Huesenziwwi, Mummentaarta, méi ewéi eng Läich

Den Xavier Kieffer ermëttelt

De Restaurant deux Eglises an der Lëtzebuerger Alstad. E klenge gemittlechen Lokal net all ze wéit ewech vum Kierchbierg mat senge Banken an den Institutiounen vun der Europäescher Unioun. Den deux Eglises gëllt bei de Beamten vum Kierchbierg als Geheimtipp. Dagdeeglech zerwéiert den Xavier Kieffer a sengem Lokal traditionellen Lëtzebuerger Kascht. Judd mat Gaardebounen, Träipen, Huesenziwwi a Mummentaart fënnt een op senger Kaart.

Eigentlech sollt et e rouegen Owend am Xavier Kieffer sengem Restaurant ginn. D‘Beamten vun der EU waren dës Woch zu Bréissel, an ausser vläicht e puer Touristen géif sech dësen Owend keng Menscheséil a säi Lokal verlafen. De Xavier Kieffer hat sech schonn op e rouegen Owend doheem, an der Tilleschgaass, mat enger Fläsch vun sengem Liblingswäin agestallt. Awer leider sollt et anescht kommen …

Hie war schonn um Sprong fir Heem ewéi d‘Claudine, seng Kichecheffin an d‘Kiche gestiermt kënnt. E Gaascht wier agetraff. Schnell hat d‘Claudine hien als Restaurantstester identifizéiert an de Xavier Kieffer war, no enger éischter Skepsis wat deen dann ausgerechent a sengem Lokal wéilt, schnell erëm a seng Kachjacket gesprongen. Kuerz nodeem de Kritiker seng Entrée an eng kleng Zigarett derno genoss hat, brécht dësen am Restaurant zesummen an ass … dout! De Xavier Kieffer gëtt onfräiwëlleg zum Haaptverdächtegen an niewebäi zum Detektiv!

Den Xavier Kieffer ass den Protagonist am Tom Hillenbrand senge kulinaresche Krimien.

Den Tom Hillenbrand, gebuer 1972 zu Hamburg huet Europapolitik studéiert an huet ënner anerem fir Spiegel Online, d‘Financial Times Däitschland an de Wired Magasinn geschafft. Seng Bicher, dorënner och déi ronderëm den Kachdëppen Detektiv Xavier Kieffer, verkafen sech e puer Honnertdausendmol a sinn an eng Rëtsch Sproochen iwwersat ginn. Och en ettlech Präisser kasséiert den Tom Hillenbrand ënner anerem de renomméierten Glauser-Präiss fir de beschten Kriminalroman vum Joer. An och zu Lëtzebuerg kënnt den Tom Hillenbrand zu Éieren. 2018 gëtt hien de Rang vum Ritter am Lëtzebuerger Verdéngschtuerden Ordre de la couronne de chêne erhuewen.

Den Tom Hillenbrand verstréckt seng Kriminalfäll mat der kulinarescher Zeen. Direkt am Éischten vun bis haut sechs Bänn aus der Xavier Kieffer Rei ass den Konkurrenzdrock ënner de Käch aus der gehuewener Gastronomie den Hannergrond vun der Geschicht. Amplaz senger Leidenschaft, dem Kachen nozegoen, geréit ausgerechent de Xavier Kieffer an de Viséier vun der Police. Mee éier hien wéinst falschem Verdacht festgeholl gëtt, hëlt den Xavier Kieffer d’Ermëttlungen léiwer selwer an de Grapp. An dëst suergt am Verlaf vun de Geschichten fir esou muencher Laachkris!

Den Xavier Kieffer aus der Fieder vum Tom Hillenbrand ass engersäits de gemittlechen, e wéineg iwwergewiichtegen Kach, stuer, a senger Heemecht Lëtzebuerg immens verbonnen. E Gewunnechtsdéier, an dobäi nach e wéineg an der Zäit stoe bliwwen. Hie schafft nach vill mat Pabeier, telefonéiert mat sengem alen Nokia Handy ronderëm an huet och net vill mam Internet um Hutt. Dat féiert derzou datt hien d‘Saachen oft e wéineg onkonventionell ugeet, an dobäi awer ëmmer erëm zu ganz iwwerraschende Léisunge kënnt. Och säi beschte Kolleeg, de finneschen EU Beamten Pecar Vatanen, deen de Xavier Kieffer bei all senge Problemer ënnerstëtzt, och wann et nëmmen drëm geet fir Owes nach d‘Fläsch Riesling eidel ze kréien, dréit dozou bäi.

E Virbild fir de Xavier Kieffer gouf et net. De Personnage ass net um Zeechebriet entworf ginn. Hie war e bemol do. Esou den Tom Hillenbrand. Datt seng kulinaresch Krimien zu Lëtzebuerg spillen ass awer keen Zoufall. 1997 huet hien zu Lëtzebuerg e Stage bei der EU gemaach. D‘Zäit als Stagiaire ass deemools net duergaangen fir all Ecke vum Lëtzebuerger Ländchen kenne ze léieren. Säitdeem huet den Tom Hillenbrand Lëtzebuerg méi ewéi eng Kéier besicht fir nei Ecken kennen ze léieren, a fir sech d‘Plazen vun den spéideren Handlungen am Detail unzekucken. Villes hält hien dobäi mat Fotoe fir spéider fest.

Tëschent den Deckelen vun de Bicher aus der Xavier Kieffer Serie fënnt een awer méi ewéi nëmmen eng Schnitzeljuegt vu Lëtzebuerg iwwer Paräis bis an Loutrengen. Am Géigendeel, mat vill Wëssen ronderëm eis Liewensmëttel sensibiliséiert den Hobbykach Tom Hillenbrand de Lieser tëschent den Zeilen fir dat wat mir am Alldag iessen a vermëttelt esou muenchen Detail zu eisem alldeeglechen Kascht an de Liewensmëttelen.

De Fans ronderëm den Kachdëppen Detektiv zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun gefält et bis haut. D‘Fro wéini dem Xavier Kieffer erëm eng Läich virun d‘Féiss fält, léist den Tom Hillenbrand momentan nach ouni Äntwert.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.