Placeholder Dummy template

De Sproochentest

Den Examen, deen ee Liewe verännere kann

Fir vill auslännesch Matbewunner*innen ass et ee vun de wichtegsten an opreegendsten Examen an hirem Liewen: de Sproochentest, dee gepackt muss ginn, fir déi lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréien. Stress, Onsécherheet an dacks och Schlofproblemer begleeden d’Leit déi Méint virdrun. De Konterbont huet mat Kandidaten aus ënnerschiddleche Länner geschwat – an hir Geschichte weisen, wéi emotional dës Epreuve fir si wierklech war.

Fänke mer mat der Elena Georgescu un, déi sech mat Coursen am INLL op de Sproochentest virbereet huet – vum Niveau A1 bis B1.2. D’Mamm vun zwee Kanner huet vill Zäit an Effort investéiert, fir sech uerdentlech ze preparéieren. „Niewent mengen Notizen aus de Coursen hunn ech nach eng Kéier all d’Grammaires-Reegelen, Vokabelen a Gespréichstheeme ferm widderholl“, seet si. Wéi de groussen Dag komm ass, war si natierlech nervös. „Esou wéi bei bal all Examen eigentlech“, verréit d’Rumänin, „mee nodeems d’Formalitéiten erduerch waren, war meng Opreegung wéi verflunn.“ Am Endeffekt war d’Prüfung vill manner dramatesch, wéi si gefaart hat. D’Elena huet den Test ganz souverän gepackt an ass „immens stolz“ gewiescht – net nëmme wéinst dem Certificat, mee och well et hir Integratioun am Land gestäerkt huet.

Änlech intensiv huet d’Fernanda Prates dës Zäit erlieft. D’Brasilianerin erënnert sech nach gutt un den Dag vum Examen. Am Bus fir an den INLL huet si all hir Notize gelies a lëtzebuergesch Lidder gelauschtert, fir sech mental dorobber virzebereeden. Awer d’Nervositéit war nach ëmmer grouss. „Dat Éischt, wat ech den Examinateure gesot hunn, war: Et deet mer leed, mee ech si mega nervös.“ D’Gespréich huet zwar nëmmen zéng Minutte gedauert, mee fir si huet et sech ugefillt wéi eng Éiwegkeet. Dat richtegt Ziddere koum awer eréischt duerno, beim Waarden op d’Resultater. Wéi d’Enveloppe endlech no engem Mount an der Bréifkëscht louch, war d’Spannung kaum auszehalen. „Wéi ech se opgemaach hunn, ass mäin Häerz fir ee Moment stoe bliwwen.“ Dunn d’Erliichterung: Si hat et gepackt. „Ech hunn direkt ugefaange mat kräischen an hunn direkt deene wichtegste Persounen aus mengem Ëmfeld ugeruff“, verréit déi passionéiert Fotografin. „Ech wollt et onbedéngt bei der éischter Kéier packen – an dat ass mir gelongen.“

Nach eng aner Erfarung huet den Adrian Coseru gemaach. Um Examensdag war hie krank – e ganz onerwaarte Problem, nodeems hie sech wochelaang akribesch virbereet an esouguer e puer Deeg Congé geholl hat. Dofir ass hie mat enger ganz anerer Astellung an den Exame gaangen. Opgereegt war de Moldawier u sech net méi. Hie wollt einfach nëmme säi Bescht ginn. „Wat mir och immens gehollef huet, war d’Haltung vun den Examinateuren: Se ware streng, mee gläichzäiteg frëndlech a fair. Dat huet mech berouegt.“ Hien huet am Endeffekt den Test souverän gepackt an och fir hie war d’Erliichterung immens grouss. Mat engem Laache seet hien „Ech hu vill gekrasch“, mee direkt drop koum d’Erklärung: „Nee, dat war e Witz. Mee, wat stëmmt, ech war wierklech stolz drop, mech endlech e Lëtzebuerger kënnen ze nennen.“

Eng aner Strategie huet d’Burcu Özenli verfollegt. Si huet sech net wéi déi dräi aner Studenten a Gruppecoursen, mee mat engem Eenzelcours op dësen Test preparéiert. Dräi Méint laang huet d’Tierkin intensiv mat engem Sproochespezialist zesummegeschafft. „All Dag hunn ech Stonnen domadder verbruecht, Vokabelen a Strukturen ze léieren. Am meeschten huet mir gehollef, datt ech eng Persoun hat, mat där ech op Lëtzebuergesch schwätze konnt.“ Fir si war de Succès, endlech Lëtzebuergerin ze sinn, esou bedeitend, datt si sech als Erënnerung en Tattoo mam Wuert „Moien“ stieche gelooss huet.

Nodeems si den Exame gepackt hat, koum awer eng nei Erausfuerderung: d’Sprooch am Alldag wierklech ze benotzen. „Laang Zäit hat ech guer keng Geleeënheet, fir Lëtzebuergesch ze schwätzen – weeder Frënn nach Kolleegen a mengem Ëmkrees konnten et. Ech hat bal alles vergiess.“ Eréischt, wéi si hire lëtzebuergesche Mann kenne geléiert huet, koum d’Sprooch nees an hiert Liewen. „Ech hu bal bei null missen ufänken. Haut awer schwätzen ech all Dag mat mengem Mann an och mat senge Frënn. Dat hëlleft mir enorm.“

Am Endeffekt weisen all dës Geschichten dat selwecht Bild: De Sproochentest ass vill méi wéi just eng formal Epreuve. Et ass eng emotional Rees tëscht Stress, Zweifel a grousser Erliichterung, mee och eng Dier zu neie Chancen. Nodeems dës Hürd bis gepackt ass, gëtt d’Sprooch am Alldag op eng vill méi entspaant Aart a Weis wouergeholl.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Fotoen © INLL

Randnotiz

Organiséiert gëtt de Sproochentest vum Institut national des langues Luxembourg (INLL). Den Examen ass an zwou Partien opgedeelt: de mëndlechen Deel, bei deem d’Kandidaten en Niveau A2 musse weisen an de Lauschterdeel, bei deem en Audio ofgespillt gëtt, deen op engem B1-Niveau ugesat ass. Fir d’Bewäertung gëllt: De Kandidat muss am mëndlechen Deel op d’mannst 50 Prozent erreechen. Wann dës Bedéngung erfëllt ass, gëllt den Examen als bestanen – onofhängeg vum Lauschterdeel. Allerdéngs spillt de Lauschterdeel eng wichteg Roll als Bonus. Falls d’Nott am Oral ënner 50 Prozent läit, kann eng gutt Leeschtung beim Lauschterdeel dat nach ausgläichen an esou den Test retten.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.