Iergendwéi faarweg, grouss an abstrakt

Zwee jonk Lëtzebuerger Kënschtler virgestallt

Et ass ganz schéi schwiereg, déi kënschtleresch Aarbechte vun de Sanctobin Brothers a Wierder ze faassen. D’Bridder Michael a Matthias Sanctobin, 34 an 32 Joer al, si Grafik- a Webdesigner, fräischaffend Kënschtler, Graffiti-Sprayer, Textildesigner an Zeecheprofesseren. „Mutt zur Faarf“ kéint de Motto vun hire groussflächege Wandmolereie sinn, anerersäits sinn déi vun hinne gestalten T-Shirten a klasseschem Schwaarz-Wäiss. „Duerch eis kreativ Studien an Erfarungen an de leschten zwee Joerzéngten interpretéiere mir Alldeegleches ganz anescht. Dofir kann eis e Schiet an enger Fënster oder eng italienesch Couche zu enger Form inspiréieren“, erkläert de Michael Sanctobin. Ware fréier éischter aner Graffitien eng Inspiratioun, sinn et haut vill méi Architekturformen, e Parfum oder en Auto. Oder och e Motorrad, well déi zwee si passionéiert Biker. „An heiansdo inspiréieren eis och d’Kanner, mat deene mir all Dag an der Schoul schaffen“, füügt de Matthias Sanctobin bäi a grinst.

Sou richteg festleeën, wat si maachen, wëllen déi zwee sech allerdéngs net. „D’Medium ass eis relativ egal, awer Haaptbestanddeel ass, datt mir eppes visuell duerstelle wëllen“, erkläert de Michael. D’Spraye vu Graffitien huet si mat der Konschtwelt a Kontakt bruecht. D’Bridder sinn an der Belsch gebuer, als Kanner sinn si mat der Famill op Lëtzebuerg geplënnert. „Mir sinn oft vu Flandern op Lëtzebuerg mam Auto gefuer. D’Streck ass voller Graffitien, an iergendwann hu mir geduecht: Dat kënne mir och!“ Mat ongeféier 12-13 Joer hunn déi zwee en éischte Sprayer-Workshop besicht an hunn dobäi „Blutt geleckt“. Duerno hunn si eng Ausbildung am Lycée des Arts et Métiers als Grafikdesigner gemaach, eng Zort Handwierksgeschir fir hir kënschtleresch Aktivitéiten. Klischeeë weisen si vun sech: „Mir hunn ni illegal gesprayt, well dat ass vill ze vill Stress, an ausserdeem wëlle mir gesinn, wat mir maachen“, esou de Michael Sanctobin.

Ze gesi gëtt et tatsächlech vill, an esou muenchem Lieser wäert villes bekannt virkommen, zum Beispill déi konterbont Bouldermauer zu Suessem, Maueren zu Esch, Steebrécken an och am Déifferdenger Stadion. E puer Projeten hunn d’Bridder schonn an hirer Jugend ëmgesat. No gutt 20-järeger „Beruffserfarung“ ass Konscht fir si „e Marathon, dee mir mat Leidenschaft a Visioun bestreiden“. Talent ass dobäi nëmmen e klengen Deel vum grousse Ganzen, vläicht gehéiert och e bësse Gléck derbäi, awer de wichtegste Bestanddeel vun hirer Aarbecht wier Übung. Dat versichen si haut hire Schüler ze vermëttelen, déi si haaptberufflech a Lëtzebuerger Schoulen enseignéieren. Mee och dobäi spillt d’Konscht méi ewéi eng Nieweroll: „Wann ech moies an d’Schoul ginn, da ginn ech net als Enseignant dohin, mee als Kënschtler mat pedagogeschem Hannergrond“, betount de Michael Sanctobin. D’Schoul wier dobäi hire feste Client, deen hinnen eng gewëss Flexibilitéit, wann net esouguer de Luxus abréngt, als Kënschtler net all Projet unhuelen ze mussen. D’Bridder hu schonn an den USA bzw. Italien geschafft, sech awer schlussendlech fir e Retour op Lëtzebuerg entscheet. „Konscht ass jo net ëmmer Sonn a Plage, schlussendlech ass et awer wichteg ze liewen- an net nëmmen ze iwwerliewen.“ Awer wier et wichteg, eppes am Liewen ze fannen, wat Spaass mécht, well d’Zil wier, sech fir eppes begeeschteren ze kënnen, wat een dann all Dag erëm mat Leidenschaft maache géif.

„Mir haten op eisem Wee keng Mentoren. Deemools gouf et och kee Smartphone oder Youtube“, berichten d’Self-made-Kënschtler. Den Driff, eppes ze erreechen, misst dobäi vun sech selwer kommen, well kee kéint zu sengem Gléck gezwonge ginn. Dozou zitéieren si gären hire Papp: „Du muss 20 Joer vun dengem Liewe léieren, fir da weider 40 Joer gutt ze sinn.“ Datt dat eben net de Wee vum klengste Widderstand ass, versichen d’Bridder haut hire Schüler ze vermëttelen.

En Artikel vum Anke Eisfeld

Fotoen: Claude Piscitelli

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.