Placeholder Dummy template

A wéi geet et dengem Crush? – Nix, mee lemme be delulu

E Bléck op d’Lëtzebuerger Jugendsprooch

Eenzel Buschtawen a kuriéis Ofkierzunge stinn an der Landschaft, ugereit u Wierder, déi ee beim beschte Wëllen net zouuerdne kann. Ongeféier esou kéint de Fazit vun engem Lieser ausfalen, dee fir d’éischte Kéier en Chat tëschent zwee Jugendleche liest. D’Jugendkommunikatioun zu Lëtzebuerg war bis Oktober 2022 nach guer net erfuerscht, bis déi jonk Doktorandin Melissa Mujkić dës als Grondlag fir hire Fuerschungsprojet geholl huet. Wéi kommunizéiert dann d’Jugend hautdesdaags, hu mir si ënner anerem gefrot. Eng Rees an eng nei erfuerschte Sproochwelt.

Jidderee kennt d’Jugendsprooch, awer just seng eegen. Dës Sprooch ass stänneg am Wandel an och déi, déi nach bis virun e puer Joer an hirer Jugendsprooch kommunizéiert hunn, verstinn net méi ganz vill vun deem, wat déi Jonk haut op den digitale Plattformen ënnerenee schreiwen.

Dës Zeilen aus engem privaten Chat weisen, wéi zwee Jugendlecher, den Aldin an den Nico, matenee kommunizéieren:

Aldin: Brt, wtl

Nico: R abd

Aldin: dass mega lw – Sollema haut eppes maachen, wannsde wells?

Nico: Ia vazyy sinn cho

Aldin: sollema blv goen an ef mei speit eppes iessen oder seu

Nico: sub?

Aldin: ia sub ass baba

Nico: ez, wenn kennt alles?

Léiwe Lieser, léif Lieserin, hutt dir alles verstanen? Nee? Gläich probéiere mir, dës Ënnerhalung ze erklären. Et handelt sech ëm Auszich aus dem Korpus vum Fuerschungsprojet zur digitaler Jugendkommunikatioun. D’Melissa Mujkić promovéiert op der Universitéit Lëtzebuerg am Beräich Luxemburgistik an analyséiert informell Chats vu Jonken op verschiddene Plattforme wéi WhatsApp, Snapchat, Instagram an Teams. Am September 2026 wäert hir Aarbecht, déi vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ënnerstëtzt gëtt, ofgeschloss sinn.

Mee elo zur Erklärung vum Chat tëschent dem Aldin an dem Nico:

Brt steet fir brate a kënnt aus dem Bosneschen, Kroateschen, Montenegrineschen, Serbeschen – kuerz: B/K/M/S – a bedeit Brudder. wtl heescht wat leeft. R steet fir rien, also näischt op Franséisch. An abd bedeit a bei dir. D’Ofkierzung lw am Aldin senger Äntwert steet fir langweileg. Sollema a wannsde heeschen eigentlech solle mer respektiv wann s de. Am Nico senger Äntwert hu mir de Begrëff ia, dee jo bedeit, a vazyy, wat fir vas-y steet an aus dem Franséische staamt. cho bedeit chaud, och aus dem Franséischen, a cho sinn heescht op eppes Loscht hunn/motivéiert sinn.

blv ass d’Ofkierzung fir Belval, ef fir einfach, sub fir d’Sandwichkette Subway, baba fir gutt an ez fir easy aus dem Engleschen, wat sou vill heescht ewéi ok, passt.

Nach net de Fuedem verluer? Alles ez, oder?

Am Ufank huet d’Melissa Mujkić missten hire Korpus zesummestellen. Mee wéi kënnt een u perséinlech digital Chats, an deene jonk Leit ënnerenee privat an deels intim Gespréicher gefouert hunn?

Fir d’éischt huet déi jonk Fuerscherin hire Projet misste vun der Uni Lëtzebuerg approuvéiert kréien, besonnesch wat den Dateschutz ugeet. Soubal si gréng Luucht hat, konnt si ufänken, hire Korpus zesummenzestellen. „Dat war guer net sou einfach“, verréit si eis. Si huet domat ugefaangen, Reklamm fir hire Projet an de soziale Medien ze maachen. Si war och um Radio, huet Flyere verdeelt an op verschiddenen Eventer op hire Projet opmierksam gemaach. „Mee d’Resultat war ganz moer“, erënnert si sech.

Dunn huet si verschidden Enseignantë kontaktéiert, déi jo schliisslech un der Quell sëtzen. Eng Rëtsch hu sech du bereeterkläert fir matzemaachen an d’Schüler goufen iwwer de Projet opgekläert. Um Enn huet d’Doktorandin konnten op d’Chats vun 140 Jonken am Alter vun tëschent 12 an 19 Joer zeréckgräifen, woubäi déi meescht vun hinnen éischter tëschent 16 an 19 Joer jonk waren.

Dës Schüler bleiwen anonym, dat heescht, datt hir Nimm ëmgeännert goufen a perséinlech Date wéi Telefonsnummeren oder Adresse komplett geläscht goufen. D’Melissa Mujkić huet sech bei hirer Recherche virun allem op de Süden, wou si déi meescht Kontakter hat, awer och op den Zentrum vum Land konzentréiert.

Melissa Mujkić

Wéi déi jonk Doktorandin mam Projet ugefaangen huet an déi éischt Chats krut, huet si verschidde Saache guer net verstanen. „Wat heescht r?“, huet si sech gefrot. Si huet bei deene Jonken nogefrot an ass lues a lues hanner d’Bedeitunge komm. „Ech hu gemierkt, datt d’Jugendkommunikatioun zu Lëtzebuerg ganz vill Aflëss aus de soziale Medien huet, besonnesch aus der englescher Sprooch.“ Dës Ausdréck waren nei fir si. Anerer huet si awer nach kannt aus hirer eegener Jugendzäit, déi nach net sou laang hier ass. Wéi zum Beispill „Ech si cho“, wat bedeit, datt ee motivéiert ass, eppes ze maachen. Oder d’Ofkierzung „wmd“, déi aus der däitscher Jugendsprooch kënnt an eent zu eent op Lëtzebuergesch kann iwwerdroe ginn: Was machst du? respektiv Wat méchs du?

Et ginn also verschidde Weeër, fir d’Bedeitunge vun de Wierder erauszefannen. Villes ergëtt sech aus dem Kontext. Éischt Auswäertungen am Kader vun der Melissa Mujkić hirem Fuerschungsprojet hunn et erméiglecht, insgesamt 15 verschidde Sproochen am Korpus ze identifizéieren. Dorënner waren der awer e puer, déi éischter zoufälleg dra virkommen, wéi beispillsweis dat japanescht Wuert Arigato (merci), iwwer dat zwee Jonker sech an engem Chat ënnerhalen hunn. Eng grouss Relevanz niewent dem Lëtzebuergeschen hunn englesch, däitsch a franséisch Wierder, awer och ganz Passagen, déi an dëse Sprooche geschriwwe sinn. Eng änlech Relevanz hunn och déi jeeweileg Hierkonftssprooche vun de Jonken, wéi Portugisesch, Italieenesch oder B/K/M/S, wou ëmmer erëm ganz Passagen opdauchen, am Fall, wou déi zwee Jonk am Chat dës Sprooch och beherrschen. Dorobber gëtt an der Reegel Rücksicht geholl.

Onofhängeg vun der Mammesprooch gi verschidde Wierder, déi aus Sprooche wéi beispillsweis dem Arabesche stamen, vun de Jonke benotzt, ouni datt se dës Sprooch kennen. D’Fuerscherin nennt d’Beispill wllh, dat fir wallah steet, aus dem Arabesche kënnt a sou vill heescht wéi „ech schwieren“. De Fazit vun der Linguistin: „D’Jugendkommunikatioun zu Lëtzebuerg ass immens méisproocheg“.

Eng weider Feststellung vun der jonker Fuerscherin ass, datt an der Lëtzebuerger Jugendkommunikatioun d’Sproochen dacks innerhalb vun engem Saz gemëscht ginn oder op eemol d’Sprooch einfach gewiesselt gëtt. D’Melissa Mujkić nennt eis e Beispill aus engem Chat: „Wann ech a casa sinn, fänken ech un“. E lëtzebuergesche Saz, an deen e portugisescht Wuert agesat gëtt: casa bedeit doheem – iwwregens och am Italieeneschen. Et ginn och sazextern Sproochewiesselen, bei deenen eng Persoun den Chat op Lëtzebuergesch ufänkt („Wéi vill Leit kommen e Mëttwoch mat?“) an déi aner Persoun am nächste Saz komplett op Englesch äntwert: „I don’t know, ask the people who talked with you.“ D’Melissa Mujkić stellt fest, datt sech ënner de Jugendlechen eng gewësse Liesfäegkeet a verschiddene Sproochen erwaart gëtt. „Ech mierken, datt déi allermeescht esou vill Sprooche kennen, datt et an der Kommunikatioun net zu Verständnisproblemer kënnt.“

Angscht, datt et duerch d’Mixe vu ville Sproochen eventuell kéinten negativ Auswierkungen op d’Lëtzebuerger Sprooch ginn, huet d’Doktorandin keng. „D’Schüler benotzen hir Jugendsprooch jo nëmmen ënnereneen, awer net, wa se mat hirem Proff, hiren Elteren oder aneren erwuessene Persoune kommunizéieren.“ Positiv gesäit si de Fait, datt d’Lëtzebuergescht duerch déi nei digital Méiglechkeete sou vill geschwat a geschriwwe gëtt wéi nach ni. „Et gi sou vill Content-Creators, déi hir digital Inhalter op Lëtzebuergesch produzéieren, sief et an Tiktok-Videoen oder Podcasten. Et mierkt een, datt de Besoin do ass, d’Saachen op Lëtzebuergesch ze deelen. Eis Sprooch ass immens present.“

Op d’Interpunktioun leeën déi Jonk manner bis guer kee Wäert. Kommae ginn dacks ewechgelooss an hanner engem Saz am Chat steet meeschtens kee Punkt. „Wann do ee steet, dann ass dat scho bal provokativ“, seet d’Fuerscherin. Genre: „Ech maachen e Punkt, also sinn ech elo fäerdeg an du kanns kucken, datt s de eens gëss.“ Deen anere freet dann: „Bass de rosen?“

„D’Kommunikatioun vun de Jonken ass prinzipiell kuerz, fir den Tippopwand ze verréngeren“, sou d’Melissa Mujkić. Dofir ginn dacks Prepositiounen ewechgelooss, wéi zum Beispill an dësem Chat: „Ech sinn um 13 Auer Beetebuerg.“ Do feelt d’Prepositioun zu. Oder: „Ginn elo bei Tram.“ Hei feelt de bestëmmten Artikel den an de Personalpronomen ech. Gäre falen och d’Vokaler an de Wierder ewech, wéi beim Wuert mrc, dat merci bedeit.

D’Erfuersche vun der Lëtzebuerger Jugendsprooch ass also uma interessant. Pardon, uma heescht vill respektiv mega a gëtt als Steigerungspartikel agesat. Wouhier dat Wuert kënnt, huet d’Linguistin nach net erausfonnt. Op jidde Fall huet et näischt mam onbestëmmten Artikel uma am Portugiseschen ze dinn. Sou vill steet mol fest.

Elo kéint een – passend zum Theema Jugendsprooch – den Artikel mam Ausdrock finito ofschléissen. A wa mir nach e Punkt hannendrumaachen, da wëlle mer de Lieser ë bësse provozéieren. Mee dat kënne mer och erëm zeréckhuele mat der Ofkierzung tqt. Dat heescht sou vill wéi (ne) t’inquiètes (pas): Maach der keng Suergen. Alles ez, oder?

Chat-Ausschnëtt

Hei en Auszug aus engem Chat tëschent zwou jonke Schülerinnen.

Amra: ech crushen mega op heen

Amra: mir schreiwen dauernd op snap

Elina: Awww süss

Amra: a wéi geet et dengem crush?

Elina: nix

Elina: mee lemme be delulu

Amra: fwwww?

Elina: mengen ech hunn keng Chance bei him

(…)

Elina: mee haaptsaach mir snappen awer, heen ass mega leif

Amra: ma kk, dat ass en zeechen

Elina: hahaha jo, delulu is the solulu

Amra: wllh, dir wärt sou cute ec

Erklärungen:

Op ee crushen bedeit, datt ee fir eng Persoun schwäermt. D’Ofkierzung snap steet fir déi digital Plattform Snapchat, déi bei Jonke ganz beléift ass, fir ze chatten oder sech Fotoen a Videoen ze schécken. snappen ass d’Verb dovunner an heescht, datt een op Snapchat mateneen chat. Den Ausdrock lemme be delulu steet fir let me be delusional, kënnt aus dem Engleschen a bedeit looss mech dreemen, well ee sech eppes wënscht, dat net an der Realitéit geschéie wäert. D’Ofkierzunge kk respektiv kkn sti fir kuck respektiv kucken. solulu steet fir solution, also d’Léisung, an d’Kombinatioun wllh steet fir wallah, kënnt aus dem Arabeschen a bedeit ech schwieren. D’Wuert cute kënnt aus dem Engleschen an heescht léif oder süüss. Den Zousaz ec ass eng Ofkierung aus dem Franséischen, steet fir en couple a bedeit, datt eng Persoun an enger Relatioun ass.

En Artikel vum Eric Rings

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.