Juppheidi, Juppheida!

Foto: © vitaliy_melnik / Adobe Stock

„Wann se moies fësche ginn“, dëse Klassiker vum Leo Moulin aus der Fieder vum Batty Weber gëllt och nach haut, just datt haut ebe manner Leit nach mam Zuch fësche fueren. Un der Faszinatioun Fëschen huet sech allerdéngs nach esou gutt wéi guer näischt geännert, dofir pilgeren Dag fir Dag eng sëlleche begeeschtert Fëscher bei d’Waasser, an dat gläich an e puer verschiddene Kategorien.

Fänke mir mol mat deem éischter profitorientéierte Fëschen um Weier un, wou manner d’Fësch, dofir awer éischter d’Gesellegkeet eng grouss Roll spillt an sech dacks an der Form vun enger oder méi Këschte Béier nieft deem blo gesträifte Stillche materialiséiert, jee no Zuel u sozial aktiven, duuschterege Gesellen am Spill ëm déi 5 oder 6 Reeboufrellen, déi op de Kapp ausgesat ginn, bal esou wéi de Metzler Büfdecker an d’Vitrinn leet. Als liicht Ofwandlung vum Weierfëscher gëllt de Séi- respektiv Staufëscher, bei deem meeschtens och éischter de Juppheidi an och alt emol d’Juppheida am Mëttelpunkt stinn.

Datt et och méi seriö geet, beweist déi bei Weierfëscher gréisstendeels onbekannten national Fëscherfederatioun FLPS, déi a sechs verschiddene Sektiounen (Méckefëschen, Mierfëschen, Kompetitioun, Dammen, Veteranen a Junioren) ambitionéiert Fëscher regruppéiert. Wann allerdéngs beispillsweis eng „Péiteschfeier“ oder e „Grand Prix du Centre“ als grouss national Concoursen net méi déiselwecht Faszinatioun ausléise wéi nach viru 50 Joer, da läit dat an éischter Linn un deenen aktuelle Konditioune beim Waasser, also an dësem Fall un der Musel. Waars de fréier gutt berode mat enger klenger Stippaangel an enger 5-Meter-Staang, sou gëtt hautdesdaags hei dat ganz grousst Carbonsmaterial ausgepaakt fir matzen an der Musel no e puer Rouda oder Bréissemen ze sichen. Fréier war alles anescht. Ech hat selwer eng Kéier d’Chance, fir nationale Juniorchampion ze ginn, wéi ech bannent 180 Minutte mat enger kuerzer Dräimeterstaang mat gebéiter Aluminiumsspëtzt 165 Giwen (also Goujonen) zu Gréiwemaacher aus der Musel gezunn hat. Haut kanns du de Giw vergiessen, hien ass sougutt wéi verschwonnen, an en drolegen Ostblockkauz, dee mat de Ballasttanke vun de Schëffer heihi geplënnert ass, huet seng Roll kuerzerhand iwwerholl.

Een dee fëscht an véier, déi nokucken, kenne mir dat Bild net och aus dem Stroossebau?

Weierfetischisten op Stillercher

Iwwerdeems wou d’Musel als Fëschgewässer net méi esou staark besicht ass, geet d’Zuel vun de Privatfëschereien, déi all Joer fir méi deiert Geld op enger Stee zougeschloe ginn, permanent an d’Luucht, an zwar linear mat de Fixkäschte vun esou engem Lous an enger vun eise Baachen. Déi eng hu genuch Kitten am Sak, fir sech eleng esou e Lous ze leeschten, anerer regruppéieren sech a spezialiséierte Veräiner, wéi zum Beispill „PAW“ (Pêcheurs Ardennais Wiltz), wou sech dann eng 60 Memberen de Luxus vun e puer verschiddene Fëschereilousen a Sauer, Wolz a Kierel kënne leeschten an dofir all Joer eng gepeffert Memberskaart musse bezuelen.

Iwweregens, fir déi, déi et nach net woussten: vum 1. Mee vun dësem Joer u kritt een alleguer d’Kategorië vu verschiddene Permisen op www.guichet.lu, dat ass wierklech praktesch, wann ee sech am Internet auskennt; ech kennen awer och Fëscher, déi dee ganzen Internet geläscht hunn an elo soen, si géifen dann eben ouni Permis fësche goen!

Eng kapital Reeboufrell aus dem Barrage

An da komme mir zu enger weiderer Kategorie vu Fëscher, déi net am Dréiwe fëschen, nämlech déi, déi just op der Juegd no Salmoniden, also Frellen, Säiblingen asw. sinn an och nach eng Kéier ënnerdeelt sinn. Ginn et der och nach ëmmer etlecher, déi mam klassesche Reewuerm der Baachfrell oplaueren, sou sinn dach déi meeschte Privatfëscher mam Läffelchen oder Wobler op der Pirsch, an zwar zum groussen Deel eleng op wäiter Flur, wat si och vun de Weierfetischisten ënnerscheet. Quasi als Lonely Fishboy trëppelen si laanscht d’Waasser, puchen hei an, an do zweemol an oder direkt an de Bam, a si mat sech an der Welt zefridden, ouni datt e Weierkollektiv als Facebook-Alternativ muss gëllen.

Wanns d’eppes kanns…

Nach e bësse méi edel an dësem Zesummenhang ass allerdéngs de Méckefëscher – op naass oder dréchen (net hien, mee d’Méck) -, deen doduerch ze erkennen ass, datt hien ëmmer en elegante fonkelneien, donkelgrénge Gilet mat op d’mannst 16 opgesaten Täschen an een Hutt mat selwer gebonnene Mécken drun unhuet, doniewent propper geleckte Stiwwele bis an Hëfthéicht, déi allerdéngs bal ni naass ginn, a gären och nach e Polaroidbrëll vu RayBan. Ausserdeem leet hien eng liicht affectéiert Aart a Weis un den Dag, sou wéi en englesche Landlord, dee mat sengem Shooting Brake op d’Juegd fiert an ouni Widderhake schéisst, Pardon: fëscht, fir d’Äschen an d’Frellen erëm kënnen zeréck an hiert Element ze setzen. Maacht Iech näischt draus, Dir Méckefëscher, ech gehéieren och zäitweileg derzou!

En Artikel vum Sully Prud‘homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.