Journalismus

en Dramberuff?

Dir kennt en all aus de Mickimausen: de Klischee vum Journalist als „rasender Reporter“, mat engem Trenchcoat an engem Hutt un, an deem sengem Bändchen en Ziedel stécht, op deem „Press“ steet, de Fotoapparat oder de Bic an de Block am Grapp. Natierlech ass et am richtege Liewen net wierklech esou – awer bal.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Journalismus ass einfach immens. Et ass een ëmmer matzen dran, wann eppes geschitt. Als Wuechthond vun der Demokratie oder véierte Pouvoir huet een d’Missioun, am Numm vun de Bierger a Biergerinnen op déi, déi d’Muecht (politesch, ekonomesch oder sozial) hunn, ze kucken an ze kontrolléieren, ob d’Leit hinne kënne vertrauen. Wëssen ass Muecht, mécht awer ganz schéi vill Aarbecht. Dofir ass et och eng grouss Erausfuerderung, fir als Journalist ëmmer ze probéieren, esou vill iwwer e Sujet ze wëssen ewei déi, iwwer a fir déi ee schreift. Dat ass eng grouss Responsabilitéit, där ee sech ëmmer muss bewosst sinn. Journaliste si Meenungsmécher, well se d’Wierklechkeet kucken, erzielen, tässelen a kommentéieren. Et ass e Beruff ouni gereegelt Aarbechtszäiten, fir deen een eigentlech ëmmer schafft, sech ëmmer informéiert, ëmmer prett muss sinn, op Reportage ze goen.

Et ass awer och en Handwierk, an deem ee mat der Zäit ëmmer besser gëtt. Ech hunn a menger Karriär vun iwwer engem Véierelsjoerhonnert haaptsächlech am geschriwwene Journalismus geschafft, als Redaktesch vun der onofhängeger Wochenzeitung d’Lëtzebuerger Land: Och do muss een esou schreiwen, datt den Text d’Leit uschwätzt an interesséiert, fir datt se Loscht hunn, en net nëmmen unzefänken, mee och bis zum Schluss ze liesen. Wat an Zäiten, an deene Facebook an Twitter ëmmer méi séier sinn, eng grouss Erausfuerderung ass.

Lëtzebuerg ass e klengt, e rouegt Land, an deem ee glécklecherweis kee Krichsreporter – mat alle Geforen an allem Adrenalin, déi dat mat sech bréngt – brauch ze sinn. Mee et gëtt awer genuch Sujeten, fir déi onofhängege Journalismus wichteg ass: Wann um groussherzoglechen Haff d’Aarbechtskonditiounen esou sinn, datt d’Leit zu Dosende fortlafen, oder wann den Direkter vum SREL (Service de Renseignement de l’État du Luxembourg) mat enger trafikéierter Auer de Premier Jean-Claude Juncker ouni säi Wëssen ophëlt. Wann e Referendum ofgehale gëtt, fir d’Auslännerwalrecht bei de Parlamentswalen anzeféieren, an op eemol e ganz neie (Sprooch-) Patriotismus Opdriff kritt. Wa Wale sinn an eng Regierung aus dräi Parteien an ouni CSV entsteet a versprécht, datt elo alles méi modern géing ginn. Wa Parteien sech nei opstellen, fir ze probéieren, bei de Wale gutt ewechzekommen, an et net richteg klappt. Ëmmer dann ass een als Journalist/in ganz no dobäi. Mee et muss ee sech bewosst sinn, datt een ni en Deel dovunner ass, datt een eng objektiv Distanz zu all de Sujeten an de Leit, ëm déi et geet, muss behalen. Soss ass ee befaangen an et verléiert ee seng Glafwierdegkeet. Dobäi ass dem Publikum säi Fiduz dat Wichtegst, wat de Journalist wierklech als Basis huet.

Ech war och ëmmer Kulturjournalistin am Lëtzebuerger Land an hunn dofir vill Theaterstécker, Ausstellungen oder Tournéeë vum OPL an d’Ausland begleet an doriwwer bericht. Oder Kritike geschriwwen – dacks gepefferter, wann et doru war, dat ze soen. Mee ech hu mer ëmmer als Reegel ginn, eng gewëssen Distanz zu de Leit ze behalen, wat an engem Mikrokosmos, ewéi Lëtzebuerg een ass, net ëmmer evident ass. Mee et war mer wichteg, fir glafwierdeg ze sinn. Och am Kulturjournalismus sollt een d’Saach eeschthaft maachen. Deen een oder anere „Shitstorm“ op de soziale Netzwierker blouf natierlech net aus.

Journalist ze sinn heescht ëmmer och, tëschent de Welten ze sinn, awer ni en Deel dovunner. Datt een deen een Dag e Minister interviewt an den Dag drop zum Beispill bei enger elengerzéiender Fra op Reportage ass, déi d’Enner mam beschte Wëllen net beieneekritt, ass eng vun den Erfarungen, déi ech nach ëmmer genial an deem Beruff fannen. An da mécht ee Recherchen iwwer Statistiken an Zuelen an et schreift een dat op – a vläicht kënnt dat bei deem engen oder anere Lieser oder politesche Responsabelen un, datt et e Skandal ass, datt een am räiche Lëtzebuerg net genuch Suen huet, fir d’Kanner an d’Vakanzekolonie kënnen ze schécken.

Deemno: Jo, Journalismus ass en Dramberuff. En ustrengenden an, am Verglach mat villen aneren, och e schlecht bezuelten. Mee en eedelen, mat enger richteger Missioun. Dofir soen och vill Kolleegen a Kolleeginnen dacks am Laachen, et wier éischter eng „Berufung“; en Job, deen ee mécht, net fir sech selwer, mee am Déngscht vu sengem Publikum, de Lieser a Lieserinnen, déi dacks, dat hunn ech och erlieft a menger Karriär, wierklech dankbar sinn, datt een dat mécht.

En Artikel vum Josée Hansen

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.