Och d’Kache wëll geléiert sinn!

En historesche Bléck op d’Lëtzebuerger Hotelschoul

Och wann dat oft ganz einfach ausgesäit, léif Leit, d’Kache wëll definitiv geléiert sinn. An domat menge mir net d’Brode vum Bifdeck an der Pan, déi richteg Kachzäit fir d’Nuddelen oder déi richteg Wiel vun der Kachtenue. Kach sinn erfuerdert vill méi: e gudde Geschmaachs- a Gerochssënn, preziist a schnellt Schaffen, Teamfäegkeet, Organisatiounstalent, Kreativitéit, gudde Verhalt an eng gutt Kommunikatioun. Dat alles an nach vill méi mécht e gudde Kach aus. Mee wou léiert een déi Saachen all? Am fréiere Lycée technique hôtelier Alexis Heck oder, wéi en zanter 2018 heescht, an der École d’hôtellerie et de tourisme du Luxembourg. E Réckbléck.

Elo reese mir emol fir d’éischt 70 Joer an d’Vergaangenheet bei deen Zäitpunkt, zu deem d’Hotelschoul gegrënnt gouf. Duerch den Alexis Heck huet sech den Tourismus zu Lëtzebuerg deemools nämlech schnell entwéckelt, wouduerch eng Schoul néideg war, déi eng Ausbildung am Beräich vun der Hotellerie, der Gastronomie an och dem Tourismus ubitt.

Siwe Schüler an en Dresscode

Ee Joer no der Erëffnung ware grad emol siwe Schüler an der Schoul ageschriwwen an hunn an de renovéierte Gebaier hanner der Kierch zu Dikrech un de Coursen deelgeholl. Den Dresscode war kloer definéiert: eng wäiss Jackett an eng Kachmutz fir d’Bouwen an e Schiertech mat laangen Äerm fir d’Meedercher. Ofgesi vu 630 Frang fir d’Moolzechte war d’Ausbildung deemools fir all Schüler gratis. Bei de Moolzechte krut een als Schüler awer eppes, wat net ze bezuele war: d’Geleeënheet, fir sech mat de Proffen auszetauschen, d’Relatioun zum Léierpersonal ze stäerken an esou déi gemeinsam Zäit ze notzen, fir esou vill ewéi méiglech vun de Virbiller ze léieren. Dës Informatioune sollten hinne spéider an hirem Aarbechtsliewen hëllefen. D’Konscht vun der Erzéiung an dem Léiere mam Schwéierpunkt op Bezéiungs- a Verhalensfäegkeeten definéiert heimat d’Philosophie vun der Hotelschoul.

D’Schüler sollen, wa se d’Schoul verloossen, niewent der Basiskompetenz och den Knowhow fir den internationalen Austausch mathuelen. Den 10-Woche-Stage erméiglecht e Bléck hanner d’Kulissen, deen op d’Ufuerderunge vum Aarbechtsmaart an den ënnerschiddleche Beräicher virbereede soll. D’Schüler gi motivéiert, hir eege Weiderentwécklung ze stäerken, sech selwer ze entdecken, Ziler ze setzen an och eege Wäerter an Iwwerzeegungen opzebauen, déi se zu Spëtzeleeschtunge féiere sollen. An et schéngt ze klappen: E puer fréier Studenten hunn de Sprong gepackt a gehéieren zu deenen, déi national an international no de Stäre gräifen.

Am Joer 1952 konnt d’Hotelschoul hir Kompetenz ënner Beweis stellen a fir de Kongress vun der internationaler Horeca (International Organization of Hotel and Restaurant Associations) e Buffet fir ronn 400 Leit preparéieren. E puer Méint drop sinn déi éischt Diplomer vun der Chambre de commerce accordéiert ginn an eis jonk Hotelieren hunn hiren éischten Ausfluch op Paräis gemaach, fir sech do ënner anerem unzekucken, wéi et an der franséischer Haaptstad ofleeft.

Vergréisserung trotz fatzeger Iwwerschwemmung

Zanter de Sechzegerjoren huet d’Schoul schnell neien Zougang kritt, esou datt ëmmer méi Plaz néideg ginn ass, fir d’Schüler ënnerdaachzekréien. Duerch déi konstant Entwécklung vun der Zuel vun Interesséierte sinn zwee nei Klassesäll entstanen an d’Pâtisserie ass amenagéiert ginn. Laang konnt awer dovun net profitéiert ginn, vu datt ee Joer méi spéit eng fatzeg Iwwerschwemmung zur Zerstéierung vum Restaurant um Rez-de-chaussée, engem Klassesall an dem kompletten Daach gefouert huet.

Mee dëst huet d’Hotelschoul net zeréckgehale weiderzemaachen. Grad emol fënnef Méint huet et gedauert, bis datt d’Raimlechkeeten nees konnte benotzt ginn. Trotz all der Aarbecht gouf et am Gebai awer ëmmer méi enk. 1979 ass de Gesetzesprojet fir e Lycée technique hôtelier gestëmmt ginn, woumat dann och feststoung, datt en neit Gebai fir de Lycée entstoe sollt. Fënnef Joer méi spéit gouf d’Gebai, dat bis haut an der Rue Jos Merten steet, ageweit a bitt 300 Schüler eng Plaz. 1999 huet d’Hotelschoul eng Versammlung vun der Association des écoles d’hôtellerie et du tourisme (AEHT), déi 1988 gegrënnt gouf, op d’Been gestallt, wou eng dausend Leit aus 23 verschiddene Länner sech zesummefonnt hunn a verschidde Concoursen, Konferenzen a Seminairen ewéi och Degustatiounen um Programm stoungen. En neie Sëtz huet d’AEHT dann e Joer méi spéit an der Hotelschoul kritt. De 50. Gebuertsdag vun der Hotelschoul huet dat Ganzt opgeronnt an et goufen eng Rei nei Erausfuerderungen ugeholl. Am Joer 2000 huet sech am Beräich vum Tourismus nees eppes gedoen an och an der Hotelschoul ass den Technicien-Diplom agefouert ginn.

2013 gouf nach eng Kéier ausgebaut: Eng nei Kichen, eng Pâtisserie ewéi och nei Säll hunn derzou bäigedroen, datt de praktesche Volet vun der Ausbildung eng Weiderentwécklung erlieft huet. Domat ass dann och e Joer méi spéit déi nei Annex vun der Hotelschoul offiziell ageweit ginn.

D’Striewen no Exzellenz an de Campus Süd

Fënnef Joer drop war et un der Zäit, e Statement ze setzen an der Hotelschoul eng nei Positioun ze verschafen. An dëst war och vu grousser Wichtegkeet, well d’Hotelschoul als eenzegt Etablissement Formatiounen an de Beräicher Hotellerie, Tourismus a Restauratioun ubitt an eng Entwécklung an engem kompetitive Secteur garantéiert, deen ënner anerem 6 % vum Bruttoinlandprodukt ausmécht.

De Lycée sollt Lëtzebuerg hëllefen, Prestatiounen a Servicer unzebidden, déi vun héijer Qualitéit sinn, an domat och e Markenzeeche vun eisem Land ginn. „Striving for excellence“ – op Lëtzebuergesch d’Striewen no Exzellenz – sollt dann och e puer Ännerungen an d’Liewe ruffen. National an international sollt d’Schoul an Zukunft duerch den neien Numm École d’hôtellerie et de tourisme du Luxembourg (EHTL) bekannt ginn. Dobäi gëtt den Numm Alexis Heck awer net aus der Erënnerung geläscht. De Restaurant An der Kéier gouf ëmgedeeft an heescht säit 2018 Alexis Heck. Net nëmmen den Numm, mee och d’Formatiounsoffer gëtt deementspriechend weider gespreet. Jonk Leit solle verschidden Offere kréien, fir hir Zukunft ze gestalten an hire Wee ze fannen, mat Rücksicht op hir Talenter an Interessen.

2018 bis 2019 proposéiert d’EHTL dann och fir déi éischte Kéier eng nei Sektioun, déi zum Ofschloss als Gestionnaire de l’hospitalité féiert. Dësen Diplom gëtt de jonke Gestionnairen en Entréesbilljee, fir sech op enger Uni weiderzebilden.

Am September 2025 huet d’EHTL hiren zweete Campus am Süde vu Lëtzebuerg, nämlech am GRIDX zu Wickreng, opgemaach. D’Zil ass et, an engem dynameschen an innovative Léierëmfeld och jonk Leit aus dem Ausland op Lëtzebuerg ze lackelen. Dofir soll zum Beispill ab September 2026 e Brevet de technicien supérieur (BTS) am Hospitality Management ënner anerem och op Englesch ugebuede ginn. Domadder erweidert d’EHTL hiert Striewen no Exzellenz op nei Beräicher.

En Artikel vum Aida Kocan

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.