Jiddwerengem ze hëllefen ass net ëmmer einfach

Viru kuerzem wollte mir de President vun der Handelskummer (Chambre de Commerce) op senger Aarbecht besichen. Wéinst der Corona-Pandemie, an deenen zu deem Zäitpunkt ganz héijen Infektiounszuelen, hu mir eist Gespréich mam Carlo Thelen leider awer iwwer Distanz misse féieren. Hei de Portrait vun engem ganz interessante Personnage.

De Carlo Thelen ass den 9. August 1971 an der Stad Lëtzebuerg gebuer. Hien ass zu Garnech an d’Primärschoul (haut Grondschoul) gaangen an war duerno an der Stad am Kolléisch. No senger Première huet hien sech fir e Studium op der Universitéit zu Louvain-la-Neuve (B) entscheet, wou hien e Master a Wirtschaftswëssenschafte gemaach huet. Hien ass zënter 2000 bestuet an huet haut dräi Bouwen (17, 15 an 13 Joer). Seng léifsten Hobbye si Reesen a Vëlofueren. „Am léifste kombinéieren ech déi zwou Saachen“, seet de Carlo Thelen mat engem breede Laachen.

No bal 25 Joer an de Reie vun der Handelskummer gesäit hien dat, wat hien berufflech mécht, nach ëmmer als déi interessantsten Aarbecht un, déi hien sech als Ekonomist kéint virstellen. „D’Handelskummer ass d’Intersektioun tëschent all deem, wat zu Lëtzebuerg an der Wirtschaft an an de Betriber geschitt. Eisen Aktiounsradius ass ganz breet an vilfälteg.” De Carlo Thelen resuméiert d’Missiounen vun der Handelskummer mat den „dräi F”: d’Handelskummer wier d’Force de proposition, well si Avisen zu Gesetzes- an Reglementsvirschléi, awer och aner Virschléi a Recommandatiounen un d’Regierung an d’Entscheedungsträger mécht, d’Handelskummer wier de Facilitateur, well si de Betriber an anere Partner a Clientë vill Servicer ubitt (zum Beispill Formatioun, Internationalisatioun, Kreatioun vun Entreprisen, Berodung a konkreet Hëllef …), fir hinnen d’Liewen am Business méi einfach ze maachen, an d’Handelskummer wier de Fédérateur, well si mat der Regierung, mat de Verwaltungen, Federatiounen, Associatiounen, aner Beruffschamberen, hei an och am Ausland kooperéiert a Partenariaten ageet.

De Kontakt um Terrain ass wichteg

Autonomie ze hunn fir duerch nei Initiativen d’Saachen no vir ze bréngen, an de Betriber domadder ze hëllefen, sech dauernd weider ze entwéckelen, dat ass dat, wat de Carlo Thelen och nach haut u sengem Beruff reizt. Wichteg ass fir hien, vill Kontakt um Terrain mat de Betriber ze fleegen an ëmmer een oppent Ouer fir hir Suergen awer och hir nei Iddien ze hunn. „Mir brauchen e stännege Kontakt mat Betriber a Wirtschaftsvertrieder zu Lëtzebuerg an awer och am Ausland“, sou de President. An enger Welt, déi ëmmer méi komplex gëtt a wou de Volume vun Informatioune stänneg zouhëlt, awer net onbedéngt proportional qualitativ besser gëtt, muss de Carlo Thelen zouginn, datt et fir hien ëmmer méi schwéier gëtt, den Iwwerbléck net ze verléieren an den Duerchbléck ze behalen.

Op eis Fro, wéi eng Erausfuerderung hien op sech a seng Ekipp gesäit zoukommen, äntwert de Carlo Thelen: „Den Debat public weider virunzedreiwen, wéi mir dat schonn zanter 2012 mat der Plattform 2030.lu an elo via IDEA maachen, fir datt eis Gesellschaft versteet, datt Lëtzebuerg keng Insel ass, datt mir ganz vulnerabel sinn an dee Räichtum, éier e ka verdeelt ginn, fir d’éischt muss erwirtschaft ginn.“ E weideren Defi wier, Talenter aus dem Ausland unzezéien awer och jonk Leit fit fir d’Liewen an der Beruffswelt maachen. D’Weiderbildung sollt een och net vergiessen.

Zum Theema Afloss vu Nohaltegkeet, Solidar- oder och Kreeslafwirtschaft, Life-Work-Balance asw. op seng Aarbecht an déi vu senger Ekipp seet de Carlo Thelen, datt d’Handelskummer scho virun 10 Joer d’Konzept vum nohaltegen a qualitativem Wuesstum an den ëffentlechen Debat erabruecht huet. Logesch wier et dunn och gewiescht, datt si mam Wirtschaftsministère zesummen d’Studie iwwert déi drëtt Industriel Revolution (Rifkin Etüd) matgedroen hunn. „Haut probéiere mir zesummen mat IMS, dës Enseignementer erëm op d‘Dagesuerdnung ze kréien, a mir si frou, datt den neie Wirtschaftsminister do derhanner steet. Genee wéi och hanner der Economie circulaire, wou et nei Initiative ginn. D’Relance kann eis nëmme geléngen, wann eist Ëmfeld business friendly ass, datt duerch Innovatioun, duerch den technologesche Fortschrëtt an duerch staark Betriber e qualitative Wuesstum erreeche kann. Dëst am Interêt vun der sozio-ekonomescher Entwécklung vum Land a vum Bien-être vun der Bevëlkerung, well Wirtschaft ass jo kee Selbstzweck.“

Wéi scho gesot ass de Carlo Thelen zanter bal 25 Joer an der Handelskummer. Wou gesäit hien sech dann an 10 Joer? Nach ëmmer do, wou hien haut ass? „Hoffentlech nach ëmmer op enger Plaz, wou ech meng Kenntnisser iwwer eis Wirtschaft a Betriber weiderhin asetze kann, a wou et weiderhin e Gestaltungsspillraum gëtt, fir eise Wirtschaftskader dauerhaft ze optimiséieren“, sou d’Äntwert vum Carlo Thelen, dee sech „Léisunge sichen“ an „Oppe si fir nei Iddien“ op de Fändel geschriwwen huet.

Zum Schluss wollte mir nach wëssen, wéi eng gutt awer och schlecht Momenter de Carlo Thelen a sengem berufflechen oder och private Liewe gepräägt hunn. Berufflech wier hien natierlech ganz frou gewiescht, wéi hien de Support vun der Vollversammlung kritt huet, fir 2013 dem Pierre Gramegna säin Nofollger als Generaldirekter vun der Handelskummer ze ginn. Och den 175. Gebuertsdag vun der Handelskummer virun dräi Joer ass him a gudder Erënnerung. „Dat war e fantastesche Moment.“ Privat wier et natierlech d’Gebuert vun sengen dräi Bouwen gewiescht, déi hien als ganz speziell a freedeg Momenter ervirhieft.

Wat déi méi schlecht Momenter ubelaangt, brauch de Carlo Thelen net wäit an der Zäit zeréck ze goen: „Berufflech gesi konnt ech mech bis elo ni bekloen. Ech hat nach ëmmer super Ekippen ronderëm mech, sief et d’Personal vun der Handelskummer, sief et d’Memberen vun eiser Vollversammlung. Ech muss awer soen, dass déi aktuell Pandemie an déi wirtschaftlech Kris, déi sech dorop opbaut, och schwéier fir meng Ekippen a mech selwer sinn, well mir wëllen all de Betriber, deenen et besonnesch schlecht geet, hëllefen, mee muenchmol feelen engem einfach d’Moyenen an déi néideg Instrumenter.“

En Interview vum Roger Infalt

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.