Placeholder Dummy template

Klengt Lëtzebuerg op grousser Weltraummissioun

En historesche Réckbléck

En halleft Joerhonnert, esou al ass d’Geschicht vun der moderner Raumfaart zu Lëtzebuerg. Verglach mat den 13,8 Milliarde Joer, déi de Weltraum – de Fuerscher no – huet, kléngt dat no enger onfaassbar kuerzer Zäit. An awer kann een et net anescht soen: Lëtzebuerg huet sech an där Zäit eng Plaz an der Weltraum-Industrie gemaach.

De Grand-Duché huet sech am Laf vun de leschte Joerzéngten zu engem wichtege Player an der internationaler Raumfaart entwéckelt, obwuel d’Land kleng ass a selwer keng Rakéiten huet oder op sengem Territoire starte léisst. Déi strateegesch Ausriichtung op ganz spezialiséiert Beräicher huet Lëtzebuerg et erméiglecht, eng zentral Roll an der globaler Weltraumwirtschaft ze spillen. Gläichzäiteg gëtt dës Strategie awer och kritesch begleet, well se staark op Hightech-Secteuren a laangfristeg Perspektive setzt, deenen hire konkreete gesellschaftlechen Notzen net ëmmer direkt siichtbar ass. Dacks ass et schwéier, der Populatioun ze erklären, wat e klengt Land iwwerhaapt am groussen Universum bewierke kann. Zesummegefaasst kann ee soen, dass d’Richtung, déi Lëtzebuerg ageschloen huet, Aarbechtsplaze schaaft. Se bréngt natierlech och Steieren an d’Staatskeess a promouvéiert d’Fuerschung. Doriwwer eraus gëtt vu Säite vun der Regierung dacks betount, dass d’Wirtschaft doduerch manner ofhängeg vun engem eenzege Secteur ass. Gemengt ass hei am Land natierlech virun allem dee vun de Banken.

1985

De Grondstee fir d’Raumfaartentwécklung gouf 1985 mat der Grënnung vun der SES geluecht, engem vun de weltgréisste Bedreiwer vu Kommunikatiounssatellitten. D’SES mat Sëtz zu Betzder huet d’Satellittekommunikatioun op globalem Niveau matgepräägt a garantéiert zanterhier d’Iwwerdroung vu Fernsee-, Internet- a Kommunikatiounssignaler iwwerall op der Welt. Duerch dëse Start gouf Lëtzebuerg fréi als zouverlässegen an innovativen Acteur an der Raumfaart ugesinn. Et kann een op där anerer Säit awer och soen, dass dës staark Konzentratioun op ee grousse Konzern eng Ofhängegkeet kéint schafen. Fir sech e Matsproochrecht ze sécheren, ass de Staat mat bal 20 Prozent vun de Stëmmrechter Referenzaktionär vun der SES. Grouss Entreprisë bréngen awer trotzdeem och aner Aflëss mat sech, nämlech déi vu privaten Investisseuren. 

2000

D’Rechnung schéngt awer opgaangen ze sinn: Ëm d’Joer 2000 war Lëtzebuerg mat der SES duerchaus schonn e globalen Acteur, besonnesch am Beräich vun der Satellittekommunikatioun. D’Land huet net nëmme wirtschaftlech dovunner profitéiert, mee och heichspezialiséiert Kompetenzen opgebaut, déi spéider als Basis fir nei Weltraumstrategië gedéngt hunn. Gläichzäiteg ass awer och d’Fro opkomm, ob dës Kompetenze breet genuch an d’Gesellschaft erafléissen oder net awer éischter engem limitéierte wirtschaftleche Secteur zeguttkommen.

2016

E wichtege Wendepunkt koum am Joer 2016, wéi d’Initiativ „SpaceResources.lu“ lancéiert gouf. Mat dëser Strategie huet Lëtzebuerg als eent vun den éischte Länner op der Welt kloer signaliséiert, dass et an Zukunft eng bedeitend Roll am Beräich vum „Weltraum-Bergbau“ spille wëll – e Vokabular, deen op Lëtzebuergesch schwéier ze iwwersetzen ass. Mir nennen et hei „Weltraum-Biergbau“. D’Iddi hannendrun ass d’Exploratioun an d’Notzung vu Ressourcë wéi Waasser oder Metaller op Asteroiden an aneren Objeten am Universum. Dës Ressourcë kéinten an Zukunft eng wichteg Roll fir laangfristeg Weltraummissiounen oder nei wirtschaftlech Aktivitéiten am All spillen. D’Rentabilitéit vun dëser Exploratioun oder Entdeckung ass natierlech eréischt laangfristeg ze gesinn, dofir ginn et och hei kritesch Stëmmen. Wéi realistesch de Projet ass a wéi séier sech den Invest rentéiert, wäert sech wuel eréischt an enger net ganz noer Zukunft weisen. Mee d’Erwaardunge vun de verschiddene Regierungen, déi dëse Wee ageschloen hunn, sinn héich.

2017

Am Joer 2017 gouf d’Strategie „SpaceResources“ duerch e Weltraumgesetz konkreet ëmgesat. Dëst Gesetz huet e klore legale Kader geschaf a garantéiert zanterhier den Entreprisen d’Rechter un de Ressourcen, déi se am Weltall fannen an erschléisse kënnen. Domat huet Lëtzebuerg international Opmierksamkeet op sech gezunn a sech als attraktive Standuert fir Start-ups an technologesch Innovatioune positionéiert – esou op d’mannst den Tenor vun der deemoleger Regierung. Gläichzäiteg gëtt vun anerer Säit gefaart, dass dëst Gesetz derfir suerge kéint, dass de Weltraum ëmmer méi wirtschaftlech exploitéiert a potenziell privatiséiert kéint ginn. Eng Suerg, déi bis haut net ganz ausgeschloss ka ginn. Och wa Lëtzebuerg sech dogéint wiert, ginn et vill aner international Aflëss, déi zu dësem Sujet eppes ze soen hunn.

Och am Joer 2017 gouf d’Bedeitung vun der Satellittekommunikatioun am Beräich vun der Sécherheet an der Verdeedegung gestäerkt. Lëtzebuerg investéiert zanterhier geziilt a militäresch a strateegesch Kommunikatiounssystemer, ënnert anerem an d’Kooperatioun mat internationale Partner. Dëst Engagement gëtt zwar als wichtege Bäitrag zu der internationaler Sécherheet ugesinn, mee et féiert och zu Diskussiounen iwwert eng méiglech Militariséierung vum Weltraum an iwwert d’Roll, déi e klengt Land an dësem sensibele Beräich iwwerhaapt spille kann.

2020

An de Joren duerno gouf dëse Wee awer konsequent weidergefouert. Mat der Grënnung vum European Space Resources Innovation Centre (ESRIC), a Partnerschaft mat der Europäescher Weltraumagence, ass zu Lëtzebuerg en internationale Kompetenzzentrum entstanen, deen d’Fuerschung, d’Technologieentwécklung an déi industriell Uwendungen am Beräich vun de Weltraumressourcen zesummebréngt. Parallel dozou hunn Evenementer wéi d’„Space Resources Week“ d’Land zu engem wichtege Standuert fir Fuerscher an Entreprisen aus der ganzer Welt gemaach. E weidere Kritikpunkt ass dobäi awer, dass esou Initiativen och eng nohalteg Ëmweltstrategie brauchen, well ëmmer méi Satellitten a Weltraumschrott och de physeschen „Espace“ ronderëm d’Äerd belaaschten.

D’Entwécklung, déi Lëtzebuerg am Weltraumsecteur bis ewell gemaach huet, weist, dass duerch d’Zesummespill vu Staat, Fuerschung a Privatsecteur en dynameschen Ökosystem entstoe konnt, deen awer och ëmmer nees mat Froen no Regulatioun, Transparenz an ëffentlechem Notze konfrontéiert gëtt.

Haut gëllt Lëtzebuerg als ee vun de wichtegsten europäeschen Zentere fir de sougenannten „NewSpace“. Och een, deen dës Entwécklung méiglecherweis kritesch gesäit, muss zouginn, dass Lëtzebuerg antëscht fir eng modern Raumfaart steet, déi op Innovatioun, international Zesummenaarbecht an technologesche Fortschrëtt setzt. Permanent muss ofgewie ginn tëscht wirtschaftlechen Ambitiounen, eethescher Verantwortung, Ëmweltschutz a gesellschaftlechem Interessi. Genee dës Diskussiounen droen awer derzou bäi, dass Lëtzebuerg seng Roll an der Weltraumwirtschaft ëmmer nees nei definéiert … an zäitgläich och hannerfreet.

En Artikel vum Monica Camposeo

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.