Déi nohalteg Zoutate fir e memorabelen Openthalt

Säit 1975 fungéiert d’Huelmesser Schlass, e Schlass aus dem 13. Joerhonnert, als Jugendzentrum, deen dem Service national de la Jeunesse en Doheem ubidd.

Säit 1975 fungéiert d’Huelmesser Schlass, e Schlass aus dem 13. Joerhonnert, als Jugendzentrum, deen dem Service national de la Jeunesse en Doheem ubidd. Den SNJ-Zenter an d’Jugendherberg direkt géintiwwer sinn alle béid staark an d’Fräizäitgestaltung an an den nohaltegen Tourismus zu Lëtzebuerg agebonnen. D’Aktivitéite sinn agebett an der pedagogescher Offer vum SNJ ënner dem Stéchwuert “Natur erliewen”. Momentan ginn d’Schlass an d’Auberge renovéiert. 

E Gespréich mam Michel Grevis, fréiere Responsabel vum Huelmesser Ausbildungszenter fir nohalteg Entwécklung.

D’Geschicht derhanner

Dësen Zenter vum SNJ hat sech spezialiséiert op d’Ausbildung am Nohaltegkeetsberäich an ënnersteet säitdeem dem Educatiounsministère. An enger Konventioun tëschent dem Educatiounsministère, dem Inneministère, der Zentral vun de Jugendherbergen (CAJL) an der Liga fir den Naturschutz ass am Joer 1975 d’Missioun fir den Zenter fir Ekologie a Jugend zu Huelmes definéiert ginn. D’Missioune vun dësem Zenter waren d’Organiséiere vu Stagen a Campen esou wéi och all Aktivitéiten am Formatiounsberäich, d’Weiderbildung am Fräizäitberäich, Recyclage an Aféierung an d’Natur. Am Joer 2003 gouf den SNJ eleng zoustänneg fir d’Aktivitéiten an d’Gestioun vum Zenter, wougéint d’Jugendherberg vum CAJL geréiert gouf.

Den Zenter a seng Aktivitéiten

Haut bitt den Zenter Aktivitéiten fir Kanner a Jugendlecher un souwéi Weiderbildungen fir Enseignanten an Éducatricen. Dëst an de Beräicher BëschWaasser, Bauerenhaff, Beien an Ekoresponsabilitéit. De laangjärege Responsabel Michel Grevis huet d’Rudder un d’Myriam Rietsch weiderginn, déi elo Coordinatrice vun der Ekipp “Natur erliewen” am SNJ-Jugendzentrum zu Huelmes ass. “Am Joer 2023 hate mir 372 Aktivitéiten fir Kanner a Jugendlecher a ronn dausend Leit an der Formatioun”, seet de Michel Grevis. Dës Aktivitéiten a Formatioune gi gehale vun enger Ekipp vu fënnef Festugestellten, 13 detachéierten Enseignanten an enger ronn 25 spezialiséierten Animateuren, déi e Freelance-Kontrakt hunn. 

Nëmme 15 Minutten zu Fouss vum Huelmesser Schlass ewech fënnt een den SNJ-Zenter Mariendall, wou ënnerschiddlech Abenteuer-Aktivitéite wéi zum Beispill Ausflich mam Tandemvëlo oder -Mountainbike, Bouschéissen oder awer d’Uléieren an d’Konscht vun de Video-Reportagen organiséiert ginn. All d’SNJ-Zentre sinn haut mam Ecolabel zertifizéiert.

Virbildlech!

Den SNJ-Zenter zu Huelmes huet de Label fir d’Offalgestioun vun der SuperDrecksKëscht, den EcoLabel (Gold) fir seng nohalteg Hotellerie an den Demeter Label fir d’biologesch Produktioun vu Miel (säit 2013). Hei gëtt zu 100% gréng Energie benotzt. Duerch d’Isolatioun vum Gebai, awer och dem Ofdichte vun de Fënsteren, den Dieren an de Schminnie kann hei vill Energie agespuert ginn.

D’Jugendherberg

D’Jugendherberg läit direkt vis-à-vis vum Schlass. Si ass den Ausgangspunkt fir e grousse Koup vun Trëppeltier an den Dall vun de siwe Schlässer, enger Regioun voll Zäitgeschicht, déi awer och ideal ass, fir flott Wanderweeër a Vëlospisten ze entdecken.

Wann si net grad renovéiert gëtt, ass d’Jugendherberg dat ganzt Joer op fir Leit, déi eleng reesen, mee och fir Gruppen a Famillje vun all Alter. Dëst ass eng gutt Léisung, fir ze reesen, sech auszetauschen. D’Jugendherberg huet eng Capacitéit vu 86 Better. Am Schlass selwer stinn zousätzlech 56 Better zur Verfügung. Dës si fir d’Participantë vun de pedagogeschen Aktivitéiten am Zenter vum SNJ reservéiert. An de nächste véier Joer mussen d’Visiteuren allerdings op den SNJ-Zenter Mariendall auswäichen. Dat gëllt och fir d’Schoulklassen, déi Aktivitéiten beim Huelmesser Schlass maachen. Si kënnen dann eriwwer an de Mariendall trëppelen fir do ze schlofen. 

Restaurant „Melting Pot“

Hei ass den Numm Programm! De Chef a seng Equipe proposéieren dir eng breet gefächert Auswiel u gesonden a qualitativ héichwäertege Platen, zesummegestallt aus Produiten direkt vum Geméisgäertner aus dem Duerf oder och Fleesch aus der Géigend. Zweemol an der Woch fënnt een e vegetaresche Menü op der Kaart. Och Fairtrade-Produite kréien d’Kaschtgänger ugebueden. Op dëser atypescher Plaz fënnt een all (nohalteg) Zoutate fir e memorabelen Openthalt. Leider ass momentan och de Restaurant wéint Renovéierungsaarbechten zou. 

 En Interview vum Sara Liégeois / infogreen.lu

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.