Mäi Bläistëft flitt iwwer d’Blat. Et dauert keng fënnef Minutten an ech hu meng Hand wéi. Ech sinn et wierklech net méi gewinnt, analog ze schreiwen. Elo heescht et, op d’Zänn bäissen, well mäi Flow ass nawell esou intensiv, dass ech keng Loscht hunn, eng Paus ze maachen. Dat géif mech just erausbréngen. Warscheinlech hätt ech da komplett de Fuedem verluer.
Et ass samschdes mueres, 10:45 Auer an ech sëtzen um zweete Stack uewen am Mierscher Lieshaus. Ronderëm mech hunn eng 12 aner Leit Plaz geholl, fir zesummen ze schreiwen. An der Mëtt vum Dësch leien eng Rei ausgedréckte Biller vum Friedrich Hechelmann, deen e wichtege Representant vum Fantastesche Realismus war – den däitsche Moler, Illustrator an Auteur ass d’lescht Joer gestuerwen. D’Biller, déi eng mystesch Atmosphär duerstellen, fungéieren als Inspiratioun fir eis Texter, déi ronderëm d’Theema „d’Kraaft vun der Fantasie“ solle kreesen. Dofir huet d’Manon Della Siega, Franséisch-Proff am Mierscher Lycée, eis fir d’éischt säi Liblingskannerbuch „Du bist deine Fantasie. Eine magische Traumreise“ vum Valerie Groß virgelies.
Als Inspiratiounsquell hunn ech mir e Bild erausgesicht, op deem een eng Fra an engem wäisse Kleed an engem relativ donkelen an dichte Bësch leie gesäit. D’Fra selwer läit an der Mëtt vun enger Aart Blummewiss a genee op där Plaz ass et méi hell – ouni Luucht wären d’Blumme warscheinlech guer net gewuess. D’Bild a Kombinatioun mam Virliese vum Kannerbuch iwwer d’Potenzial vun der Fantasie loossen a mir direkt en Titel entstoen an e Gespier fir eng Geschicht, déi gebuer wëll ginn. Ech notéieren „Die große Erzählung“ op mäi Blat a leeë lass.
Den Text, deen ech schreiwen, kënnt net aus dem rationale Verstand. Deen ass nämlech net esou séier wéi mäi Bläistëft, dee sech, wéi vu Geeschterhand geféiert, iwwer d’Blat beweegt. Ech, d. h. mäi Verstand, weess net genee, wou d’Schreifrees higeet, an zéie mech op eng Beobachterpositioun zeréck. Ech erziele vun engem Dram, an deem ech an engem mysteriéise Bësch eng Fra begéinen, déi sech als déi grouss Erzielung virstellt. Ech maache mech mat hir op eng Wandertour a fanne lues a lues eraus, wie si wierklech ass.
Et gëtt dann awer e klengen Irritatiounsmoment beim Schreiwen. D’Fra um Bild huet nämlech e Kleed un, dat bal duerchsiichteg ass, an ech mierken, wéi mäi Schreif-Flow mech an eng erotesch-poeetesch Richtung wëll lenken. Éier sech déi Erzielspuer awer konkreet entfale kann, ginn ech plëtzlech op eng ganz aner, philosophesch-existenziell Pist katapultéiert. D’Fra erkläert mir, wat se domat mengt, dass se déi grouss Erzielung ass. Si seet, dass déi ultimativ Realitéit, d. h. dat, wat verschidde Leit Gott nennen, eigentlech eng Instanz ass, déi sech onendlech Geschichten erzielt. Alles, wat et gëtt, ass eng Geschicht, just déi Instanz selwer ass keng. Si erkläert mer, dass ech, an domat dat, wat ech als mäi Liewe begräifen, eng Geschicht sinn, déi déi Instanz sech erzielt. Dat géif och op all déi aner Mënschen zoutreffen, geneesou op all d’Déieren, eise Planéit, eis Galaxie, de Raum, d’Zäit asw.
Mäi Verstand probéiert, nozevollzéien, wat en erzielt kritt. An an deem Moment, wou ech d’Gefill hunn, endlech ze verstoen, wat d’Bësch-Fra mengt, erwächen ech aus mengem Dram. Et ass mer awer méiglech, e wichtege Message aus deem Dram mat eriwwerzehuelen: Ech si meng eegen Erzielung, ech sinn den Auteur vu menger Geschicht an hunn och d’Verantwortung doriwwer, wéi ech se erzielen. An ech wäert et net méi zouloossen, datt aner Leit mir hir Geschicht opzwéngen.
„A mengem Schreifatelier geet et net ëm literaresch Qualitéit. Déi kann natierlech gären do sinn, mee d’Haaptiddi ass déi vun der Begéinung. D’Begéinung mat sech selwer a mat deenen aneren. D’Schreiwen ass e wonnerbare Medium dofir. Et ass e kreative Moyen, fir Convivialitéit auszeliewen“, esou d’Manon iwwer säi Projet, deen et elo zënter Mee 2022 mécht. Mol steet méi den Aspekt vun der Intuitioun, mol méi dee vun der Kreativitéit am Vierdergrond. De Fokus géing vill manner um Resultat leien, am Zentrum géif de Schreifprozess an domat d’Erfarung, déi jidderee beim Schreiwe mécht, stoen: „Et gëtt kee Richteg a kee Falsch, kee Gutt a kee Schlecht. Wat eis bei dëser Form vun der Schreif-Begéinung am meeschten interesséiert, ass d’Erliefnis, dat an eis selwer ausgeléist gëtt, an dann, an engem zweete Schrëtt, d’Erliefnis mat deenen aneren, wa mer eis Texter mateneen deelen.“
D’Manon verréit, dass awer och literaresch Ambitioune kënnen ausgelieft ginn. D’Texter, déi am Kader vum Schreifatelier entstinn, kéinten dono a Rou iwwerschafft ginn an eventuell eng weider Rees a Richtung Publikatioun untrieden. Zum Beispill ass säi Kannerbuch „De Laachmännchen“ an engem Schreifatelier gebuer ginn a spéider bei Éditions Schortgen erauskomm.
De Schreifatelier ass esou opgebaut, dass et am Ufank eng Schreifinvitatioun, en Input vum Manon gëtt – déi Kéier, wéi ech deelgeholl hunn, waren dat d’Kannergeschicht iwwer d’Kraaft vun der Fantasie an dem Hechelmann seng dramänlech Biller. Eng aner Kéier wären et Spréchwierder gewiescht, déi d’Kreativitéit vun de Participanten*Participanteën ugereegt hätten. Den Input, dee vum Manon kënnt, ass tatsächlech eng Invitatioun, där een net streng muss nogoen. Et géif ausserdeem net dorëm goen, „eng Invitatioun richteg ze verstoen, mee se einfach fir sech ze verstoen an dann dat draus ze maachen, wat sech fir ee selwer richteg ufillt“.
Wichteg ass et dem Manon, ze betounen, dass all d’Sprooche wëllkomm sinn. D’Participanten*Participanteë sollen an där Sprooch schreiwe kënnen, an där se sech am wuelste fillen. „Ech hat eemol en Atelier mat 18 Leit gemaach, déi aus ganz verschiddene Kulture komm sinn, a jiddereen huet säin Text dono einfach a senger Sprooch virgelies an e puer Wierder zum Inhalt an dem Schreifprozess gesot. D’Schreifbegéinung ass an deem Moment dann och zur interkultureller Begéinung avancéiert.“
Et bleift nach d’Fro ze klären, wat esou e Schreifatelier mat Spiritualitéit ze dinn huet. Wie gutt opgepasst huet, konnt dat schonn duerch d’Geschicht erkennen, déi mir spontan agefall ass. D’Manon dréckt et esou aus: „Duerch dëse Schreifkader begéint ee sech selwer, senger Intuitioun, senger Fantasie, et kuckt een an eng aner Welt, seng Bannewelt. Wärend deem Prozess kann ee verschiddenst Saachen, Erfarungen, Erliefnisser, Gefiller, Gedanken opschreiwen, besser verstoen, verdauen, reinterpretéieren, lassloossen. Esou léiert ee sech besser kennen an et spiert ee sech och méi verbonne mat sech selwer. Dat ass d’Magie vum Schreiwen.“ Dëse Prozess ass geliefte Spiritualitéit, well et geet grondleeënd ëm d’Selbsterfuerschung an dann, an engem zweete Schrëtt, ëm d’Selbstartikulatioun.
Deen zweete Punkt ass definitiv net ze ënnerschätzen. An deem Moment, an deem ech ufänken, mäin Text virzeliesen, mierken ech, dass meng Stëmm ziddert an Adrenalin duerch mäi Kierper schéisst. Ech sinn amgaangen, meng Bannewelt no baussen ze kéieren, an dat ass net evident. D’Manon erkläert: „Et ass e ganz vulnerabele Moment, well ee sech opmécht, well ee sech plakeg mécht, well een eppes vu sech präisgëtt an engem Kader vu Leit, déi een net onbedéngt kennt. Dat erfuerdert Courage.“ Mee et wär och e Kaddo, deen een deem anere géing maachen, well een en intime Bléck a seng Bannewelt erméiglecht. D’Texter solle vun deenen aneren net bewäert ginn, mee jidderee ka sech dozou äusseren, mat wat en a Resonanz gaangen ass a wat e beréiert huet.
„Zum Schluss geet ee vill méi frou heem, wéi ee komm ass. Mat engem Häerz voller Geschichten an dem Gefill vun authentesche mënschleche Begéinungen. Dat fannen ech wonnerschéin a magesch.“ Mat sengem Schreifatelier well d’Manon der Individualiséierung an der Vereinsamung vun eiser Gesellschaft eppes entgéintsetzen. Geliefte Spiritualitéit bedeit, den Eenheetsgedanken, dass mir alleguer e gemeinsamen Ursprong hunn, an dës manifest Realitéit ze iwwerdroen – hei geschitt dat duerch d’Schreiwen an d’Erziele vu Geschichten an engem convivialle Kader. „Wann d’Häerz schreift a sech fräi ausdréckt, da si mir um Wee fir an eng besser Welt.“
Fotoen: © Manon Della Siega
En Artikel vum Heng Barone
D’Geschicht vum Schreifatelier hei liesen…
Neulich hatte ich einen besonderen Traum. Ich weiß nicht mehr genau, wann ich eingeschlafen bin, aber ich kann mich noch gut erinnern, dass ich plötzlich in einem dunklen Nadelwald stand. Ich ging langsam voran. Wegen der Dunkelheit war es gar nicht einfach, meinen Weg zu finden. Und doch hatte ich das Gefühl, dass ich hier an diesem Ort nicht falsch gehen kann. Auf einmal erblickte ich so etwas wie eine Lichtung. Ich schritt darauf zu. Es wurde zunehmend heller. Die dunklen Konturen der Tannen lösten sich mehr und mehr in Licht auf.
Ich blieb abrupt stehen. Ich hatte etwas gesehen, womit ich nicht gerechnet hatte. Vor mir saß eine Frau vor einem Baum. Zuerst war ich so überrascht, jemanden an diesem verlassenen Ort anzutreffen, dass ich kein Wort herausbekam. Dann fragte ich schließlich doch: „Wer bist du? Was machst du hier?“ Die Antwort war kryptisch: „Ich bin die große Erzählung und ich habe auf dich gewartet.“ Ich verstand nicht, was mir gesagt wurde. „Was meinst du damit? Die große Erzählung? Was soll das sein?“
Statt mir zu antworten, erhob sich die große Erzählung und lud mich auf eine Wanderung durch den Wald ein. Wie von Geisterhand gesteuert, ging ich mit – ohne mir darüber Gedanken zu machen, dass es eventuell gefährlich sein könnte, mit einer fremden Frau, der ich zufällig in einem dunklen Wald begegnet bin, diese Wanderschaft ins Ungewisse zu unternehmen.
Erst jetzt viel mir auf, dass die Frau ein fast durchsichtiges Gewand trug. Das irritierte mich noch mehr, denn in dem Nadelwald war es wirklich nicht warm. „Lass dich nicht von Oberflächlichkeiten ablenken“, sagte die große Erzählung und dann fing sie an, mir zu erklären, wer sie ist.
„Ich bin die große Erzählung. Ich bin alles, was es gibt und was erzählbar ist. Das heißt, ich bin ich, aber ich bin auch du. Ich bin die Nadelbäume in diesem Wald. Ich bin das Kleid auf meinem Körper. Ich bin dein Herz, das etwas schneller schlägt, weil du mich schön findest. Ich bin die Dunkelheit, die am Anfang da war, bevor du die Helligkeit der Lichtung gesehen hast. Ich bin deine Vergangenheit, dein Leben, das du dir in dieser Sekunde erzählst. Ich bin die Geschichte deiner Eltern, deiner Vorfahren. Ich bin die Erzählung aller Menschen, die jemals gelebt haben. Und natürlich bin ich auch jede einzelne Geschichte in der großen Erzählung.“
Ich war baff und verstand nicht viel. Das war wohl das Problem. Um hier weiterzukommen, um mich darauf einzulassen, musste ich meinen Verstand ausschalten, ihn überwinden oder transzendieren. Die große Erzählung sprach weiter: „Ich bin der Kern der Existenz. Die ultimative Realität. Das, was manche von euch Gott nennen, das ist in Wirklichkeit die große Erzählung. Ich bin die große Erzählung, die sich eine Unendlichkeit an Geschichten ausdenkt und sich diese erzählt, um sich selbst zu erfahren und zu erforschen.“
Allmählich hatte ich das Gefühl, dass ich etwas von dem, das vermittelt wurde, begreifen konnte. Ich spürte die Wahrheit des Gesagten plötzlich mit jeder Faser meines Körpers. „Gut so“, sagte die große Erzählung, „dann ist es Zeit für mich, zu gehen.“
Das Nächste, an das ich mich erinnern konnte, war, dass ich in meinem Bett lag. „Was für ein merkwürdiger Traum“, dachte ich. Aber ich konnte etwas für mich hinüberretten, das seitdem bei mir geblieben ist.
Ich bin meine eigene Erzählung. Ich bin für meine Geschichte verantwortlich. Und ich werde es nicht mehr zulassen, dass andere mir ihre Geschichte aufzwingen. Was wir aber gerne jederzeit tun können, ist, uns zusammenzusetzen und uns gemeinsam unsere Geschichten erzählen. Darüber würde sich die große Erzählung sicherlich sehr freuen.