Huesenziwwi, Mummentaart a méi ewéi eng Läich

De Xavier Kieffer ermëttelt

Am Mëttelpunkt vum Tom Hillenbrand senger kulinarescher Krimi-Rei, déi Iesskultur a Spannungsnarrativ matenee verbënnt, steet de Xavier Kieffer. De Lëtzebuerger Kach begeeschtert net nëmme mat enger buedemstänneger Kichen, mee och mat sengem Ermëttlungsgeschéck. Wat zeechent de Protagonist aus? Wéi gëtt hien zum Detektiv? Wéi e Bezuch huet den däitsche Schrëftsteller Tom Hillenbrand zu Lëtzebuerg? De Konterbont enquêtéiert.

De Restaurant Deux Eglises an der Lëtzebuerger Alstad ass e klengt, gemittlecht Lokal net allze wäit ewech vum Kierchbierg, mat senge Banken an den Institutioune vun der Europäescher Unioun, a gëllt bei de Beamten aus der Géigend als Geheimtipp. Dagdeeglech zerwéiert de Xavier Kieffer a sengem Lokal traditionelle Lëtzebuerger Kascht: Judd mat Gaardebounen, Träipen, Huesenziwwi a Mummentaart fënnt een op senger Kaart.

Eigentlech sollt et e rouegen Owend am Xavier Kieffer sengem Restaurant ginn. D’Beamte vun der EU waren dës Woch zu Bréissel an ausser vläicht e puer Touriste géif sech dësen Owend keng Mënscheséil a säi Lokal verlafen. Hien hat sech also schonn op e rouegen Owend doheem, an der Tilleschgaass, mat enger Fläsch vu sengem Liblingswäin agestallt. Awer leider sollt et anescht kommen …

Hie war schonn um Sprong fir heem, ewéi d’Claudine, seng Kichecheffin, an d’Kiche gestiermt koum. E Gaascht wier agetraff. Schnell hat d’Claudine hien als Restaurantstester identifizéiert an de Xavier Kieffer war, no enger éischter Skepsis, wat deen dann ausgerechent a sengem Lokal wéilt, schnell erëm a seng Kachjackett gesprongen. Kuerz nodeem de Kritiker seng Entrée an eng kleng Zigarett derno genoss hat, ass dësen dunn awer am Restaurant dout ëmgefall. De Xavier Kieffer gëtt esou onfräiwëlleg zum Haaptverdächtegen an niewebäi zum Detektiv.

Den Tom Hillenbrand: Schrëftsteller a Ritter

De Xavier Kieffer ass de Protagonist am Tom Hillenbrand senge kulinaresche Krimien. Den Tom Hillenbrand, 1972 zu Hamburg gebuer, huet Europapolitik studéiert an ënner anerem fir de Spiegel Online, d’Financial Times Deutschland an de Magasinn Wired geschafft. Seng Bicher, dorënner och déi ronderëm de Kachdëppen-Detektiv Xavier Kieffer, verkafe sech e puer honnertdausend Mol a sinn an eng Rëtsch Sproochen iwwersat ginn. Och eng etlech Präisser huet den Tom Hillenbrand kasséiert, ënner anerem de renomméierte Glauser-Präis fir de beschte Kriminalroman vum Joer. An och zu Lëtzebuerg koum den Tom Hillenbrand zu Éieren: 2018 ass hien an de Rang vum Ritter am Lëtzebuerger Verdéngschtuerden „Ordre de la couronne de chêne“ erhuewe ginn.

Den Tom Hillenbrand verstréckt seng Kriminalfäll mat der kulinarescher Zeen. Direkt am éischte vu bis haut aacht Bänn aus der Xavier-Kieffer-Rei ass de Konkurrenzdrock ënner de Käch aus der gehuewener Gastronomie den Hannergrond vun der Geschicht. Amplaz senger Leidenschaft, dem Kachen, nozegoen, geréit ausgerechent de Xavier Kieffer an d’Viséier vun der Police. Mee éier hie wéinst falschem Verdacht festgeholl gëtt, hëlt de Xavier Kieffer d’Ermëttlunge léiwer selwer an de Grapp. An dëst suergt am Verlaf vun de Geschichte fir esou munch Laachkris!

En onkonventionellen, kulinareschen Detektiv

De Xavier Kieffer aus der Fieder vum Tom Hillenbrand ass e gemittlechen, e wéineg iwwergewiichtege Kach, stuer, a mat senger Heemecht Lëtzebuerg immens verbonnen; e Gewunnechtsdéier an dobäi nach e wéineg an der Zäit stoe bliwwen. Hie schafft nach vill mat Pabeier, telefonéiert mat sengem alen Nokia-Handy ronderëm an huet och net vill mam Internet um Hutt. Dat féiert derzou, datt hien d’Saachen oft e wéineg onkonventionell ugeet an dobäi awer ëmmer erëm zu ganz iwwerraschende Léisunge kënnt. Och säi beschte Kolleeg, de finneschen EU-Beamte Pecar Vatanen, deen de Xavier Kieffer bei all senge Problemer ënnerstëtzt, och wann et nëmmen drëm geet, fir owes nach d’Fläsch Riesling eidel ze kréien, dréit dozou bäi.

E Virbild fir de Xavier Kieffer gouf et net. De Personnage ass net um Zeechebriet entworf ginn. Hie war beemol do, esou den Tom Hillenbrand. Datt seng kulinaresch Krimien zu Lëtzebuerg spillen, ass awer keen Zoufall. 1997 huet hien zu Lëtzebuerg e Stage bei der EU gemaach. D’Zäit als Stagiaire ass deemools net duergaangen, fir all d’Ecke vum Lëtzebuerger Land kennen ze léieren. Säitdeem huet den Tom Hillenbrand Lëtzebuerg méi ewéi eng Kéier besicht, fir nei Ecke kennen ze léieren a fir sech d’Plaze vun de spéideren Handlungen am Detail unzekucken. Villes hält hien dobäi mat Fotoe fir spéider fest.

Tëschent den Deckele vun de Bicher aus der Xavier-Kieffer-Serie fënnt een awer méi ewéi nëmmen eng Schnitzeljuegd vu Lëtzebuerg iwwer Paräis bis a Loutrengen. Am Géigendeel, mat vill Wësse ronderëm eis Liewensmëttel sensibiliséiert den Hobbykach Tom Hillenbrand de Lieser tëschent den Zeile fir dat, wat mir am Alldag iessen, a vermëttelt ausserdeem esou muenchen Detail iwwer eisen alldeegleche Kascht an d’Liewensmëttelen.

De Fans ronderëm de Kachdëppen-Detektiv zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun gefält dat bis haut. Dëst Joer am November kënnt den néngte Band vun der Xavier-Kieffer-Rei eraus. „Höllenfang“ heescht dat neit Buch an hei reest de Kach an d’Normandie, wou en ale Frënd verschwënnt an e Restaurant ofbrennt – et ass also héich Zäit fir ze enquêtéieren.

En Artikel vum Marc Wilgé

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.