Am Tom Hillenbrand senge kulinaresche Krimien ass de Xavier Kieffer de Besëtzer a gläichzäiteg de Kach vum Restaurant Deux Eglises an der Stad Lëtzebuerg. De Protagonist, deem een nawell kann nosoen, datt en e bësse konservativ ass, zerwéiert hei virun allem Lëtzebuerger Klassiker wéi Judd mat Gaardebounen, Träipen, Kuddelfleck a säi perséinleche Liblingsplat: gutt fetteg Gromperekichelcher. Direkt am Ufank vum éischte Band Teufelsfrucht taucht en Iwwerraschungsgaascht am Deux Eglises op, deen eng zolidd Bestellung mécht: gréng Zalot, Bouneschlupp, Rieslingspaschtéit, Huesenziwwi a Quetscheflued mat Vanillsglace. Den onsympathesche Mann gëtt direkt verdächtegt, e Restaurantskritiker ze sinn – firwat sollt e soss esou eng grouss Commande maachen?
Tatsächlech schafft de Gaascht et awer just bis bei d’Rieslingspaschtéit, well en de Läffel ofgëtt, nach ier den Huesenziwwi op den Dësch ka bruecht ginn. Wat ass geschitt? Hat de Xavier Kieffer esou d’Flemm mat deem mysteriéise Fransous, datt en de penibele Mann einfach vergëft huet? Dat wëlle mir hei net verroden – dofir awer, wéi een e gudden Huesenziwwi zoubereet. A fir dat Ganzt ofzeronnen, proposéiere mer nach e Rezept fir eppes Séisses als Ofschloss: eng sougenannte Mummentaart. Mir hoffen, du gëss mat dëse Rezepter net zum Mäerder oder zur Mäerderin. An hoffentlech fält och keen dout ëm, deen dovun e Maufel probéiert. Vläicht kanns de dech awer als Mummentréischter profiléieren. Sou oder sou, mir wënschen e gudden Appetit.
Zutaten:
Zoubereedung:
Zutaten:
Virbereedung:
Zoubereedung: