Placeholder Dummy template

Wa Sport méi wéi just Sport ass

D’Roll vu Lëtzebuerg bei de Jugendspiller am Senegal

Vum 31. Oktober bis den 13. November 2026 steet eppes Historesches am Senegal un: Et ass déi éischt Kéier, datt en olympescht Event um afrikanesche Kontinent organiséiert gëtt. Lëtzebuerg spillt dobäi eng net onwichteg Roll. Awéiwäit de Grand-Duché de Senegaleesen hei ënnert d’Äerm gräift, gi mir an dësem Artikel gewuer.

Am Senegal kommen all Joer iwwer 300.000 jonk Fraen a Männer op den Aarbechtsmarché. Wann ee bedenkt, datt insgesamt 36,2 % vun de Jonken tëschent 15 a 34 Joer weeder schaffen nach studéieren, stellen déi Olympesch Jugendspiller (JOJ) zu Dakar 2026 eng wichteg Geleeënheet duer, fir d’(Beruffs-)Liewe vun de Jugendlechen ze veränneren.

D’Spiller ginn op dräi Plazen am Senegal ausgedroen: an der Haaptstad Dakar, am modern entwéckelten Diamniadio an an der Küstestad Saly. Et ginn ongeféier 4.500 Athleetinnen an Athleeten aus 206 Länner erwaart. Um Programm stinn 33 Sportaarten – dorënner och méi „exotesch“ Disziplinnen ewéi Breakdance, Skateboard, Klammen, Surfen, Baseball a Wushu, eng chineesesch Kampfsportaart.

Fir dës dynamesch Entwécklung ze ënnerstëtzen a Jonker konkreet op eng nohalteg Zukunft virzebereeden, gouf d’Initiativ „FIT! Sénégal“ gestart. Dës gëtt vum senegaleesesche Ministère fir Beruffsausbildung, dem Organisatiounskommitee vun de JOJ Dakar 2026 an der Europäescher Unioun ënnerstëtzt. Finanziell droen och eng Rëtsch europäesch Länner, dorënner Däitschland, Frankräich, Italien, Holland, d’Schwäiz an eeben och Lëtzebuerg, derzou bäi, dës Spiller op d’Been ze stellen. D’Haaptzil vun dëser Initiativ ass et also, d’Jugend duerch Orientatioun, Ausbildung an Integratioun op eng fair a qualifizéiert Manéier ze beschäftegen. Vill Entwécklungsorganisatioune schaffen zesummen, dorënner d’Agence française de développement (AFD), d’italieenesch AICS, déi däitsch Kooperatioun GIZ an och LuxDev, déi lëtzebuergesch Entwécklungsagence, fir datt alles no Plang verleeft.

Dobäi sief erwäänt, datt Lëtzebuerg scho säit 2002 eng laangjäreg Partnerschaft mam Senegal fleegt a sech dobäi op Beräicher wéi berufflech Ausbildung, Digitaliséierung, Gesondheet a Gläichstellung konzentréiert. De Senegal gehéiert zu de sougenannte „Partnerlänner vun der lëtzebuergescher Kooperatioun“, also zu deene Länner, déi eng Prioritéit fir déi lëtzebuergesch Entwécklungspolitik duerstellen. Op dësem Wee huet LuxDev schonn zu verschiddene Projeten an dësem afrikanesche Land bäigedroen. Formatiounszenteren a Sportsinfrastrukturen opbauen, Jonker ausbilden an d’Aarbechtslosegkeet bekämpfe gehéieren dobäi zu hire Prioritéiten. Fir dës Projeten ze realiséieren, si ronn 50 Milliounen Euro am aktuelle Kooperatiounsaccord (2022–2026) virgesinn. 4,3 Millioune fléissen dobäi an d’Finanzéierung vun dëse Jugendspiller, déi mat engem Gesamtbudget vun 22 Millioune sollen organiséiert ginn. Konkreet bedeelegt LuxDev sech beim Bau vun zwee Formatiounszenteren, déi och an Zukunft fir déi jonk Bevëlkerung zougänglech soll sinn. Bei dëse Spiller geet et also haaptsächlech drëms, d’Jugend konkreet ze ënnerstëtzen. Sportlech Infrastrukture gi renovéiert oder gebaut a Formatiounen organiséiert: Dëst alles féiert derzou, datt ronn 2.800 Jonker op hirem Wee an d’Beruffsliewe begleet ginn.

Mat all dësen Hëllefen an Zesummenaarbechte gëtt e Fundament geschaaft, fir datt dës Olympesch Jugendspiller net nëmme kuerzfristeg e sportlecht Highlight duerstellen, mee zu enger dauerhafter Quell vu Beschäftegung, Bildung a sozialem Fortschrëtt ginn. De Sport gëtt dobäi als pädagogescht Instrument agesat, fir d’Gläichstellung, d’Inklusioun an déi sozial Kohäsioun ze fërderen.

Mee wat bleift schlussendlech nom 13. November 2026 fir de Senegal? D’Zil soll sinn, net nëmmen e sportlecht Highlight, mee e laangfristege Changement ze initiéieren. No de JOJ bleiwen d’Formatiounszentere bestoen a gi vun der Regierung finanziell ënnerstëtzt. Des Weideren ass virgesinn, datt d’Trainerakademie an den Nationalen Olympesche Comité integréiert soll ginn, dëst mat der Ambitioun, an Zukunft 200 nei Sportsproffe pro Joer auszebilden. D’Spiller solle vun der Jugend net nëmmen erlieft, mee matgestalt ginn. Si sollen doraus léieren, dru wuessen a sech eng stabil a fair Zukunft opbauen. Am Geescht vun der nohalteger Entwécklung an der europäesch‑afrikanescher Solidaritéit hëlleft Lëtzebuerg, dëse Wandel méiglech ze maachen.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Fotoen: © IOC MEDIA

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.