Ech sti virun enger Wendeltrap aus Steen, déi kaum beliicht ass. Se féiert déif an d’Äerd erof. Ech hu keng Anung, wat do ënnen op mech waart. Mäi Kierper setzt sech wéi vu Geeschterhand gesteiert a Beweegung. Schrëtt fir Schrëtt, ganz lues. Et ass fiicht a kal, ech riche Moos. Da beschleunegt sech mäi Gang, ech wëll endlech un d’Zil kommen, mee wat ech méi séier ginn, wat ech méi d’Gefill kréien, dass ech ni wäert ukommen. „Nach e bëssen, gläich bass de do“, héieren ech eng Stëmm soen, déi wäit ewech schéngt a mir gläichzäiteg ganz no ass. Se ass vertrauenswürdeg. Ech gi weider. Et gëtt ëmmer méi kill an ech fänke bal u mat zidderen. Endlech gëtt d’Trap méi breet an elo geet et just nach riichtaus. Op eemol, ech hunn et bal net komme gesinn, hält d’Trap op an ech betrieden eng Hiel, nee, eigentlech ass et eng Aart Grott. Den Iwwergangspunkt hat ech net wierklech matkritt – e bëssen esou, wéi wann een am Dram de Raum wiesselt, ouni genee kënnen nozevollzéien, wéi et gaangen ass. „Wou sinn ech hei?“, froen ech mech.
Tatsächlech leien ech an der Rue de Reckenthal an der Stad gemittlech zougedeckt an der Hypnospraxis vun der Elisa Meyer – dozou spéider méi. Ech stinn also an där Grott, déi eng ondefinéierbar Gréisst huet, an ech kréien den Optrag, ze lauschteren, ob ech e Waasserfall héieren. An effektiv, an deem Moment héieren ech eppes. Ech ginn an déi Richtung, wou d’Waassergeräisch hierkënnt, a gesinn do e Waasserfall, deen awer esou héich ass, dass et mir net méiglech ass, ze erkennen, wou säin Ufank ass. D’Waasser sammelt sech ënnen an engem Weier. Ech soll an d’Waasser eragoen a mech leeën, moderéiert déi bekannte Stëmm. Et ass méi waarm, wéi ech geduecht hat – ech fille mech esou wéi ënnert enger angeneemer Wanterdecken. „Erënner dech elo un eng Zeen aus denger Kandheet, wou s de dech richteg gebuerge gefillt hues“, seet déi mëttlerweil vertraute Stëmm.
Kaum ass dee Saz ausgeschwat, scho sinn ech e Kand vu manner wéi aacht Joer, sëtze mat mengem Brudder bei mengen Elteren doheem an der Bidden a fuere mat engem klengen, orangë Schëff duerch de Schaumniwwel. Mäi Brudder an ech erzielen eis dobäi Geschichten an erfuersche spilleresch an erzieleresch d’Welt. Ech kréien e waarmt d’Gefill an de Bauch, meng Mondwénkele ginn no uewen an eng Tréin leeft mir iwwer de lénke Bak.
„Hypnos ass, kuerz a knackeg gesot, eng Rees an d’Perséinlechkeetsstruktur vun engem Mënsch“, erkläert d’Elisa Meyer. Si ass net nëmmen eng promovéiert Literaturwëssenschaftlerin, mee huet sech dono ëmorientéiert an an Däitschland d’„Kuschel Kiste“ gegrënnt, déi bekannte Plattform fir Kuscheltherapie am däitschsproochege Raum. Zënter e puer Joer setzt si sech elo intensiv mat Hypnostherapie auserneen. D’Elisa hëlt weider aus: „Déi meescht Leit hu kee gudden Zougang zu hirem Ënnerbewosstsinn a kennen sech dowéinst selwer net besonnesch gutt. D’Hypnos ass mëttlerweil e wëssenschaftlech fundéierte Wee, fir en Zougang zu dësem Beräich ze kréien. Et geet also ëm d’Entdeckung an d’Erfuerschung vun der eegener Persoun, an dat mam Zil, eng Erklärung fir stéierend Verhalensmuster ze fannen, déi solle schrëttweis opgeléist ginn.“
D’Hypnos baut eng Bréck zum onbewossten Deel vun eiser Psych. De bewossten Deel ëmfaasst an der Reegel d’Weltsiicht, déi mer hunn – dozou gehéieren z. B. och eis Moralvirstellungen. Den onbewossten Deel ass all dat, wat am Hannergrond bleift, vu wou aus en allerdéngs trotzdeem en elementaren Impakt op d’Liewenserfarung vun de Leit kann hunn, esou d’Elisa. Méi konkreet kéinten dat beispillsweis ënnerdréckten Emotioune sinn, déi sech op eng pathologesch Aart a Weis äusseren. De bewossten Deel wär mat fënnef bis zéng Prozent vill méi kleng wéi den onbewossten. Et gëtt deementspriechend bei all Mënsch genuch, fir un d’Liicht ze bréngen.
„Mat Hypnos kann een alles beaflossen a veränneren, wat mat der Bannewelt vun engem Mënsch ze dinn huet: Gedanken, Gefiller, onbewosst Glawenssätz, Erfarungen oder Erënnerungen“, gëtt d’Hypnostherapeutin mir ze verstoen. „D’Leit komme bei mech mat engem spezifesche Problem an hirem Liewen, deen se beschäftegt. Eventuell muss eng Entscheedung getraff ginn an d’Decisioun fält hinnen extreem schwéier, et blockéiert se eppes. Oder se hunn e gewëssent Verhalen, dat mat enger Sucht ze dinn huet oder sech als negativ Gewunnecht artikuléiert. An dat widderhuelen se an enger Dauerschläif, aus där keen Erauskomme méiglech ass. Oft handelt et sech ëm eppes wéi e psychesche Knuet, deen d’Leit eleng net opgeléist kréien. Panikattacken oder Schlofstéierunge si weider Fäll, bei deenen ech consultéiert ginn an d’Hypnostherapie gutt Resultater erziilt.“ Net seele géifen och Bezéiungsproblemer am Fokus stoen. Och hei spieren d’Clienten*Clienteën e Blocage an doen sech schwéier dermat, eng Léisung oder en Auswee ze fannen.
Eng spannend Kategorie vun Ufroe wär natierlech déi, bei där et ëm d’allgemeng Sënnhaftegkeet geet. D’Leit tauchen an deem Fall mat ganz grondleeënde Froen op, déi ronderëm de Sënn, d’Essenz vun hirem Liewe kreesen: „Firwat sinn ech hei? Wat ass meng Aufgab? Firwat geschitt mir eppes ëmmer erëm?“ Zu där Kategorie gehéieren och ech.
Obwuel et a mengem Weier an der Grott ganz gemittlech ass, fuerdert mech déi Stëmm, déi meng Rees begleet an déi dem Elisa gehéiert, op, dëse Raum elo ze verloossen. Dat kléngt méi einfach, wéi et ass – well et sinn net ech, deen sech op de Wee soll maachen, mee deen Deel vu mir, deen d’Stëmm als Séil identifizéiert. An et gëtt eng Instanz, déi sech massiv dogéint wiert, nämlech mäi gutt trainéierten an ausgepräägte Verstand, deen dat fir Hokuspokus hält an iwwerhaapt keng Loscht huet, en aneren Aspekt a mir un d’Rudder ze loossen. Säin Zil ass, meng kosmesch Rees ze sabotéieren. No laangem Hin an Hier an eppes, dat een als ënnerlechen Dialog kéint bezeechnen, dee vum Elisa mediéiert gëtt, ass mäi Verstand schliisslech bereet, sech fir eng gewëssen Zäit op d’Ersatzbänk ze setzen an d’Positioun vum Beobachter anzehuelen.
Ech, also meng Séil, fléien no uewen. Dësen Deel vun der Rees ass vill manner bildlech wéi deen éischten. No kuerzer Zäit befannen ech mech an engem transparente Raum, dee méi e Gefill duerstellt wéi en tatsächleche physesche Raum. Hei treffen ech op eng ganz aner Instanz, déi komescherweis en Deel vu mir ze si schéngt a gläichzäiteg och net. D’Elisa nennt déi Instanz Higher Self, ech nennen se: den ënnerleche Zen-Meeschter. Et ass net esou, dass ech eng entspriechend Figur géif gesinn, vill méi handelt et sech ëm e Spiere vu Presenz. An déi Presenz huet de Vibe (e bessert Wuert fält mer net an) vun engem wierklech alen, disziplinéierten an zerkniwwelte Mann, deen e ganz eegewëllegen Humor huet. Hien hëlt d’Liewen net esou eescht, ass kontinuéierlech dermat beschäftegt, Weisheeten ze verbreeden, a wann ech de Fuedem verléieren, da kënnt et mer vir, wéi wann ech mat engem Zen-Bengel eng op de Kapp géif kréien.
Mäin ënnerleche Zen-Meeschter seet z. B., ech soll mech net iwwer d’Schwieregkeeten a mengem Liewe beschwéieren, well déi wäre jo nëmmen do, well ech mech soss géing langweilen. Ech hätt mir déi selwer ginn, fir mäi Wee méi spannend ze gestalten. Ech bräicht mir awer keng Suergen ze maachen, well a Wierklechkeet hätt ech guer näischt ze verléieren an et géif am Endeffekt souwéisou alles gutt ausgoen. Ganz zum Schluss verklickert den Här mer dann nach, dass ech mech kéint freeën, well et deemnächst nawell zimmlech interessant a mengem Liewe géif ginn. Dobäi laacht e genësserlech, a säi Laache befreit sech aus mengem Mond.
Hypnostherapie funktionéiert bei deene meeschten, awer tatsächlech net ëmmer, ginn ech gewuer. Leit, déi en enorm aktive Verstand hunn oder massiv psychesch Problemer, soudass se de Fokus, d’Konzentratioun net kënnen oprechterhalen, kann ee prinzipiell schlecht bis guer net hypnotiséieren. Esou e Moment ass et och bei mir ginn, bei deem de Verstand sech staark bemierkbar gemaach huet. „An där éischter Etapp vun der Hypnos steet déi déif Entspanung am Fokus (d’Rees erof), déi de Verstand soll berouegen, fir dass e Bléck op de Beräich hannert dësem méiglech ass. Dat ass fir mech wéi e Gebuertsprozess, wann ech d’Leit bei deem Schratt begleeden“, seet d’Elisa. „Op där anerer Säit ass et wéi Detektivaarbecht, wann et dorëm geet, erauszefannen, wou da konkreet den Ursprong vum Problem läit a wat een dogéint kann ënnerhuelen. Wa mir z. B. op en negative Glawenssaz stoussen, dee fir e stéierend Verhalensmuster verantwortlech ass, da besteet d’Méiglechkeet, dësen ëmzeprogramméieren, d. h. duerch ee positiven ze ersetzen.“
Eng Ëmprogramméierung kann ee sech esou virstellen: Déi hypnotiséiert Persoun geet an hiren ënnerleche Kontrollzentrum, deen sech meeschtens als komplexe Raum mat enge sëllege Knäppercher an Hiewelen erausstellt. Wann et beispillsweis ëm d’Theema vum mangelhafte Selbstvertraue geet, gëtt et an deem Zentrum en Hiewel, deen dësen Aspekt regléiert an deen z. B. op 30 % steet. D’Persoun kann dësen Hiewel bedéngen an d’Selbstvertrauen eropschrauwen. „Ech froen dann, wéi dat sech kierperlech ufillt, wann een do am Kontrollzentrum konkreet eppes ännert. Fir den Hypnotiséierten ass dat e bësse wéi en 3D- oder 4D-Film, an deem en eng aktiv Roll spillt.“
Am Kader vun der Hypnostherapie kann et virkommen, dass een a vergaange Situatioune reest, déi een nohalteg gepräägt hunn – am Gudde wéi am Schlechten. „Dëse Beräich ass an der Gesellschaft allgemeng unerkannt a baséiert op engem legitimme wëssenschaftleche Fundament“, bemierkt d’Elisa. Et géif awer nach en anere Beräich ginn, dee laut dem Elisa sengen Aussoen eigentlech och op der Wëssenschaftsbasis vun der widderhuelbarer Beobachtung steet, mee deen awer skeptesch betruecht gëtt. Dat wär d’spirituell Hypnos, déi iwwer d’Entdeckungsrees vum ierdesche Liewen erausgeet. E Bléck op dat, wat hannert dem physeschen Doud läit (oder virum Liewen als Mënsch). „Dat Eenzegt, wat ee fir esou eng transzendent Rees brauch, ass Virwëlz. An domat d’Bereetschaft, d’Realitéit net op d’Perspektiv vum rationale Verstand ze reduzéieren“, esou d’Hypnostherapeutin.
Mäi Liewen huet sech zënter menger éischter Hypnos radikal verännert – an dat op eng quasi magesch Aart a Weis. Ech sinn net nëmmen duerch Zoufall beim Konterbont gelant, well zwee Kolleege mech gläichzäiteg op d’Annonce opmierksam gemaach hunn, a schreiwen elo dësen Artikel iwwert meng ganz perséinlech Erfarung zum Thema „Hypnos“ – de Krees schléisst sech. Mee och doriwwer eraus ass mäin Zougang zum Liewen e gutt Stéck méi spilleresch-kreativ ginn. Ëmmer erëm erreechen ech e Flow-Zoustand, dee mech an d’Liichtegkeet vum Absolut-am-Moment-Si katapultéiert. Mäin ënnerleche Zen-Meeschter hat Recht.
Fotoen: © Dr. Elisa Meyer
En Artikel vum Heng Barone