Engagement an enger Jugendpartei

CSV, LSAP, d’Piraten, DP, déi Lénk, déi Gréng … Iwwerall laachen d’Gesiichter vun de verschiddene Parteien eis den Ament entgéint. Et ass Waljoer zu Lëtzebuerg an dat ganzt Land setzt sech mam Thema Politik auserneen. Och bei deene Jonke spillt de politeschen Engagement ëmmer méi eng grouss Roll, net nëmmen, wann et drëms geet, sech privat fir en Thema anzesetzen a seng Rechter um politesche Plang anzefuerderen, mee och ganz konkret a politeschen Organisatiounen, Komiteeën oder Jugendparteien. Sief et déi jonk Gréng, d’Jonk Sozialisten, d’CSJ oder ADRenalin – all an der Chamber vertruede Mammepartei huet mëttlerweil och eng Jugendfraktioun, an déi weess sech ze behaapten.

DBernard
Foto: © déi gréng
Taina Bofferding
Foto: © MINT
[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Scho ganz jonk aktiv war och d’Djuna Bernard. Wéi déi haiteg Co-Parteipresidentin vun déi Gréng ëm déi véier Joer al war, ass hir Mamm Member bei genee dëser Partei ginn – an huet de politeschen Discours um Familljendësch lancéiert. „Politescht Engagement war bei eis doheem eppes ganz Normales an ech war scho fréi a Kontakt mat Parteipolitik“, esou d’Djuna. Recycling, beim Zännwäschen de Krunn zoudréinen, d’Luucht ausmaachen, wann een net am Raum ass: All dat war fir d’Djuna normal an dofir war säi Choix, am Alter vu 15 Joer bei déi Gréng ze goen, iergendwéi evident.

Wärend hatt sech iwwert d’Joren och ausserhalb vum Parteiliewen engagéiert huet – sief et beim Roude Kräiz, bei de Scouten oder am Jugendrot –, war et fir d’Djuna net vun Ufank u kloer, dass hatt iergendwann e politescht Mandat wéilt iwwerhuelen. „Et ass eppes, eng Parteikaart ze hunn, mee et ass eppes ganz anescht, wierklech wëlle matzeschaffen an och mat an d’Walen ze goen“, seet dat 31-Järegt. Et war schliisslech de Minister François Bausch, deen d’Djuna bei engem Iesse fir méi e staarkt politescht Engagement rekrutéiert an domat d’Weiche fir en neie politesche Wee geluecht huet. „Fir e Jonken ass et immens valoriséierend, wann een dech héiert a reellen Interessi un denger Contributioun weist, dofir war dat fir mech wierklech e Schlësselmoment.“

Vill vu senge Kolleegen a Frëndinnen, déi och an enger Jugendpartei waren, hätten iwwer d’Joren d’Loscht um Parteiliewe verluer, well se eng gewësse Frustratioun géigeniwwer hirer Mammepartei verspuert hätten. Gewëss, beim Djuna waren d’Wuerzele scho fréi do, mee: „Ech denken, de Grond, firwat ech dru bliwwe sinn, hat ganz vill domat ze dinn, dass déi Gréng mir als jonke Mënsch d’Gefill ginn hunn, dass ech wierklech matschwätzen an eppes beweege kann.“ Duerch d’Klimakris a Katastrophe wéi déi nuklear zu Fukushima hätt d’Djuna einfach eng Noutwennegkeet fir seng Generatioun verspuert, eppes ze änneren an dëse Besoin gesäit d’Politikerin och haut nach bei anere Jonken.

Et misst een awer déi richteg Plattforme schafen, fir dass de Wëllen no Engagement sech och politesch ausdréckt, esou d’Djuna: „Den Ament si vill Toure vu Schoulklassen duerch d’Chamber an do bemierkt een eng gewësse Grondskepsis vis-à-vis vun der Politik, mee gläichzäiteg och, dass vill Jonker a Kanner schonn immens staark Meenungen hunn zu Sujeten, déi eigentlech politesch sinn. Et ass en immenst Potenzial do, mee et gëtt eng grouss Diskrepanz, well déi Jonk sech oft net erëmfannen am klassesche Bild vum Politiker.“ Genee dëst wollt och déi haiteg Inneministesch a Ministerin fir Gläichstellung vu Fraen a Männer Taina Bofferding schonn a jonkem Alter duerchbriechen.

Als Studentin huet si ugefaangen, sech fir Parteipolitik ze interesséieren, an ass schnell op e Problem gestouss: „Ech hunn deemools an engem Café gejobbt an do mat de Leit geschwat a reegelméisseg d’Zeitung gelies. Mech huet Politik immens interesséiert, mee wat mech doru genervt huet, war, dass d’Politiker gréisstendeels eeler Hären am groe Kostüm waren, déi iwwer meng Besoinen als jonk Fra geschwat an decidéiert hunn.“ Vu Klengem un hätt d’Taina groussen Interessi un sengem Entourage gewisen, wier virwëtzeg gewiescht an hätt sech fir anerer engagéiert. Esou richteg politesch war seng Famill awer ni, esou dass d’Taina eréischt als jonk Erwuessen decidéiert huet, selwer aktiv ze ginn.

„2004 duerft ech fir d’éischte Kéier wiele goen, an dat war en immens grousse Moment fir mech, well endlech hat ech eng Stëmm.“ Relativ séier war fir d’Taina kloer, dass hatt sech an de Wäerter vun der LSAP géif erëmfannen, also ass hatt mat ugangs 20 du bei d’„Jusos“, d’Jonk Sozialisten, gaangen. „Ech erënnere mech drun, wéi den Yves Cruchten vun der LSAP eng Kéier zu mir sot, ech wier wéi all déi aner a géif just meckeren, mee wann ech wierklech eppes beweege wéilt, misst ech och selwer aktiv ginn, an dat huet mech immens markéiert“, esou déi haiteg Ministesch.

Et wier fir si ni de Plang gewiescht, iergendwann dëst Mandat ze iwwerhuelen, ma si hätt einfach wéilte mat um Dësch sëtzen an do och matschwätzen. „Déi Zäit waren nach net esou vill Jonker politesch aktiv wéi haut an ech denken, dat war och ë bësse meng Motivatioun: bei d’Mammepartei këddele goen a fir jonk Iddie kämpfen. Haut gëtt ee bei Kongresser als Jonken net méi belächelt, mee deemools ware mir als Rebelle bekannt, an dat huet och missen esou sinn.“ Et wier fir si ëmmer wichteg gewiescht, Themen a Punkten, déi déi jonk Generatioun interesséieren, an d’politesch Agenda ze kréien an „déi, déi uewen un der Muecht sëtzen, emol waakreg ze rëselen. Ze soen: Elo schwätze mir an dir lauschtert eis no“.

Haut géif vun de Jugendparteie vläicht net méi esou mat der Fauscht op den Dësch geschloe ginn, mee dëst wier och net méi ëmmer néideg, well de Jugendrot, d’Jugendparlament an aner jonk Zesummeschlëss hätte mëttlerweil fix Rendez-vousen an der Chamber an hir Besoine géifen och gehéiert ginn. „Et ass net, wéi oft gesot gëtt, dass Jonker sech fir näischt interesséieren – au contraire. Et gesäit een och bei dëse Gemengewalen, dass eng Rëtsch Jonker bereet sinn, sech opzestellen, a wëlle Verantwortung iwwerhuelen“, esou d’Taina. Nawell géif zu Lëtzebuerg ëmmer nees d’Chance verpasst ginn, deene Jonken och d’Méiglechkeet fir politescht Engagement ze bidden. Net nëmme beim Referendum vun 2015, bei deem de Jugendleche vu 16 Joer un d’Walrecht net zougesprach gouf, mee och generell verpasse gestane Politiker dës Chance.

„Et soll een net esou streng mat deene Jonke sinn a verlaangen, dass si schonn alles intus hunn. Jiddweree war eng Kéier jonk an huet misse léieren, an et ass och un deene Jonken, idealistesch ze sinn. Wann ee schonn un déi 100 Saachen hannendru muss denken, dann engagéiert een sech net. Als Jonke soll ee Visiounen hunn, well den Idealismus ass dat, wat ee weiderdreift“, betount d’Taina. En idealisteschen Driff hat an huet och den aktuellen Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, Charel Schmit. Genee wéi d’Djuna Bernard an d’Taina Bofferding huet och hien sech scho fréi an der Parteipolitik engagéiert, dës am Géigesaz zu hinnen awer virun enger Rëtsch Joren nees verlooss – fir säin Idealismus.

„Als Präsident vun der CSJ (Chrëschtlech Sozial Jugend, Jugendpartei vun der CSV) sinn ech fir d’éischte Kéier a Kontakt komm mam Thema Jugendschutzreform, an dee Sujet huet mech bis haut ni méi lassgelooss“, esou de Charel. Kannerrechter an d’Verteidegung vun dëse stinn a senger Roll als Ombudsmann op éischter Plaz a sinn net kompatibel mat parteispezifeschem Uleies, well: „Als OKAJU muss een de Krittär vun der Neutralitéit erfëllen an et steet een a reegelméissegem Austausch mat all de Parteien a Leit vu verschiddene Fraktiounen, an dat ass och gutt esou.“ Säi Beruff hätt den Ombudsman awer net einfach gewielt – et wier eppes, wat sech aus sengem Wee erginn hätt, an zu dësem hätt awer nun emol och d’Engagement gehéiert, ënner anerem dat politescht.

„Ech kommen aus dem Éislek, wou fréier nach net vill war a wou een iergendwéi automatesch am Duerf aktiv war“, esou de Charel. Säi Papp wier schonn am Gemengerot gewiescht an duerch säi privaten Entourage hätt sech eng gewësse Proximitéit zur CSV erginn, esou dass de Charel mat ufangs 20 ugeschwat gouf, sech och politesch ze engagéieren. „De Choix vun der Partei war deels familiär bedéngt, ma och vill, well déi aner Parteien am Norden net esou present waren. Et gouf vun hinnen entweder guer keng Jugendsektioun bei eis oder se war net esou strukturéiert.“ Tëscht 1997 an 2001 huet de Charel zweemol d’Mandat vum CSJ-Präsident iwwerholl, ass bei der Jugendkonferenz (CGJL) aktiv ginn an 1999 déi éischte Kéier du mat an d’Europawale gaangen.

„2004 war ech du Kandidat am Norden an hunn e richtege Gemengewalkampf matgemaach, a wann ee bis kandidéiert, dann an enger Optik, dat och wierklech seriö ze maachen a mam méigleche Choix, et och weiderzeféieren“, esou den Ombudsman. Als Jonke wier ee berufflech nach net festgeluecht an et hätt ee vill Optiounen – och déi, de politesche Wee weider anzeschloen. Genee dëst huet de Charel awer just nach eng kuerz Zäit laang gemaach, well wéi hie bis Virsëtzende vum Fachverband fir Sozialaarbecht ginn ass, sinn aner Sujeten an de Vierdergrond geréckelt. „Mir hunn als Austauschplattform ganz vill Thematiken opgegraff an et war wichteg, dass dat Ganzt eng iwwerparteilech Initiativ sollt sinn.“

Schonn als Jugendsektioun hätt ee bei iwwerparteilechen Tables-rondë versicht, iwwer déi eege Parteigrenzen eraus Diskussiounen unzestoussen, an dës Approche wier an sengem beruffleche Werdegang och ëmmer méi wichteg ginn. „Ech hunn 2013, wéi d’CSV an d’Oppositioun gaangen ass, mat zwee anere Kolleege mat enger Initiativ nach eng Kéier e leschte Versuch gestart, fir d’Partei bei verschiddene Sujeten e bëssen ze reforméieren, well mir gefaart hunn, dass, wann se sech net géif nei opstellen, se géif riskéieren, bei den nächste Walen net méi erëmzekommen, an dat ass leider duerno jo och geschitt“, esou de Charel. Aner Parteien hätte vläicht méi schnell reusséiert, hir Offer ze adaptéieren, ma den Haaptgrond fir säi Réckzuch aus der Politik war trotz allem net der CSV gescholt, mee einfach deem, wéi d’Saachen sech heiansdo entwéckelen.

Schmit
Foto: © OKaJu

„Ech si frou, dass ech mech haut voll op meng Aufgab als Ombudsman konzentréiere kann, mee meng Zäit an der Jugendsektioun an och duerno huet mech awer vill geléiert“, esou de Charel. Et géif een eng aner ouverture d’esprit kréien, wann ee mat Leit mat verschiddene Meenungen a Kontakt kéim, et géif ee scho jonk vill méi realistesch ginn an et kéint ee fir sech an seng Matbierger astoen, dofir wier et an sengen Aen immens wichteg, déi Jonk och weiderhin ëmmer nees an de politeschen Discours mat anzebannen. „D’Parteie musse geziilt Jugendaarbecht leeschten a Plaze schafen, wou déi Jonk kënnen a Kontakt komme mat eisem politesche System.“

Den Zentrum fir politesch Bildung, d’Jugendparlament oder den Zuch vun der Demokratie, bei dem Kanner aus dem Fondamental an d’Chamber fueren an hei mat den Deputéierte kënne schwätzen, wiere wichteg Initiativen, fir och schonn deene Jéngste Politik méi no ze bréngen. „Mir dierfen och d’Debatt ëm d’Erofsetze vum Walalter ni opginn a musse versichen, Jonker aus sozial méi schwaache Milieuen ze erreechen, well och si hunn eng Stëmm“, esou de Charel. Jonker misste Plattforme kréien, wou se hire Verännerungswëlle kéinten ausliewen, well just wann d’Participatiounskultur vu Klengem u géif promovéiert ginn, géife Jonker sech och engagéieren – privat, mee vläicht och ganz offiziell via eng Jugendpartei.

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.