebuerger Moschter
  • Rouseblieder
  • Kachkéis-Chips

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.