Zu Betzder sinn dofir an dësem Sënn gläich e puer grouss Halen opgeriicht ginn, fir vun do aus mat faarweg gesträifte Multiplanet-Satellitten d’Liwwerung vun enger neier Generatioun vu Gefréiss a gekachtem Kéis ze iwwerhuelen, an zwar gläich weltraumwäit, vun der Mëllechstrooss (déi de President Trump einfach „Milky Way“ genannt huet, well dat méi amerikanesch kléngt) iwwer de Botterwee bis an d’Kéisavenue an nach wäit doriwwer eraus.
Komme mer awer elo mol zu e puer alternative Fakten: Fréier war dat mat der Verkäschtegung vun den Astronauten eng zimmlech fad Affär; de Juri Gagarin huet kleng gepresste Würfele mat op d’Rees geholl, déi mat Fett, Vitaminnen a Proteinne vollgestoppt waren a mat steriliséiertem Viz erofgespullt gi sinn, fir ënnerwee net ze erhéngeren, an och d’Astronaute vun der Weltraummissioun Apollo 11 hunn esou änlech Produite matgeholl. Am Laf vun der Zäit sinn dës Würfele weiderentwéckelt ginn, an zwar zu gedréchente Liewensmëttel a Polverform, déi mat Waasser hu missen opgeléist ginn, fir gejickt ze ginn. Besonnesch Kalzium ass bis haut an alle Portioune verstäerkt ze fannen, fir de Schankenofbau do ze verhënneren, wou ee säi Gewiicht net spiert.
Am Spaceshuttle Orbiter ginn déi eenzel modern Menüen an enger spezieller Kichen um Mëtteldeck präparéiert. Hei gëtt et e Waasserspender fir d’Rehydratatioun an och e Bakuewen, fir alles op Zerwéiertemperatur opzewiermen. An et soll nach ee soen, et géif keng gastronomesch Ofwiesslung: Aktuell hunn d’Astronaute vun der NASA zum Beispill am Ganze 74 verschidde Varianten an 20 Zorte Gedrénks op der Menüskaart. Haut liwwert op Wonsch souguer Amazon dëst speziellt Gefréiss an d’Haus. Och als aromatesch Past ass dëse Kascht ze kréien.
Kucke mir eis dann emol den Dagesoflaf vun esou engem Openthalt op der Weltraumstatioun un. Natierlech mussen déi eenzel Menüe speziell präparéiert ginn, fir datt se do, wou ee schweerelos ass, sécher, liicht a laang kënne konservéiert ginn. Mir fänke moies beim Kaffi un: Do gëtt et no amerikanescher Manéier Eeërtriwwele fir ze rehydratéieren, vakuumverpaakte Speckwierfelen a gedréchent Uebst wéi Äerdbier oder Banannen, dat mat waarmem Waasser rehydratéiert gëtt, an dobäi Huewerflacken oder Müüsli. Fir mëttes proposéieren d’Ernärungsspezialisten eng Zalot mat Sojabounen, Sonneblummekären, Kakuetten a gréngem Kabes, wat net nëmmen de Bedarf un Närstoffer zefriddestellt, well alleguer dës Produite kéinte bei méi laange Missioune souguer op der Plaz ugebaut ginn. Grimmele sinn op alle Fall ze vermeiden, well se kéinten déi empfindlech Bordelektronik verknaschten a beschiedegen. Giess gëtt aus der Béchs oder aus engem Sachet an nieft Messer a Forschett brauchen d’Astronauten dofir och nach en aneren, ongewinnten Utensil, an zwar eng Schéier, fir déi vaakuumversigelt Tuten opzeschneiden.
Owes da proposéiert de Chef eng Zopp, déi duerch d’Iwwerflächespannung mat engem spezielle Stréihallem mat Ventil, dee verhënnert, datt d’Flëssegkeet erausleeft a fortschwieft, aus der Tut gedronk gëtt. Déi glëschtereg Astronaute kënnen awer och normal Liewensmëttel wéi Nëss, Müüslirigelen, Séissegkeeten, dréche Kichelcher oder Änleches an hirer natierlecher Form iessen, wa se zum Beispill am Space Food Systems Laboratory nei verpaakt a konditionéiert gi sinn.
Och wann et also nach net grad esou wäit ass, datt de Weltraumkascht mat Michelins-Stären ausgezeechent ka ginn, sou huet sech am Laf vun de Joren dach vill bei der Ofwiesslung gedoen an d’Astronauten entwéckelen sech lues a lues zu richtege Feinschmecker.
En Artikel vum Sully Prud’homme