Denkmalschutz ass eng Noutwendegkeet fir d’Erhale vun ale Gebaier. Mee wéini a wéisou ass e Gebai, ewéi z. B. en aalt Eefamilljenhaus „erhalenswäert“ a wéini net? A wie bestëmmt dat? Wéini gëtt e Gebai klasséiert oder ënner Denkmalschutz gesat? Wat ginn et fir Contrainten, wann déi eege Véier Wänn klasséiert sinn a wat kann oder däerf een dann nach maachen? Dëst alles muss am Kader vum Erhale vun eisem Lëtzebuerger Patrimoine an esou och eiser Lëtzebuerger Identitéit kloer gereegelt ginn. Mir hu bei der nationaler Agence fir den Denkmalschutz ewéi och bei der ASBL Sauvegarde du patrimoine nogefrot, fir Äntwerten op déi Froen ze fannen.
An eiser postindustrieller Zäit, wou technesch Innovatiounen un der Dagesuerdnung sinn, menge vill Leit, datt nei besser ass ewéi al. Deen neiste Computer ass eminent wichteg fir d’Produktivitéit an engem Betrib, deen neien Auto ass méi klima- an ëmweltschounend ewéi dee vu viru 50 Joer. Mee zielt dëse Gedanken och fir eis Gebaier? Zum Deel stinn se jo scho säit iwwer 200 Joer do, wéisou muss oder soll een déi dann ofrappen an duerch eppes Neies ersetzen? Genee déi Fro gëtt sech och beim Service des sites et monuments nationaux (SSMN) gestallt.
An der haiteger Zäit geet et ëm Effikassitéit a Produktivitéit, do ass de Secteur vum Bau net ausgeschloss. Haiser a Wunnenge schéissen aus dem Buedem, gebaut mat Bëton a mat enger décker Kusch Styropor, fir datt d’Wunneng hermeetesch vun der Bausseloft ofgerigelt ass. Fir iwwerhaapt frësch Loft an de Raum ze kréien, mussen da komplex Lüftungsanlagen integréiert ginn. An dat nenne mer dann ekologeschen an nohaltege Wunnengsbau.
En aalt Bauerenhaus huet do schonn e gewëssene Virdeel. D’Haus klimatiséiert sech selwer, duerch déi déck stenge Mauere bleift et och an engem laangen, dréchenen a waarme Summer kill, ouni mussen op eng Klimaanlag oder iwwerhaapt eng Belëftung zeréckzegräifen. Am Wanter kann een de Kamäin umaachen an esou Heizkäschte spueren. Och dat suergt fir e gesond an angeneemt Raumklima.
D’Oploen, wann en Haus klasséiert ass, sinn e gutt Stéck méi streng ewéi bei engem Neibau. Zum Beispill, wat déi al Bausubstanz ugeet. Déi al Mauere sollen esouwäit ewéi méiglech erhale bleiwen. En Duerchbroch oder méi grouss Fensterausschnëtter sinn allerdéngs méiglech, am beschten informéiert een sech direkt beim SSMN.
Ob een elo muss Angscht virum Denkmalschutz hunn, läit ganz oft éischter un der falscher Virstellung, datt ee keng Verännerunge méi däerft maachen, wat esou net de Fall ass. De Charakter vum Gebai soll erhale bleiwen, wat net onbedéngt heescht, datt all Fënster oder Dier genee op där Plaz muss bleiwen, wou se eemol war!
Ze erwäne wier heibäi nach, datt et zwou verschidde Klasséierunge ginn, eemol um Niveau vun der Gemeng an eemol op nationalem Niveau. Wann d’Gemeng en Objet als erhalenswäert ugesäit, ginn d’Renovéierungsaarbechte ganz oft bis zu 25 % rembourséiert. Wann et op nationalem Niveau klasséiert ass, kann de Remboursement bis zu 50 % ausmaachen. An Ausnamen, wann e Gebai national klasséiert gëtt an esouguer eng Recommandatioun vum SSMN virläit, kann de Remboursement och mol méi héich ewéi déi 50 % ausfalen. Ënner dëse Remboursement fale just Käschten, déi sech op essentiel, fir den Objet wichteg Strukture bezéien, wéi zum Beispill d’Fassad, d’Maueren, d’Réier, den Daach, d’Fënsteren an d’Dieren. D’Elektrotechnik fält hei zum Beispill net drënner.
Ob ee léiwer en neit Haus baut oder en aalt Haus an e schéine Schmocksteen verwandelt, muss jiddweree fir sech selwer entscheeden. Am Fall, wou ee sech fir en aalt Haus entscheet, gëtt een allerdéngs vum Staat finanziell ënnerstëtzt, fir e Stéck Lëtzebuerg ze erhalen.